Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dammefussball: Jonglënster mat engem „Remis“ zu Beetebuerg
best dating app dubai is whitney dating roy 2017

https://moien.lu/dating-a-guy-for-two-weeks/

Et war um 16 Spilldag an de éischter Liga vum

https://moien.lu/best-free-french-dating-site/
best dating app dubai is whitney dating roy 2017

Editorial: Kampf ëm Plaz dräi bei der Bundestagswahl

D’Kräizer fir d’Bundestagswahl maachen eis däitsch Noperen eréischt muer. Et

Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland
best dating app dubai is whitney dating roy 2017

Lëtzebuerg ass och däi Vakanzeland

E Freidegmoien ass op der Plëss d‘Ouverture vun der Lëtzebuerger

Dammefussball: Liicht crispéiert an awer victoriéis

Damme vum Progrès Nidderkuer konnten de Meedercher vum SC Beetebuerg de bass halen

Dammefussball: Liicht crispéiert an awer victoriéis

Eis Damme vum SC Beetebuerg sinn nach net esou spilleresch an der Saison ukomm. Wéi scho beim éischte Match huet et eng gutt hallef Stonn gebraucht, bis jiddereen seng Plaz um Terrain fonnt hat. Dunn awer ass et zolidd viru gaangen, an et gouf och genuch Goalchancen.

Am Resumé fir déi éischt 30 Minutten ass ervirzehiewen, datt den FC Progrès Nidderkuer sech net schlecht um Terrain presentéiert huet, a konnt dovunner profitéieren, datt d‘Damme vum SC Beetebuerg hiren übleche Spillfloss einfach net fonnt hunn. Vill Feelpassen hunn e proppere Spillopbau verhënnert. Eng éischt grouss Chance hat et wuel an der 15. Minutt ginn, wou d‘Sadine Correia (9) ee laange Ball op d‘Stessy Musselek (17) gespillt huet. Dat hat sech gutt eleng virum géigneresche Goal placéiert, konnt sech awer net géint d‘Goalkeeperin vum Progrès duerchsetzen.

Progrès

© Luigi De Stephanis/moien.lu

Dat war eng grouss Chance, déi hätt sollen zur Féierung bäidroen, an esou och eppes méi Sécherheet an d‘Spill vum SC erabruecht hätt. Esou hunn d‘Damme vu Beetebuerg sech nach emol 17 Minutte misse gedëllegen, bis dann endlech deen oft genannte „Knuet“ opgaangen ass.

An der 32. Minutt dann d‘Erléisung. Haalt eis fir verréckt, mee eleng dëse Goal war d‘Rees op Beetebuerg wäert. Beim SC ass nees richteg kollektiv gespillt ginn an si konnten hir Iwwermuecht am Mëttelfeld betounen. D‘Sadine Correia (9) an d‘Anouchka Besch (11) hu mat engem duebelen a perfekt gespillten „une-deux“ de Géigner ausgespillt. D‘Anouchka hat sech du vun der géignerescher Verdeedegung geléist, wat et him erlaabt huet eng propper Pass op d‘Lucia Ruiz (14) ze maachen, dat de Ball gekonnt a sécher hannert d‘Linn gegrätscht huet.

Progrès

© Luigi De Stephanis/moien.lu

Do hätt ee sech eng Äntwert vun den Nidderkuerer Dammen erwaart, déi awer leider ausbliwwen ass. Beetebuerg huet esou bis zur Halbzeit de Ball dominéiert an d‘Spill um Terrain diktéiert. Bei der Reprise no der Paus huet den SC weider d‘Spill beherrscht, woubäi hei iwwer laang Zäit och d‘Goalchancen – 55‘ Kate Thill (20) & 56‘ Anouchka Bësch (11) – net verwierklecht goufen. Bei dëser Aktioun hat sech d‘Goalkeeperin Andreia Estanqueiro (1) op en Neits vu senger beschter Säit gewisen.

Wéi et zum Recht gaangen ass, duecht ee schonn, datt déi Beetebuerger sech mam 1:0 offonnt haten. Deem war net esou, an tatsächlech sollt an der Nospillzäit (90‘ +2‘) den Damme vu Beetebuerg dann nach emol gelénge Profit aus engem Feeler an der Nidderkuerer Defense ze schloen. Hei huet d‘Anouchka Besch (11) net laang gefackelt, de Feeler dankbar ugeholl an zum 2:0 Endstand bäigedroen.

Stëmmen zum Spill

D‘Pascale Frising (5) vum FC Progrès Nidderkuer huet sech nom Spill zu enger klenger Analys iwwerriede gelooss. Der Kapitänin war d‘Enttäuschung am Gesiicht ofzeliesen an si huet dann och bestätegt, datt de Spillfloss vu sengem Team net den Ufuerderunge vun dësem Spill entsprach huet. „Mir hunn einfach ze vill Respekt gehat, an datt och nach eng Partie Spillerinne verletzt hu missen ofsoen, ass eis elo och net entgéint komm“, esou d‘Pascale Frising.

Progrès

© Luigi De Stephanis/moien.lu

Op Beetebuerger Säit stoung eis d‘Tamara „Tammy“ Aniset (29) Ried an Äntwert: „Mir hunn och dëst Spill dominéiert, mee et muss einfach méi um Ofschloss geschafft ginn. Et feelt u ‚Frechheet‘ virum Goal. D‘Victoire geet esou wuel an d‘Rei, an et ass en neie Schratt an déi Richtung, déi mir eis virgeholl hunn“.

Opstellung vun den Equippen:

FC Progrès Nidderkuer: 1 Andreia Estanqueiro, 20 Mandy Charlet, 5 Pascale Frising, 3 Sarah Elias, 23 Alexia Richards, 6 Christelle Cuntz, 10 Catarina Teixeira, 13 Julia Battisti, 15 Sonia Tremont, 8 Carla Medina, 21 Manon Klöckner. Reserven: 7 Alexia Moock, 11 Maite Machado, 19 Laura Rodriguez. Trainer: Steve Senisi

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 5 Kim Ney, 6 Sarah Witry, 9 Sadine Correia, 29 Tamara „Tammy“ Aniset, 18 Marie-Amelie Albrand, 12 Stessy Musselek, 14 Lucia Ruiz, 8 Lea Pizzimenti, 11 Anouchka Bësch, 20 Thill Kate. Reserven: 10 Hanna Thill, 13 Lea Crusel, 21 Rita Garcia, 88 Amenis Correia. Trainer: Daniel Nunes.

Foto: © Luigi De Stefanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten Championnat, Dammefussball, FC Progrès Nidderkuer, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel