Search

You may also like

money
Beschloss fir EU-Coronavirus-Finanzhëllef blockéiert
International Neiegkeeten

Beschloss fir EU-Coronavirus-Finanzhëllef blockéiert

Spéitstens zanter dem Summer ass gewosst, datt déi Europäesch Unioun

D‘Vëlospisten am Quattropole-Netzwierk
International Neiegkeeten

D‘Vëlospisten am Quattropole-Netzwierk

De Verbond vun de Stied: Lëtzebuerg, Metz, Saarbrécken an Tréier,

Wat leeft dann hei? De Baachequiz!
International Neiegkeeten

Wat leeft dann hei? De Baachequiz!

[onionbuzz quiz-id=163][/onionbuzz] No eisem Flossquiz hu mer eis decidéiert, datt

Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen

Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen

Eng ganz Rei Mëttelmierlänner hunn an de leschte Woche private Rettungsschëffer opgehalen, oder loossen se net méi an hir Häfen eran. Dogéint hunn uechter ganz Däitschland dausende Mënschen demonstréiert.

De gréisste Protestmarsch fir d‘Séinoutrettung am Mëttelmier huet et zu Berlin ginn. Hei huet den Organisateur „Seebrücke“ ronn 12.000 Leit gezielt, d‘Police der erhieflech Manner. Den Timo Fischer vun der Organisatioun, huet déi grouss Participatioun begréisst, och wann hie vun der Unzuel iwwerrascht war: „Mir hate 700 Participanten ugemellt, esouvill hate mir eis net erwaart“.

Grond fir de Protest: Eng ganz Rei Mëttelmierlänner, dorënner Italien, Malta a Spuenien, haten an der lescht Rettungsschëffer entweder ofgewisen oder eréischt no laangem Gedeessems an d‘Häfen eragelooss. Italien wëll dann och, mindestens iwwert de Summer ewech, seng Häfen net méi fir d‘Schëffer vun den ONGen opmaachen, déi si beschëllegt d‘Spill vun de Passeuren ze maachen.

Beim Marsch vum Alexanderplaz bis zum Brandenburger Tor hate vill Demonstranten orange faarweg Kleedung un. Si haten dat als Zeeche vun der Solidaritéit mat de Schëffsmannschafte gemaach an op hiren Transparenter war ze liesen: „Stell der vir an de Booter géif deng Famill sëtzen“ oder „Seebrücke statt Seehofer“, mee och „Stoppt d‘Stierwen am Mëttelmier“.

Wie keen Transparent derbäi hat, war mat enger Rettungswest komm an huet déi héich gehalen, nach anerer haten sech aus „gëllene Rettungsdecken“ Schëffs-Pavillone gebastelt. Den Timo Fischer vum Bündnis „Seebrücke“: Et entsteet den Androck, datt d‘EU mat aller Gewalt wëll d‘Séinoutrettung ofschafen. Da kann een net zouloossen, dogéint gi mir op d‘Strooss“.

Däitschland

Wien net mat engem Transparent komm war, an och näischt „Oranges“ unzedoen hat, huet eng Rettungswest an d‘Luucht gehalen. Mat der Demo soll en Zeeche gesat ginn, an d‘Politik drun erënnert ginn, datt et Mënsche sinn déi am Mëttelmier erdrénken, an d‘Schëffer nëmmen eng humanitär Aufgab iwwerhuelen. © Tobias Schwarz/AFP

Zäitgläich an aacht Stied

D‘Leit waren dann awer net nëmmen zu Berlin mobiliséiert ginn. An aacht däitsche Metropolen, wourënner Frankfurt, Bremen a Leipzig, war dem Opruff vum Bündnis gefollegt ginn. E Bündnis, datt als Reaktioun op den „Ëmgang“ mam Rettungsschëff „Lifeline“ zustane komm ass. Dat war Deeg laang um Mier blockéiert ginn, iert déi 234 Migranten zu Malta u Land konnte goen.

Och zu Malta war demonstréiert ginn. Hei hunn d‘Manifestanten an d‘Aktivisten d‘Regierung opgeruff, Rettungsschëffer vun ONGen net um Auslafen ze behënneren. Humanitär Aktioune wiere kee Verbriechen, Mënschen aus Séinout ze Rettung eng Verflichtung. Säit Joresufank sinn dann och am Mëttelmier esouvill Leit erdronk wéi laang net méi. D‘UN geet vu mindestens 1.400 Affer aus.

A während sech an Däitschland d‘Leit fir d‘Séinoutrettung agesat hunn, warnt den Direkter vun der europäescher Grenzschutzagentur „Frontex“, Fabrice Leggeri, virum entstoe vun engem neie Wee Richtung EU. Dee géif vu Marokko iwwert dat westlecht Mëttelmier no Spuenien féieren. „Wann dir mech frot wat grad meng gréisste Suerg ass? Spuenien!“, esou de Frontex-Direkter.

Laut Frontex, hätt een eleng am Juni, ronn 6.000 Grenziwwerschreidunge vun Afrika no Spuenien, gezielt. D‘Hallschent vu de Migrante wiere Marokkaner, déi aner stamen aus Westafrika, esou de Fabrice Leggeri. „Wann d‘Zuele vun do esou klamme wéi et ze befierchten ass, datt entwéckelt sech dëse Wee zur neier Haaptstreck fir d‘Migranten“, ënnersträicht de Fabrice Leggeri.

mat Indymedia Berlin an AFP

Foto: Eng Demonstrantin mat engem Pabeierhutt a Form vun engem Schëff, huet sech bei der Maniff zu Berlin, déi vum internationale Bündnis „Seebrücke“ organiséiert ginn ass, fir d‘ONGen agesat, déi mat hire Schëffer am Mëttelmier, Migranten aus der Séinout retten. Hinne gëtt elo vu de Mëttelmierlänner den Zougank zu den Häfe verbueden. © Tobias Schwarz/AFP

Related topics Däitschland, Frontex, Lifeline, Migratioun, Séinout
Next post Previous post