Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem Kevin Spacey säin Oflenkungsmanöver ass zum Gléck net opgaangen
International Neiegkeeten

Dem Kevin Spacey säin Oflenkungsmanöver ass zum Gléck net opgaangen

Wann een aus #Metoo eppes léiere kann, da wuel, datt

Ab muer gëtt et nees eppes méi geselleg
International Neiegkeeten

Ab muer gëtt et nees eppes méi geselleg

D‘Regierung huet gëschter dem Drock vum HORESCA-Secteur noginn an scho

dislike
USA: Monsanto gewënnt eng Schluecht ëm e kontroverséierten Herbizid
International Neiegkeeten

USA: Monsanto gewënnt eng Schluecht ëm e kontroverséierten Herbizid

Fir Monsanto war en Dënschdeg scho Chrëschtdag. De Ris vun

Däitschland: Eng Veruerdnung soll méi Tester erméiglechen

Och zu Lëtzebuerg, wäert et mat de Covid19-Gesetzer eppes manner Selbstbestëmmung ginn

Däitschland: Eng Veruerdnung soll méi Tester erméiglechen

Dat mat der Fräiwëllegkeet ass net esou einfach. Dat kennt een vun der Industrie a Wirtschaft, där een och ëmmer nees zoutraut sech „selwer ze kontrolléieren“. Dat klappt net. An Däitschland trëfft dat och op d‘Bierger zou, firwat elo eng Veruerdnung soll hëllefen, datt méi Leit kënnen op de Coronavirus Covis19 getest ginn. Déi gesetzlech Krankekeese sollen d‘Käschten iwwerhuelen.

Mat der Veruerdnung vum Gesondheetsminister Jens Spahn, sollten d‘Tester bei eisen Noperen däitlech erweidert ginn, an dat och ouni datt een dofir muss Symptomer hunn. Besonnesch a „sensibele“ Beräicher soll dat ëmgesat ginn. Gemengt sinn domadder d‘Spideeler, wéi och d‘Alters- a Fleegeheemer, wou Personal a Patienten/Bewunner, wéi och hir Kontakter musse getest ginn.

Dat hei kee „gefrot“ gëtt ass u sech novollzéibar, an hei zu Lëtzebuerg huet et sech – och wann hei weider behaapt gëtt d‘Leit hätte bereetwëlleg matgemaach – jo och bewäert. An Däitschland awer, an och dat ass an de Covid19-Gesetzer bei eis esou virgesinn, kënnen Dokteren a Gesondheetsämter esou Tester unuerdnen. D‘Käschte vun dësen Tester gi vun de gesetzleche Krankekeese gedroen.

Elo kënnt jo och déi längst ugekënnegt Tracing-App op fräiwëlleger Basis. Och déi soll derzou bäidroen, méi séier „Kontakter“ opzespieren, an déi ginn dann net gefrot, mee mussen sech teste loossen. Zudeem ass virgesinn, datt sollt et an enger Schoul/Crèche zu engem Ausbroch kommen, gréisser Persounegruppen zum Test „ageluede“ ginn. Et also Schluss mat der Fräiwëllegkeet.

Dat gëtt net Bëlleg

De Spëtzeverband vun de gesetzleche Krankekeese (GKV) huet d‘Veruerdnung zwar elo net direkt begréisst, mee kënnegt sengersäits eng séier Aféierung vu Massentester un. Si halen déi geziilt Auswäitung vun den Tester fir de richtegen Usaz a begréissen datt dofir de Wee, dank der Veruerdnung, fräi gemaach ginn ass. Dat si awer d‘Käschten eleng iwwerhuele sollen deet wéi.

Si si verwonnert, datt dat ganzt vun de Beiträg vun de gesetzlech Versécherte soll finanzéiert ginn. An tatsächlech, weder déi privat Krankekeese mussen sech bedeelegen an och Leit déi guer net verséchert sinn, mussen sech net un de Fraise bedeelegen. Wann dat bei de lescht genannten nach Sënn mécht, esou huet de GKV wéineg Versteesdemech fir d‘Faveur déi de Privaten zoukënnt.

Et stellen sech awer mat dëser Veruerdnung och nach eng Rei aner Froen. Wann een de Grond, dat zumindest a gewësse Secteuren, versteet, deen zu enger Testverflichtung gefouert huet, esou dierft ville Leit kloer sinn, datt wann de Staat een zu engem Test zwénge kann, dat och mat der Tracing-App méiglech ass. Fir datt déi ee reellen Notzen huet, brauch et mindestens 60% Participatioun.

D‘Veruerdnung vum Gesondheetsminister ass awer net wierklech dat wat een als vertrauensbildend Moossnam verstoe kann. Zumindest net wann een dat net ausféierlech erkläert a begrënnt. Fir vill Experten zeechent sech scho virun der Aféierung vun der App of, datt déi kuerzfristeg och wäert musse verflichtend ginn. Datt wier wuel politesche Sprengstoff, mee elo och net méi opzehalen.

mat indymedia/ber

Illustratioun: Den Deconfinement bréngt wuel méi Fräiheeten a fuerdert vun de Leit Verantwortung, mee de Virus ass nach ëmmer do an esou geféierlech wéi zu Ufank. E gudde Monitoring vun der Entwécklung setzt viraus, datt méiglechst vill Mënsche getest ginn. Eng Veruerdnung soll dat elo méiglech maachen. Datt d‘Tracing-App och wäert verflichtend ginn, dorunner gëtt et kaum Zweiwel. © Engin Aykurt / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Däitschland, Jens Spahn, Tester, Tracing-App, Veruerdnung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel