Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?
International Neiegkeeten

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?

D’Sauer gehéiert zu eisen Haaptwaasserleef. Mee wéi gutt kenns du

Amnesty International: Zuel vun den Hiriichtungen ass réckleefeg
International Neiegkeeten

Amnesty International: Zuel vun den Hiriichtungen ass réckleefeg

Déi leschte Kéier wou esou „wéineg“ Mënschen higeriicht gi sinn,

Stad Lëtzebuerg: Froen a Motiounen zur Schoulorganisatioun
International Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Froen a Motiounen zur Schoulorganisatioun

Nodeems leschte Mëttwoch, d‘Schoulschäffin Colette Maart (DP) säi Rapport zu

Däitschland: Schüler op der Demo statt an der Schoul

Schüler a Studenten „streiken“ fir de Klimaschutz

Däitschland: Schüler op der Demo statt an der Schoul

No de Studenteprotester zu Bréissel „Youth 4 Climate“ wou um Donneschdeg iwwer 12.000 Studenten op d‘Strooss gaange sinn, fir hir Regierung derzou ze beweegen eppes fir de Klimaschutz ze ënnerhuelen, hu sech an iwwer 50 däitsche Stied d‘Schüler an d‘Studente mobiliséiert. An der Schwäiz waren et ronn 22.000 Jonker, déi esou d‘Schoul „geschwänzt“ hunn.

Schüler

Vun den Organisateure gouf matgedeelt, datt eng 30.000 jonk Leit d‘Strooss géint de Klassesall getosch, an ënnert dem Motto #FridaysForFuture fir méi Klimaschutz demonstréiert hunn. Zu Freiburg waren si laut de Police zu hirer 3.500. An Niedersachsen an zu Bremen, huet d‘Police der nach emol 3.500 gezielt, dovunner eleng zu Hannover 2.300. Mee och zu Jena (130 Jonker um Holzmarkt) a München (750 op der Geschwister-Scholl Plaz) huet d‘Aktioun vill Unhänger fonnt.

Schüler

Si ware mat hiren Transparenten a Plakater komm. Hei war ënnert anerem ze liesen: „Firwat léieren ouni Zukunft?“ oder „Bopa wat ass e Schnéimännchen?“ mee och „D‘Klima ass méi aussiichtslos wéi eist Mathe-Abi!“. Mobiliséiert goufen d‘Schüler an d‘Studente virun allem iwwer Facebook, mee och a WhatsApp-Gruppen. Et geet dëse jonke Mënschen ëm hir Zukunft a si fuerdere vun hirer Regierung net manner wéi d‘Anhale vum Paräisser Ofkommes an Ausstig aus der Kuelenenergie.

Si sollen eis gesinn!

Datt d‘Schüler an d‘Studente ganz bewosst den Unterrecht ausfale loossen, ass e Signal an en däitleche Message un d‘Politik. Laut den Organisateuren, soll de „Schoulstreik“ drop opmierksam maachen, datt et déi Generatioun vu jonke Mënschen ass, déi d‘Feeler vun hiren Elteren ze veräntwerten hunn. Si wieren et, déi d‘Folge vum Klimawandel ze droen hätten, a froen sech wéi d‘Greta Thunberg: „Firwat soll ee fir eng Zukunft léieren, déi et méiglecherweis guer net gëtt?“.

Déi 15 Joer jonk Klimaaktivistin Greta Thunberg, hat mat hirem wochelaange Streik international Opmierksamkeet op sech gezunn, a war zur UN-Klimakonferenz vu Katowice (COP24) ageluede ginn. Si hat „der Welt d‘Lewitte gelies“. Hire Saz: „A firwat soll ee Fakten auswenneg léieren, wann déi wichtegst Fakte vun der Gesellschaft net eescht geholl ginn?“ huet déi eeler net erreecht, dofir awer bei der eegener Generatioun den Nol op de Kapp getraff. Si maachen et him elo no!

Schüler

Iwwerfuerdert Politik

Wéi ëmmer wa „Kanner“ méi erwuesse sinn, wéi déi Leit wou sech fir hir Virbiller halen, kuckt d‘Politik „domm aus der Wäsch“. Si huet – wéi beim Klimawandel – kee Plang, keng Ahnung an versicht Versteesdemech mat gläichzäiteger Kritik ze verbannen. Esou de Kultusministère vu Niedersachsen: „Mir ënnerstëtze Grondsätzlech d‘Engagement vun de Schüler fir de Klimaschutz, mee d‘Aart a Weis vum Protest kënne mir net guttheeschen“. Dat gëtt och Argumentéiert…

Schüler

De Jakob Blasel: „Léif Bundesregierung, ech streike bis datt dir endlech handelt. Mir vun #FridaysForFuture waren zu iwwer 25.000 a méi wéi 50 Stied. Mir wëllen eng Zukunft a kucken net länger no, wéi d‘Politik se verspillt!“. (courtesy @BlaBlaJakob – via Twitter)

„Wann een unerkenne kann, datt si sech fir e schützenswäert Uleies asetzen, esou leien hei keng Viraussetzunge vir, déi e Congé vum Unterrecht géife Rechtfäerdegen. Et kéint een zwar dem Grondrecht op Meenungsfräiheet d‘Prioritéit virum staatleche Bildungsoptrag araumen, mee dat kann nëmmen ënnert der Konditioun stattfannen, datt et d‘Schouldirektioun ausdrécklech erlaabt“, esou de Kultusminister Grant Hendrik Tonne, an trëtt de Beweis un, datt si näischt verstanen hunn.

Schüler

Foto: Iwwer 1.600 Schüler waren zu Mainz mat enger däitlecher Fuerderung op d‘Strooss gaangen, an hu schonn emol ugekënnegt, esoulaang ze streiken, bis gehandelt gëtt. © F4F_Mainz (via Twitter)

Ähnlech Sujeten #FridaysForFuture, #youth4climate, Däitschland, Klimawandel, Schüler, Studenten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel