Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stengefort: Rendez-vous vun de jonken Alen an de ale Jonken
International Money Neiegkeeten

Stengefort: Rendez-vous vun de jonken Alen an de ale Jonken

De ganze Weekend war Stengefort am „Young- an Oldtimer“ Féiwer,

Mute ass Cyberpunk mat Gefill
International Money Neiegkeeten

Mute ass Cyberpunk mat Gefill

Fir Netflix schéngt Februar de perfekte Mount ze sinn, fir

D‘Äis ass eng ganz wichteg Ressource vun de Jakuten
International Money Neiegkeeten

D‘Äis ass eng ganz wichteg Ressource vun de Jakuten

Den Innokenty Tobonov rammt seng Harpun an e laangen Äisblock,

money

Bayer „schléckt“ Monsanto a setzt op intensiv Landwirtschaft

Bayer „schléckt“ Monsanto a setzt op intensiv Landwirtschaft

Den däitsche Pharma- a Chimiekonzern Bayer verwandelt sech haut en de Weltgréissten Hiersteller vu Pestiziden, Dünger a genetesch modifizéierten Organismen (GMO). Dat ass duerch den Opkaf vum US-Spezialist Monsanto zum Ofschloss méiglech.

Et ass dann och mat 63 Milliarden US-Dollar, déi bis ewell gréissten an deierst Iwwernam déi en däitsche Konzern am Ausland getätegt huet. A Laut der Frankfurter Allgemeine Zeitung (FAZ) besteet „e grousse Risk fir d‘Reputatioun, mee och eng enorm Opportunitéit grouss Mäert ze erschléissen“.

A Bayer war um Méindeg beméit de batteren Nogeschmaach vu sengem „Affer“ erofzespullen, andeems einfach de Numm „Monsanto“ begruewe ginn ass. Monsanto, gläichbedeitend mat allem wat d‘Agrochimie u Schlechtes ervirbruecht huet (vum „Agent Orange“ deen am Vietnam agesat ginn ass, bis zum Glyphosat deen eis onmëttelbar Ëmwelt vergëft) a mat ongezielte juristesche Prozeduren a Verbindung bruecht gëtt.

Mee heibäi ass et beschtefalls eng kosmetesch Operatioun: d‘Marke vun der Firma vu Saint-Louis ginn identesch verkaf, vun Dekalb (Mais- a Raps-Som) bis De Ruiter (Geméis-Som) an net ze vergiessen de traureg berühmte „Round-Up“, engem Herbizid op Glyphosat-Basis deen net nëmmen d‘Biodiversitéit zerstéiert mee och nach am Verdacht steet Kriibserreegend ze sinn.

Dat alles geet elo ënner dem Numm Bayer esou weider, a wann engem bewosst gëtt wéi e Profit mat dëser Fusioun generéiert ka ginn, versteet een, datt ee sech zu Leverkusen gefreet huet wéi 2016 dem „Deal“ zougestëmmt ginn ass. An am Kontext vun der Noutwennegkeet, ëmmer méi op manner Flächen ze produzéieren, kéint ee mengen d‘Landwirtschaft hätt e neie Patron.

Eng erschreckend Konzentratioun

„Eng wuessend Weltbevëlkerung ze ernären, ass eng laangfristeg Erausfuerderung, zu där mir wëllen e Beitrag leeschten“, heescht et säitens dem Patron vu Bayer, Werner Baumann, an der Wirtschaftszeitung Handelsblatt. A wéi Bayer d‘Iwwernam vu Monsanto geplangt huet, hat de Chimiekonzern och seng Visioun vun der Welt mam Horizont 2050 präisginn.

D‘Welt, e Planéit mat iwwer 10 Milliarde Mënschen déi eppes z‘Iesse wëllen, begrenzte Fläche fir d‘Landwirtschaft an der Bedreeung duerch de Klimawandel. Mat 115.000 Salariéeën, 45 Milliarden Euro Joresëmsaz, wouvunner eleng 19,7 Milliarden dem Beräich Agrochimie zougeschriwwe ginn, bereet sech den „neie“ Betrib op de Leadership an engen ëmmer méi konzentréiertem Secteur vir.

Erënnere mir drun, datt 2017, Dow Chemical sech mat DuPont zesummegedoen huet, an dunn de chinesesche Konzern ChemChina sech déi Schwäizer Syngenta fir ganzer 43 Milliarden US-Dollar averleift hat. Megafusiounen déi bei den Ëmweltschützer Alarm ausgeléist hunn an en direkten Impakt op d‘Zukunft vun der Landwirtschaft huet.

Als „kleng“ Niewewierkung vun dëse Fusiounen, ass déi amerikanesch FMC gewuess, well si d‘Spart vun den Herbiziden a Pestiziden vun DuPont iwwerholl huet, an déi däitsch BASF erhält vu Bayer en Aktivitéitsberäich am Wäert vun 7,7 Milliarden Euro, fir d‘Autoritéiten, déi sech ëm d‘Konkurrenz këmmeren, net géint sech opzebréngen.

Bayer setzt dann och op d‘Complementaritéit tëscht den eegene phytosanitaire Produiten an dem Virsprong vu Monsanto am Beräich vun der planzlecher Biotechnologie. Zwee Domänen, déi laut dem Werner Baumann, immens Efforten an der Fuerschung an der Entwécklung fuerderen, datt déi bestoend Positioune Maartbestëmmend sinn.

Op alle Niveauen entscheedend

„Déi dräi nei Mëschkonzerner: DowDupont, ChemChina-Syngenta a Bayer, kontrolléieren um Enn iwwer 60% vum Som an der Agrochimie, hunn déi gesamt GMO-Produktioun am Grëff, an besëtzen déi iwwerwältegend Majoritéit u Breveten a Patenter op Planzen“, notéiert d‘Stëftung Henrich Böll an enger Etüd 2017.

Wéi vill aner ekologesch Associatiounen, geet dëst Institut dovunner aus, datt Bayer a seng zwee „Konkurrenten“ an Zukunft „iwwer d‘Produiten, d‘Präisser an d‘Qualitéitsstandarde“ bestëmmen, an duerch de massiven Asaz vu Lobbyisten, der Politik „hir“ Gesetzer opzwénge wäerten. Woubäi dat – wéi um Glyphosat ze gesinn – längst de Fall ass.

Interessant dann awer, datt de Werner Baumann versprécht: „Mir wäerten eise Kritiker nolauschteren an do wou et méiglech zesummeschaffen. (…) D‘Landwirtschaft ass e Sujet dee vill ze eescht ass, fir datt ideologesch Divergenzen de Fortschrëtt behënneren“. Dobäi dierft gewosst, sinn, datt bei deenen Zommen ëm déi et geet, si net wäerten zouloossen dat sech een hinnen an de Wee stellt. Keng Ëmweltschutzorganisatiounen, kee Wëssenschaftler an och kee Politiker.

An hei geet dann och ganz kloer ëm d‘Zukunft vum Glyphosat an Europa, an dem Asaz vu genetesch modifizéierten Organismen, déi vu politeschen Entscheedungen ofhänken. An hei ka Bayer dovunner profitéieren, datt Ëmweltpolitik a Liewensmëttelsécherheet innerhalb der EU ganz ënnerschiddlech gehandhaabt gëtt. Emol ganz dovunner ofgesinn, datt et vill Geld ze verdeele gëtt.

De President vu Bayer Frankräich, Franck Garnier, versicht sech an Ëffentlechkeetsaarbecht, a resuméiert: „Afrika a Latäinamerika si Kontinenter déi voll an der Entwécklung sinn, während d‘USA an Asien hir Landwirtschaft ëmweltgerecht gestalten. Europa hieft sech ervir, duerch seng Ofleenung vun de GMOen“.

Fënnef Saachen déi ee vun der Megafusioun wësse soll

Vun der kontroverséierter Geschicht vu Bayer a Monsanto, bis hin zu de Konsequenze vun hirer Fusioun fir d‘Landwirtschaft, hei fënnef Fakten zur „Däiwelshochzäit“ déi haut um Altor vun der Mënschheet vollzu gëtt.

Aspirin an Heroin

Bayer, 1863 an Däitschland gegrënnt, huet d‘Aspirin erfonnt, mee och Ufanks dem 20. Joerhonnert Heroin verkaf, deemools als Morphiumersatz… a Medikament géint den Houscht (kee Witz). Am zweete Weltkrich huet Bayer, grad wéi BASF zu der Interessegemeinschaft „IG Farben“ gehéiert, a mat vill Engagement der deemoleger Regierung den Zyklon B geliwwert.

Si hunn duerch de bekannten Ausgang vum Krich kee finanzielle Schued erlidden, a sinn zanterhier gewuess wéi kaum aner Konzerner an Däitschland. 2017 huet Bayer wäit iwwer 100.000 Leit beschäftegt, an en Ëmsaz vun 41 Milliarden Euro gemaach.

Agent Orange

1901 zu Saint-Louis am Missouri gegrënnt, huet Monsanto als éischt Saccharin hiergestallt, iert d‘Firma sech an de 40er Joren am Beräich Agrochimie investéiert huet. Säin taktescht Herbizid an Entlaubungsmëttel „Agent Orange“, ass als Massevernichtungswaff vun der US-Arméi am Vietnamkrich agesat ginn. Domatter huet Monsanto um Verbrieche géint d‘Mënschheet bedeelegt.

Am Joer 1976 bréngt Monsanto de Round-Up op de Maart, deen zum absolute Bestseller esouwuel an der Landwirtschaft, wéi och bei de Privatleit gëtt. Véier Joer méi spéit stellt Monsanto déi éischt Zell vun enger genetesch modifizéierter Planz hir, a spezialiséiert sech uschléissend an der Hierstellung vu GMOen. Bei Monsanto schaffe weltwäit ronn 20.000 Leit, déi fir en Ëmsaz vu 15 Milliarden US-Dollar am Joer suergen.

E gedëllege Gourmang

Während sech d‘Landwirtschaft drop virbereet eng ëmmer gréisser Weltbevëlkerung ze ernieren, huet Bayer scho längst en A op Monsanto a seng OGMe gehat, besonnesch déi vun der Zort, déi Pestizid-Resistent sinn. Manner bekannt, mee och op der Bayer-Wonschlëscht, d‘Filial Climate Corp.

Eng Entreprise déi de Landwirt genau Informatioune liwwert, déi dozou bäidroe sollen, den Ertrag ze steigeren. An déi wollt Monsanto och net einfach esou hierginn, firwat Bayer dräi mol seng Offer huet missen no uewe korrigéieren. 2016 huet Monsanto dann zum Präis vun 128 US-Dollar pro Aktie „verkaf“. Bayer war am Géigenzuch gezwonge ginn, en deel vum Beräich „Agrochimie“ u BASF ofzetrieden, fir engem Sträit mat der Iwwerwaachungsautoritéit fir Konkurrenz aus de Féiss ze goen.

De schlechte Ruff vu Monsanto lassginn

Wéi d‘Iwwernam vu Monsanto an dréchenen Dicher war, huet Bayer sech entscheet, de Numm Monsanto de Geschichtsbicher ze iwwerloossen. E Numm mat esou engem schlechte Ruff, dat wollt ee sech an Däitschland dann awer net undoen. An et kann ee Versteesdemech fir Bayer hunn, woubäi déi Aktiounen déi ëmmer géint Monsanto gefouert goufen, dofir net ophalen.

Et ass dann och richteg, datt et e puer Länner gëtt, déi sech engagéiert hunn, den Asaz vum kontroverséierte „Round-Up“ anzestellen, mee op EU-Niveau ass e Verbuet – och op Drock vun de Lobbyisten – net wierklech a Siicht. Esou dierft et fir Bayer schwiereg ginn dem schlechte Ruff vu Monsanto lasszeginn. D‘ONG „Frënn vun der Äerd“ bezeechent den Zesummeschloss dann och als „Däiwelshochzäit“.

D‘Baueren hu scho verluer

Ofgesi vun der Iwwernam vu Monsanto duerch Bayer, gëtt et nach d‘Fusioune vun Dow an DuPont, an d‘Iwwernam vu Syngenta duerch ChemChina. Déi dräi Mëschkonzerner beherrschen iwwer 60% vum Weltmaart an de Beräicher „Som“ a „Pestiziden“. Kaum e Bauer aus der konventioneller Landwirtschaft kënnt laanscht si, an si bestëmmen dann och d‘Präisser um Weltmaart.

Elo huet sech Bayer zwar engagéiert, keng OGMen an Europa ze kommerzialiséieren, mee baut awer d‘Entwécklung vu Monsanto, bei den Herbiziden an Pestiziden, weider aus. Et ass dann och näischt wat drop hindeit, datt et beim Ëmweltschutz soll besser ginn.

mam Coralie Febvre an dem Michelle Fitzpatrick/AFP

Foto: De 25. Mee war bei der Generalversammlung vu Bayer zu Bonn, demonstréiert ginn. D‘Medien haten dat hallefhäerzeg begleet, an den Aktionäre vu Bayer geet souwisou just ëm d‘Dividenden, de Mënsch oder den Ëmweltschutz spillen do beschtefalls dann eng Roll, wann ee selwer direkt betraff ass. © Patrik Stollarz/AFP

Ähnlech Sujeten Bayer, Däiwelshochzäit, Genetesch Modifizéiert Organismen, Monsanto
Nächsten Artikel Virrechten Artikel