Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mat enger Petitioun géint de Kollektivcongé (Analys)
International Neiegkeeten

Mat enger Petitioun géint de Kollektivcongé (Analys)

Mat der Petitioun 1628, déi zanter dem 26. Juni zur

Expo 2020 Dubai: 4 jonk Lëtzebuerger fir de gudde Maufel
International Neiegkeeten

Expo 2020 Dubai: 4 jonk Lëtzebuerger fir de gudde Maufel

Am Oktober 2019 huet den EIG (Ekonomesch Interessegrupp) Luxembourg @

dislike
Dës Petitioun wëll de gratis ëffentlechen Transport aféieren a liwwert Iddien, wéi dëst bezuelt ka ginn
International Neiegkeeten

Dës Petitioun wëll de gratis ëffentlechen Transport aféieren a liwwert Iddien, wéi dëst bezuelt ka ginn

Nach bis den 23. Abrëll kann een eng Petitioun ënnerschreiwen,

Däitschland: Schwéiere Fall vu sexuellem Mëssbrauch opgedeckt

No laangen Ermëttlunge vun der däitscher Police sinn an enger landeswäiter Affär vu sexuellem Mëssbrauch eelef Persoune festgeholl ginn

Däitschland: Schwéiere Fall vu sexuellem Mëssbrauch opgedeckt

Et ass dee jéngste landeswäite Mëssbrauch deen d‘Enquêteure vun der Police opgedeckt hunn a gëschter sinn déi Tatverdächteg festgeholl ginn. Fir sechs Männer an eng Fra ass den Dag an Untersuchungshaft op en Enn gaangen. Als Haaptverdächtege gëtt ee 27 järegen IT-Techniker aus Münster (Nordrhein-Westfalen) genannt. D‘Fra ass d‘Mamm vum Haaptverdächtegen.

Den Haaptkommissär Joachim Poll vun der Police huet erkläert, datt d‘Enquêteuren ee sëllegen Datenträger séchergestallt hunn, déi héichprofessionell verschlësselt goufen. Et wier den zoustännege Servicer bis haut net gelongen, all d‘Daten ze entschlësselen. De Kommissär huet d‘Enquête als „opwenneg“ ëmschriwwen, wat ugesiichts der agesater Technik verständlech ass.

Aus dem gemeinsame Communiqué vun der Staatsanwaltschaft an der Police geet ervir, datt d‘Polizisten an engem Keller vun engem Eefamilljenhaus zu Münster, ee vollstänneg ageriichten a klimatiséierte Serverraum fonnt hunn, deen dem 27 järegen zougerechent gëtt. No éischten Erkenntnisser bedréit den Datenëmfang iwwer 500 Terabyte. Honnerte Beweiser goufe geséchert,

Sensibel Daten

Bei deenen an Untersuchungshaft befëndleche Verdächtegen, handelt et sech nieft dem IT-Techniker a senger Mamm, ëm Männer aus Staufenberg (30), Hannover (35), Schorfheide (42), Kassel (43) a Köln (41). Dräi Kanner am Alter vu 5, 10 an 12 Joer konnten d‘Ermëttler identifizéieren, esou de Joachim Poll. Op enger „geläschter“ Festplack déi ënnert engem falsche Plaffong verstoppt war, sinn Date fonnt ginn, déi de sexuelle Mëssbrauch ausféierlech dokumentéieren.

Mëssbrauch

De Serverraum dee vun den Enquêteure fonnt ginn ass, huet nach net all seng Geheimnisser fräi ginn. Iwwer honnert Asservater waarden nach drop „duerchliicht“ ze ginn. © Polizei Münster

Unhand dësen „Daten“ ass ersiichtlech, datt véier Männer ofwiesselend ee 5 a een 10 järege Bouf an engem Gaardenhaische schwéier sexuell mëssbraucht hunn. Beim jéngsten handelt et sech ëm de Fils vum Beschëllegten aus Staufenberg. Beim 10 järege Jong handelt et sech ëm d‘Kand vun der Liewensgefäertin vum IT-Techniker. De Mëssbrauch soll am Zäitraum tëscht November 2019 a Mee 2019 stattfonnt hunn.

Ugesiichts den agesate Mëttel an der grousser „Virsiicht“ – d‘Gaardenhaische war duerch Kamerae geséchert – mat deenen d‘Täter virgaange sinn, schwätzt d‘Police hei vun enger „konspirativer“ Operatioun. De Kommissär huet nach drop higewisen, datt den Haaptverdächtegen op pedophille Foren am Darknet no Kontakter gesicht an déi och fonnt huet. Hei wier den 10 järegen zum „Gebrauch“ ugebuede gi sinn.

Grausam ass en Understatement

Och op den Dateninhalt ass den Haaptkommissär Joachim Poll agaangen. „D‘Enquêteuren hu sech Onfaassbares missen ukucken. An engem Film si sexuell Handlunge vun der gräisslechster Aart ze gesinn. D‘Männer hu wiesselsäiteg un de Bouwe vergaangen“, esou de Kommissär. Kierperlech Blessuren hätten d‘Kanner keng erlidden, esou de Bericht vun de Rechtsmedeziner. D‘Kanner wiere virum Mëssbrauch „betäubt“ ginn.

Weider Informatiounen zu de Kanner gëtt et keng, bis op de Fait, datt si elo vun den zoustännege Jugendämter betreit ginn. Den Haaptbeschëllegte war schonn de 14. Mee verhaft ginn an ass der Police net onbekannt. Hien ass dann och schonn zweemol verurteelt ginn, well hien anere gehollef huet Zougang zur Kannerpornografie am Internet ze kréien.

De Beschëllegte krut dofir ëmmer ee Sursis, verbonne mat der Obligatioun sech enger Therapie, wéinst senge pedophille Näipungen, ze ënnerzéien. En Therapie déi de 27 järegen och agehale soll hunn. No dëser Affär wäert et mat engem Sursis an enger Therapie net méi gedoe sinn. Experte ginn dovunner aus, datt hei méiglecherweis d‘Prisongsstrof mat enger Sécherheetsverwahrung fir déi Tatverdächtegt wäert erauskommen.

D‘Bundesland Nordrhein-Westfalen war 2019 schonn emol wéinst enger schrecklecher Affär vu sexuellem Mëssbrauch an de Medie genannt ginn. Op engem Camping zu Lügde (Landkrees Lippe) hate Männer Kanner honnertfach sexuell mëssbraucht. An dësem Fall hat et Ermëttlungen a ganz Däitschland ginn. D‘Enquête déi am Oktober 2019 ugelaf ass huet sech op den Austausch vun dëse „Biller/Filmer“ konzentréiert a betrëfft all d‘Bundeslänner.

mat indymedia/cgn

Foto: An dësem Gaardenhaischen, esouvill ass erwisen, sinn d‘Bouwen am Alter vu 5 an 10 Joer op schrecklech Aart a Weis mëssbraucht ginn. © Polizei Münster

Ähnlech Sujeten Däitschland, Münster, Nordrhein-Westfalen, Pedophilie, Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel