Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OGBL: Gesetzesprojet zur Reform vun der Studiëbäihëllef
International Neiegkeeten

speed dating in portsmouth nh

Nodeems de Lëtzebuerger Staat um Europäesche Geriichtshaff nees Onrecht kritt

https://moien.lu/ghost-recon-wildlands-public-matchmaking/
International Neiegkeeten

Sproochepolitik ka keng kuerzfristeg Ugeleeënheet sinn

Nodeems een Avis nom aneren zum Gesetz zur Promotioun vun

Am Schleidergang
International Neiegkeeten

Am Schleidergang

Am vergaangene Joerzéngt schéngt de Gruef tëscht Republikaner an den

Däitschland wëll d‘Plastikstut verbidden

Ëmweltministère zu Berlin bestätegt en entspriechende Gesetzesentworf op den Instanzewee bruecht ze hunn

Däitschland wëll d‘Plastikstut verbidden

Déi däitsch Ëmweltministesch Svenja Schulze (SPD) schéngt mat hirem Plang, Plastikstuten ze verbidden, e Stéck virum komm ze sinn. An engem gëschter verëffentlechte Communiqué gouf bestätegt, datt hire Ministère dozou e Gesetzesentworf op den Instanzewee bruecht huet. Iwwert dësen Text muss elo an deenen anere Ressorten zur Ofgestëmmt ginn.

Wann d‘Gesetz sou wéi et den Ament virläit duerchkënnt, da ginn déi „normal“ Plastikstuten, déi een an der Kees vum Supermarché géint e kléngt Entgeld kritt, ab 2020 verbueden. Dozou gehéiert och de Verbuet vun de sougenannten „Bio-baséierten an/oder biodegradabelen“ Tuten. Heibäi ass eng „Transitiounsperiod“ vu sechs Méint berécksiichtegt ginn, fir d‘Reschtbestänn ofzebauen.

DäitschlandAss d‘Gesetz a Kraaft an d‘Transitiounsphas ofgeschloss, da kënne Geschäftsleit déi dergéint sollte verstoussen, eng Geldbouss vu bis zu 100.000 Euro erhalen. Woubäi natierlech och dëst Gesetz de Verbuet vun de Plastikstute mat vill „Ausname“ schonn am Virfeld gelackert huet. Esou sollen zum Beispill och weiderhin déi robust a méi oft notzbar Akafstuten erlaabt bleiwen.

Net zu Enn geduecht

D‘Ëmweltministesch huet zudeem op Ufro bestätegt, datt d‘Plastikstuten (dat sinn déi Dënn déi um Rouleau sinn) fir d‘Verpake vun Uebst a Geméis vun dësem Verbuet ausgeholl sinn. D‘Argument: „Wa mir déi och verbidden, dat gëtt nach méi a Plastik ageschweest a portionéiert ugebueden“. Datt ee ka Pabeiertuten oder nees benotzbar Netzer benotze kann, soll an enger zweeter Phas kommen.

DäitschlandErfreelech d‘Feststellung, datt si iwwerzeegt ass, datt et fir dëst Gesetz e grousse Réckhalt vun der Bevëlkerung gëtt. Woubäi tatsächlech ëmmer méi Konsumente Verantwortung iwwerhuelen, a fir anzekafen op ëmweltverdréiglech Akafstuten zréckgräifen. An datt déi als „onbedenklech“ notéiert Tuten am Uebst a Geméisrayon sollten duerch eng Alternativ aus Pabeier ersat gi beleeën Zuelen.

Zuelen iwwregens déi den Ëmweltministère héchstperséinlech virgeluecht huet. Esou sollen 2018 iwwer 3 Milliarden dëser „dënner Plastikstuten“ un den Uebst a Geméisthéike genotzt gi sinn, wat géif bedeiten, datt am Schnëtt all Konsument 37 dëser ëmweltschiedlecher Verpackunge matgeholl huet. Déi gëtt iwwregens och als „Ersatz“ fir déi käschteflichteg Tut an der Kees mëssbraucht…

D‘Wirtschaft mécht Drock

Beim Haaptverband vum däitschen Eenzelhandel, ass een zolidd iwwert dëse Gesetzesentworf veriergert. De President vun dësem Verband, Stefan Genth, huet den Text als inakzeptabel zréckgewisen a bezichtegt d‘Svenja Schulze hei e klore Vertrags- a Vertrauensbroch begaangen ze hunn. Et hätt ee sech schonn 2016 mat der Bundesregierung op Moossname verstännegt.

DäitschlandDatt dem Stefan Genth d‘Bequemlechkeet vun de Konsumente méi wichteg ass wéi Ëmweltschutz huet mat der stänneger sich no Profitmaximéierung ze dinn. Eng Reduktioun beim Verbrauch vun de Plastikstuten hätt dem Eenzelhandel schonn ausräichend geschuet. Mat dësem Gesetz géifen déi falsch Leit bestrooft ginn. De Konsument hätt d‘Verantwortung sachgeméiss mat der Tut ëmzegoen.

Fir d‘Partei „die Grünen“ geet d‘Gesetz net wäit genuch. D‘Spriecherin vun der Fraktioun am Bundestag, Bettina Hoffmann, huet gefuerdert, datt dëse Verbuet vun de Plastikstute vun enger verbindlecher Tax op all restlech Eeweetute muss begleet ginn. Déi Suen déi esou ageholl ginn, sollen zur Fërderung vu „Méiwee-Léisungen“ agesat ginn. Ëmweltverbänn ënnerstëtzen dat.

mat indymedia/ber

Ähnlech Sujeten Däitschland, Eenzelhandel, Ëmweltministesch, Ëmweltschutz, Plastikstuten, Svenja Schulze
Nächsten Artikel Virrechten Artikel