Search

You may also like

Google a Regierung maachen den Uz mat der Zivilgesellschaft
International Neiegkeeten

Google a Regierung maachen den Uz mat der Zivilgesellschaft

Si ass rosen d‘Presidentin vum Mouvement Ecologique (Meco) an dës

Schéisserei zu Las Vegas: 58 Doudeger
International Neiegkeeten

Schéisserei zu Las Vegas: 58 Doudeger

Um Sonndegowend huet zu Las Vegas e Mann d‘op d‘Besicher

Accident op der A1: 4 schwéier Blesséierter
International Neiegkeeten

Accident op der A1: 4 schwéier Blesséierter

Wéi d’Police matdeelt ass et gëschter Owend géint 23:30 Auer

Däitschland sträicht Lëtzebuerg vun der Lëscht mat Risikogebidder

Däitschland sträicht Lëtzebuerg vun der Lëscht mat Risikogebidder

De Baussen-an Europaminister Jean Asselborn weist sech erliichtert iwwert déi haiteg Decisioun vun der däitscher Bundesregierung. Lëtzebuerg gouf nämlech vun der Lëscht vun de Covid-19-Risikogebidder erof geholl.

An dësem Kader huet hien drun erënnert, datt d’Moossnamen zu massiven Auswierkungen an der Grenzregioun gefouert hunn. Et goufe vill Problemer op béide Säite vun der Grenz an dat ënnerhalb vu wéinege Méint.

D’Bekämpfung vun der Pandemie ka just am europäeschen Zesummespill funktionéieren. De Jean Asselborn fuerdert dofir an Zukunft méi bilateral Ofstëmmungen.

„Et kann net sinn, datt ee Land, dat konsequent d’Recommandatioune vum ECDC ëmsetzt, sou wéi Lëtzebuerg et gemaach huet, sech zum Schluss mat aschränkende Moossname konfrontéiert gesäit. […] Mir brauchen een méi däitlechen europäeschen Usaz fir dës Kris schnellstméiglech zesummen ze iwwerwannen an déi negativ Konsequenzen a Grenzen ze halen“, sou de Minister Asselborn.

Foto: European Union

Related topics Auswierkunge, Covid-19, Däitsch Bundesregierung, Grenzregioun, Grnezregioun, Konsequenzen, Large Scale Testing, Lëtzebuerg, Moossnamen, Pandemie, Risikogebitt
Next post Previous post