Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Virun allem d’LSAP verléiert bei eiser Ëmfro u Stëmmen
International Neiegkeeten

Virun allem d’LSAP verléiert bei eiser Ëmfro u Stëmmen

Iert mer zu de Resultater vun eiser klenger Ëmfro kommen,

Den Aarbechtslosentaux an der EU bleift am Mäerz stabil
International Neiegkeeten

Den Aarbechtslosentaux an der EU bleift am Mäerz stabil

D’Noriichte wat d’Aarbechtslosegkeet an der EU ugeet bleiwe weider relativ

Pipo Peng: Dee Séiersten op der Welt
International Neiegkeeten

Pipo Peng: Dee Séiersten op der Welt

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Däitschland: SPD virum Ofgrond

D‘Sozialdemokrate mam Versuch sech op hir Wuerzelen ze beruffen

Däitschland: SPD virum Ofgrond

Si hunn et schwéier d‘Sozialdemokraten an Däitschland, an d‘Sondagen si schlecht, ganz schlecht. Vun enger houfreger Vollekspartei zur „politescher Sensibilitéit“ verkomm, versicht d‘SPD sech un engem neie Sozialstaatskonzept. D‘Andrea Nahles wëll fir unzefänken Hartz IV ofschafen…

An engem Zeitungsinterview huet d‘Parteipresidentin éischt Detailer vum SPD-Sozialstaatskonzept verroden. Si wëll hir eegen Agenda hannerfroen, déi zanter elo 15 Joer och intern den Dissens ëmmer nees bei der Partei-Basis gestäerkt huet. Als éischt soll „Hartz IV“ ofgeschaaft ginn. Eng Ausso déi beim „jonken Dissident“, dem JUSO-President Kevin Kühnert, gutt ukomm ass.

Verständlech, ëmmerhi war hien et, deen zesumme mat stellvertriedender Parteipresidentin Manuela Schwesig an dem Aarbechtsminister Hubertus Heil, d‘Konzept verfaasst huet. Domatter wier emol e vun de groussen Themen aus der Agenda 2020, vum fréiere Kanzler Gerhard Schröder (haut am Virstand vu Gazprom) a Fro gestallt ginn, och wann een um Prinzip „Fuerderen/Fërderen“ festhält.

Géif d‘SPD hiert Konzept duerchgesat kréien, da sollte Chômeuren iwwer 58 Joer hir Indemnitéit (ALG-I) Zukünfteg 33 Méint, statt aktuell 24 Méint, kréien. Och méi „jonker“ solle méi laang den ALG-I erhalen, de Fall gesat si virdru mindestens 20 Joer laang kotiséiert. D‘Konzept gesäit och vir, e Recht op Weiderbildung gesetzlech festzeleeën. An hei gëtt et nach en interessanten Detail.

Wien seng Aarbecht verléiert, an no dräi Méint nach keng nei Schaf fonnt huet, soll Usproch op déi sougenannten Indemnitéit „Q“ erhalen. Dat awer nëmme fir de Fall, datt sech de Chômeur un enger geziilter Formatioun bedeelegt. (De Montant vun der Indemnitéit entsprécht dann der Indemnitéit wéi bei ALG-I). Domatter ass der Willkür de Reedel nach net virgeluecht ginn, mee et ass en Ufank.

Dat onméiglecht verspriechen

Mee d‘SPD wëll sech net nëmme vun „eegene Feeler“ trennen, si wëll sech nees als „Sozial“ Partei positionéieren. Et wëll een den „Aarbechter“erreechen, sech nees fir dësem seng Rechter staark maachen. Dat beispillsweis mat der Erhéijung vum Mindestloun op 12 Euro/Stonn, well een esou verhënnert datt Leit déi eng Aarbecht hunn, awer um Sozialbüro ëm Ënnerstëtzung heesche mussen.

Wéi d‘SPD et wëll ugoen den Niddreglounsecteur an de Grëff ze kréien, wäert een eréischt gewuer gi wann d‘Konzept schrëftlech virläit. Och wéi sech d‘Aféierung vun enger Grondsécherung fir Kanner, dat sougenannte „Biergergeld“ realiséiere loosse soll, oder d‘Recht op Aarbecht ëmgesat soll ginn, ass net ersiichtlech. De Koalitiounspartner jiddefalls, wäert do net matmaachen…

Et geet bei der Erneierung vun der SPD, déi d‘Andrea Nahles verkënnt, an d‘Exekutive versprach huet, also an éischter Linn dorëms, sech nees op seng Wuerzelen ze beruffen. De Wonsch nees beim „Salariat“ ze Punkten an dësem eng politesch Famill unzebidden, ass verständlech. Leider feelt et der SPD u Kredibilitéit. Si ware schliisslech maassgeeblech um Sozialofbau bedeelegt.

Fir d‘SPD, vun där den Ament net ze erwaarden ass, datt si wéi Phoenix aus den Äschen opersteet, gëtt et net vill Optiounen. Eng dovunner – an eigentlech déi beschten – wier et der grousser Koalitioun (GroKo) de Réck zouzewennen. Datt ass zugläich déi geféierlechst, well an der politescher Landschaft, ka sech d‘SPD mat 15% op Bundesniveau grad nach op der 4. Plaz halen.

mat indymedia/ber

Foto: © dpa

Ähnlech Sujeten Andrea Nahles, Däitschland, Kevin Kühnert, Sozialdemokraten, Sozialstaatskonzept, SPD
Nächsten Artikel Virrechten Artikel