Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht
Meenung Neiegkeeten

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht

Ënnert der Autoritéit vum Wirtschaftsministère, op Ureegung vum Büro vun

Frankräich gedenkt dem Samuel Paty
Meenung Neiegkeeten

Frankräich gedenkt dem Samuel Paty

Nom schänterleche Mord un engem Enseignant, huet de President Emmanuel

Ass eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis ze kuerz gegraff?
Meenung Neiegkeeten

Ass eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis ze kuerz gegraff?

Op mannst gesinn dat d’Piraten esou. Fir si geet de

Däitschland vs. Lëtzebuerg

Däitschland vs. Lëtzebuerg

An de sozialen Netzwierker kuréiert e Bréif vum Christian Stahl, engem däitsche Journalist, Auteur a Filmmécher, deen sech mat senge Wierder un den Heiko Maas adresséiert.

“Léiwen Heiko Maas,

Mir musse schwätzen, iwwer Corona an iwwer d’Gefor vun engem neie Virus. Et ass e perfiden a raffinéierte Virus. Am Grenzgebitt tëscht Frankräich, Däitschland a Lëtzebuerg, do wou Dir opgewuess sidd, hunn ech dësen neie  Virus live erlieft. Ech nennen en Corona-Rassismus. En ass ausgebrach, nodeems Dir Lëtzebuerg virun zwou Wochen zum Risikogebitt erkläert a viru Reese gewarnt hutt. Mir zwee wëssen: Reeswarnunge sinn eigentlech fir Krichsgebitter geduecht an d’Ustiechungsgefor ass a Partyhéichbuergen an iwwerfëllte Stränn héich.

Äh? Lëtzebuerg?

Léiwen Heiko Maass,

Ech war déi lescht komplett Woch zu Lëtzebuerg. Schonn um Fluchhafe konnt ech mech fräiwëlleg a gratis teste loossen. Zwee Deeg drop koum eng SMS: Negativ. Esou einfach kann et goen. Säit méi ewéi 10 Joer coachen a beroden ech am héichmoderne Grand-Duché, dat esou propper a sécher ass, datt et scho bal langweileg ass. Anescht ewéi zu Berlin droen a Lëtzebuerg all Masken, desinfizéiere sech ëmmer an iwwerall d’Hänn, d’Hygiène- an Ofstandsreegele gi penibel agehalen, an zwar esou, datt Är Warnung absurd wierkt.

D’Neuköllner Hasenheide, d’Ostsee, d’Schluechthaus vun Tönnies – dat si Risikogebidder. Net Lëtzebuerg.

Déi héich Zuele kommen och vun dohier: Lëtzebuerg test flächendeckend. Mir net.

De leschten Dag vu menger Rees huet mech den neie Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox, mech mat an d’Grenzregioun un der Musel matgeholl, d’Grenz ass onsiichtbar, den Dialekt bal nämmlecht.

Mä säit Ärer Reeswarnung ginn Autoe mat Lëtzebuerger Placke vun däitschen Aldi-Parkinge verjot, Nopere gi vernannt a beleidegt. Beim däitsche Metzler steet um Schëld virun der Dier mat den Offere vun der Woch iwwer “500 Gramm Bratwurst” elo: “Lëtzebuerger onerwënscht”.

Mir gëtt et schlecht, wann ech dat liesen.

Léiwen Heiko Maas,

Wat nach méi schlëmm ass: Dir an Är EU-Kolleegen huelt den neie Rassismus einfach a Kaf, fir konsequent a kompromësslos ze wierken. Fir d’éischt Asiaten, dann Italiener, Schweden, mëttlerweil gi Fransousen am Saarland als “dreckeg Fransousen” vernannt. An Däitschland geet et duer déi falsch Plackennummer (aus dem falsche Land) um Auto ze hunn. Aplaz dogéint ze wierken, befeiert Dir mat Äre Reeswarnungen a Viruerteeler a Friemenhaass. Jo, et ka richteg, si Virusherden anzedämmen, andeems ee Gemengen zou mécht, awer definitiv net, andeems Dir ganz Länner der Gefor aussetzen diskriminéiert ze ginn.

Rassismus,  seet de Lexikon, ass een Diskriminéierungsmuster an Ausdrock vu gesellschaftleche Muechtverhältnisser. Mir kéinten och soen “gesondheetleche Muechtverhältnisser”. Europa kann et besser. Sidd couragéiert, léiwen Heiko Maas, an hieft als éischte Schratt d’Reeswarnung fir Lëtzebuerg erëm op.

Mat europäesche Gréiss,

Äre Christian Stahl


*fräi iwwersat aus dem Däitschen vum Jessica Mersch

Normalerweis géif ech elo nach mäi Pefferkär dobäi leeën, mä mir feelen d’Wierder. Den Här Stahl huet alles gesot. Bleift just ze hoffen, datt dës nei Form vu Rassismus séier en Enn fënnt – ier et eskaléiert!

Opmaacherbild: christian-stahl.com

Ähnlech Sujeten Christian Stahl, Coronavirus, Covid-19, Diskriminatioun, Groussflächeg Tester, Heiko Maas, Journalist, Large Scale Testing, Ofstand, Pandemie, Rassismus, Teststrategie, Tönnies
Nächsten Artikel Virrechten Artikel