Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kanns du dës Wierder richteg schreiwen?
hook up webster i'm dating his brother

yahoo dating site format

Wéi all Woch hu mer och haut erëm e puer

zingle dating
hook up webster i'm dating his brother

Eng Regierung mat 50 % Fraen an ee staarke Gläichstellungsministère

Den CID – Fraen an Gender ass schockéiert iwwert déi

mobiliteit.lu – Ee moderne Service mat héije Verspriechungen
hook up webster i'm dating his brother

mobiliteit.lu – Ee moderne Service mat héije Verspriechungen

Zesumme mam Verkéiersverbond huet den Transportministère gëschter op déi offiziell

Däitschland wëll de System vun der Organspend reforméieren

Däitschland wëll de System vun der Organspend reforméieren

Et gëtt net genuch Organspenden a déi nächst Woch soll de Bundestag iwwert eng Ännerung vum Transplantatiounsgesetz ofstëmmen. Et brauch méi „Spenden“, mee d‘Aart a Weis wéi een d‘Leit „iwwerzeege“ wëll bleift ëmstridden.

Eis däitsch Noperen hunn een zolitte Problem: d‘Zuelen déi de Mangel u Spenderorganer beleeë sinn zanter laangem bekannt an 2019 waren se géintiwwer 2018 op en Neits réckleefeg. 2.788 Organer hunn däitsch Spidäler un den europäesch organiséierte Verdeelersystem Eurotransplant gemellt. Dräimol esouvill Leit waarden an Däitschland op ee liewenswichtegt Organ, an all Joer stierwe bis 1.000 Mënschen, well hinnen eng Transplantatioun verwiert bleift…

Fir den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn muss jidderengem ersiichtlech sinn, datt d‘Politik en neien Ulaf muss huelen, fir d‘Zuel vun den Organspenden ze erhéijen. Hien ass sech allerdéngs och bewosst, datt et eppes Courage wäert brauche wann et zu Fortschrëtter komme soll. Mat engem Bréif un déi Deputéiert, huet de Gesondheetsminister nach emol seng Propose vun der sougenannter „Widdersprochsléisung“ verdäitlecht an ëm Zousproch gebueden. Wourëms gëtt et dobäi?

Wann et dem Jens Spahn nogeet, da sollen all d‘Bierger am Land – an ab dem 16. Liewensjoer – virun d‘Wiel gestallt ginn, am Fall vun de Fäll, Organspender ze sinn. Wien dës „Fro“ net géif beäntwerten, also net formell widdersprécht, am Doudesfall automatesch zum Organspender ginn. Eng Method déi a villen europäesche Länner längst Praxis ass, wat sech och entspriechend positiv op d‘Zuel vun den Organspenden auswierkt. Dat wëll de Jens Spahn och an Däitschland aféieren.

Laut senger Propose, soll all Bierger iwwer 16 Joer zukünfteg dräimol ugeschriwwe ginn. Wie sech deem verweigert an net widdersprécht, wär dann automatesch Organspender. Et mécht och Sënn, d‘Leit unzeschreiwen, esou de Gesondheetsminister, well iwwert dëse Wee de Sujet de Leit eppes méi bewosst gemaach gëtt. Vill Deputéiert aus bal alle Fraktioune begréissen dëse Virschlag, esou wéi den SPD-Politiker Karl Lauterbach, deen et begréisst de Leit eng Entscheedung ofzeverlaangen.

Eigentlech selbstverständlech…

De Sozialist an Expert am Gesondheetswiesen: „D‘Majoritéit vun de Mënschen (85%) erwaarden, datt si en Organ kréie wann si dëst brauchen. An dat wat ee selwer erwaart, sollt engem dann och d‘Bereetschaft ofverlaangen et fir anerer ze maachen“. All déi aner „Weeër“ déi ee versicht hätt ze goen, wiere gescheitert an d‘Widdersprochsléisung ass deen eenzeg erfollegverspriechende Wee deen nach bleift. Mee et gëtt fir déi prekoniséiert Léisung net nëmmen Zousproch.

Eng Grupp vun Deputéierte stellt sech mat engem däitlechen „Nee“ dem Gesondheetsminister an de Wee. Ugefouert vum Annalena Baerbock (die Grünen) an dem Katja Kipping (die Linke) entsteet „Widderstand“. Och déi fréier Gesondheetsminister, den Hermann Gröhe (CDU) an d‘Ulla Schmidt (SPD) fannen datt dës Propose ze wäit geet. De Chef vun de Liberalen (FDP), Christian Lindner, schléisst sech deem un. D‘Argument: „wien näischt seet, huet och net zougestëmmt!.

D‘Katja Kipping vertrëtt d‘Usiicht, datt een de Bierger d‘Entscheedung net ofzwénge kann. Si géif et virzéien, wann een dat „edukativ“ ugeet an d‘Bierger ëmmer nees mat der Fro konfrontéiert. Dat géif an der Praxis esou ausgesinn: ëmmer wann een en administrative Virgank erleedege muss (eng Demande vir de Führerschäin oder d‘Carte d‘Identité z.Bsp) soll ee gefrot ginn, op een net wëll Organspender ginn. Dat natierlech a Verbindung mat méi Opklärung an Informatioun.

„Ons Propose erhält d‘Recht vun der kierperlecher Integritéit“, esou d‘Annalena Baerbock. De Christian Lindner ënnersträicht: „Jiddereen automatesch zum Organspender ze maachen, ass en Agrëff an d‘Recht op Selbstbestëmmung. Dës Entscheedung muss vun all Mënsch selwer a fräi getraff ginn. Valabel Argumenter u sech, déi der Saach awer net wierklech weiderhëllefen. Wéi nächsten Donneschdeg entscheet gëtt – et gëtt kee Fraktiounszwang – ass deemno net ofzegesinn.

Iwwerliewen duerch Organ-Importer?

Et ass eng Ofstëmmung bei där jidderee säi Vott mat sengem Gewësse muss vereenbare kënnen an esou dierft et och nëmmen eng knapp Majoritéit fir eng vun de Proposen, déi elo virleien, ginn. An dann ass jo do och nach d‘Alternativ fir Däitschland (AfD). Déi eppes riets belaaschte Populisten hunn en eegenen Antrag – dee si Vertrauensléisung nennt – an eigentlech suggeréiert, datt een Eurotransplant net kann iwwert de Wee trauen. Si verlaangen Transparenz an Opklärung.

Dobäi sollt een déi esou oft sollicitéiert Solidaritéit a villen anere Beräicher net vergiessen, déi oft vun Däitschland an de politesche Raum gestallt gëtt. Eis Nopere kréien nämlech wiesentlech méi Organer vun Eurotransplant iwwert den Austauschmechanissem, wéi si der ubidden. Anescht ausgedréckt: Däitschland kritt seng Organspenden aus Länner déi d‘Widdersprochsléisung längst uwennen, an esou kann de System jo net funktionéieren, wann d‘Gläichbehandlung e Kritär ass.

Lëtzebuerg – dat a Punkto Organspend och hannert den Erwaardungen zréckläit – huet dës Widdersprochsléisung ëmgesat. Et ass dee sougenannte „Pass fir d‘Liewen“ deen de Sujet aktualiséiert huet, well dat enstpriechend Gesetz ass zanter 1982 a Kraaft. Dat léisst sech leider net ëmmer ëmsetzen, firwat Luxembourg Transplant Asbl Aktiounen a Sensibiliséierungscampagne maache muss, fir och bei eis, d‘Leit op d‘Noutwennegkeet vun der Organspend hinzweisen.

mat indymedia/ber

Foto: Envato

Ähnlech Sujeten Bundestag, Jens Spahn, Organspend, Reform, Transplantatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel