Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann de Staat sech (bal) onbemierkt aus der Verantwortung zitt
International Neiegkeeten

Wann de Staat sech (bal) onbemierkt aus der Verantwortung zitt

Déi „privatiséiert“ POST Lëtzebuerg gehéiert wuel nach der Regierung an

Cargolux: Santiago de Chile kënnt an d’Netzwierk dobäi!
International Neiegkeeten

Cargolux: Santiago de Chile kënnt an d’Netzwierk dobäi!

Um vergaangene Freideg huet Cargolux Airlines, bei senger Route iwwer Süd-Amerika, nees

What the Fakt – Hyper Hyper, H. P. Baxxter
International Neiegkeeten

What the Fakt – Hyper Hyper, H. P. Baxxter

Bal wier den Hans Peter Geerdens, besser bekannt als Scooter

Big Business: Däitschland steigert Waffenexport

Wa mam Fridde kee Geld méi ze verdéngen ass, exportéiert een den Doud…

Big Business: Däitschland steigert Waffenexport

Eis däitsch Noperen hunn an den éischte 6 Méint vun dësem Joer scho méi Waffen a Krichsgeschir verkaf an ausgefouert, wéi am ganze Joer 2018, an dat war scho kee „schlecht Joer“, fir all déi Entreprisen, déi um Fridde kee Geld verdéngen. Exportéiert gëtt och a Krichsgebidder, wat jo och Sënn mécht…

Laut den eegene vun der Bundesregierung verëffentlechten Zuelen, ass am éischte Semester 2019, Krichsgeschir am Wäert vu 5,3 Milliarde fir den Export zougelooss ginn. Dat ass zweemol esouvill (+107%) wéi am gläichen Zäitraum 2018. Dës Zuelen hu se zu Berlin, no enger parlamentarescher Fro vum Deputéierten Omid Nouripour, misse virleeën. An dës Zuele verheeschen näischt Gutts.

Säit 2015 war den Export u Waffen, Munitioun an anerem friddensstëftendem Gerät réckleefeg. Am Joer 2018 huet de Waffenhandel dann awer nach 4,8 Milliarden Euro ausgemaach. Net alles geet u Schurkenstaaten an/oder Krichsgebidder, villes bleift an der EU. Interessant hei: et sinn d‘Ungarn, also d‘Regierung vum rietsradikalen Euroskeptiker Viktor Orban, déi als bescht Cliente gëllen.

Ungarn, e Land dat sech an der Unioun virun allem doduerch auszeechent, datt et sech un den Avantage gesond stéisst an un der Solidaritéit reift, gehéiert mat enger „Bestellung“ am Wäert vun 1,76 Milliarden zu de gréisste Clienten. Wéi passt déi „friddlech orientéiert Politik“ vu Berlin zum Waffenhandel mat enger offensichtlech rietsnationaler Regierung? Déi Fro bleift onbeäntwert…

Indirekt um Konflikt am Jemen bedeelegt

Wann een der Bundesregierung nach kéint zerguttst halen, datt ee bannent der Unioun keng Waffen u Länner verkeeft déi Krich féieren, esou verhält et sech bei de weideren ernimmte „Clienten“ eppes differenzéiert. Op zweeter Plaz fënnt sech Egypten erëm, e Land dat zur vu Saudiarabien gefouerten Allianz am Jemen-Konflikt gehéiert. Och déi Vereenegt Emirater gehéieren zu de Keefer (Plaz 6).

Zitt ee sech dann awer de Koalitiounsvertrag vun der grousser Koalitioun (GroKo) op d‘Long, muss ee feststellen, datt ee sech drop verstännegt hat, den Export vu Waffen an anerem Krichsgeschir un déi um Krich am Jemen bedeelegt Länner „staark anzeschränken“. D‘Äntwert op d‘Fro vum grénge Politiker beweist, datt d‘Bundesregierung eng besonnesch Definitioun fir „Aschränken“ huet.

Dofir gëllt den Exportstopp fir Saudiarabien nach bis Enn September, woubäi déi en aneren, net manner zouverlässege Fournisseur hunn. Et ass zudeem, wa sech Europa vun den USA weiderhi méi onofhängeg vum US-Militärkomplex wëll maachen, wichteg eegen nei Waffesystemer ze entwéckelen (Bsp. FCAS – Future Combat Air System), wat awer zu weider Geschäfter féiert.

FCAS ass e gemeinschaftleche Projet vun Däitschland a Frankräich. An och wa béid Länner ganz ënnerschiddlech Opfaassungen am Kontext vum Rëschtungsexport hunn, dëst Waffesystem soll jo och kommerzialiséiert ginn. Paräis huet dann och e Problem mam däitschen Exportkontrollsystem, dee si als onberechenbar astufen. Lackert Berlin seng Bestëmmunge fir Paräis entgéint ze kommen?

mat indymedia/ber

Ähnlech Sujeten Bundesregierung, Däitschland, Fridden, Krichsgidder, Waffenexport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel