Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Koalitiounspoker op italienesch
Neiegkeeten Sport

Koalitiounspoker op italienesch

Nodeems et zu Roum bei de Verhandlungen tëscht dem Movimento

Fair Fashion Days – modern an ethesch duerch d’Welt vun der Moud!
Neiegkeeten Sport

Fair Fashion Days – modern an ethesch duerch d’Welt vun der Moud!

Wie scho méi laang no neier Kleedung an Accessoiren sicht

dislike
Verspillte Massen
Neiegkeeten Sport

Verspillte Massen

Gamescom ass dat gréissten Event fir Videospiller vun Europa. Och

Dammefussball: Eng „elektresch“ Renconter an der Coupe

Dammefussball: Eng „elektresch“ Renconter an der Coupe

Eng duerchaus „faarweg“ – bezunn op dem Arbitter seng Kaarten – an deels ustrengend Renconter, bei där sech d‘Damme vum SC Beetebuerg géintiwwer der Jeunesse Jonglënster mat engem bloen A gutt aus der Affär zéien an sech esou fir déi nächst Ronn an der Coupe qualifizéieren.

Beim Spilloptakt, haten déi Beetebuerger sech e séiere Start virgeholl, an et sollt hinnen och bal geléngen. Schonn an der zweeter Minutt, geet d‘Lea Crusel (71) op de Goal vu Jonglënster lass, ouni datt et do grousse Widderstand ginn hätt, mee d‘Goalkeeperin Tamara Cardoso (1) war am 16 Meterraum nach un de Ball komm, konnt dëse gutt ofwieren. Zum sengem Nodeel ass de Ball dunn an d‘Féiss vum Kate Thill (11) geroden dat op den eidele Goal ofgezunn huet. Gléck fir d‘Jeunesse Jonglënster, datt hire Schutzengel Carina Nogueira (19), de sécheren 0:1 virun der Linn konnt retten.

No engem laange Ball vum Carina Nogueira deen an de 16 Meter geréit, ass d‘Goalkeeperin vum SC Beetebuerg, Sheila Hoja (22) erausgestiermt a bréngt dobäi eng Géignerin zu Buedem. Do hat den Arbitter keng aner wiel wéi op den Eelefmeterpunkt ze weisen. Dat huet d‘Noemie Tiberi (31) dankend ugeholl, sollt sech awer net géint d‘Sheila duerchgesat kréien. Esou ass et beim Gläichstand bliwwen.

Coupe

Bei dësem fréien Eelefmeter hätt Jonglënster en zolitten Akzent an engem haart ëmkämpfte Coupematch kënne setzen. © Luigi de Stephanis/moien.lu

Wéi ee geduecht huet elo leeft d‘Spill, huet sech just de Géigendeel erginn. D‘Damme vum SCB si an de vun der Jeunesse Jonglënster organiséierter Verdeedegung stänneg an Zweekämpf geroden, déi deels och zimlech hefteg ausgeaart sinn. Vill Ënnerbriechungen hu vun do un d‘Spill diktéiert. De Spillfloss war zum erleeë komm. D‘Damme vu Jonglënster hunn dat Beetebuerger Mëttelfeld mat laange Bäll iwwerspillt, a wa Beetebuerg sech dem Ball nees ermächtegt huet, waren déi vun der Jeunesse direkt drun.

Den Trainer Seraphin Ribeiro, dee beim leschte Match gutt uecht gedoen hat, huet seng Ekipp liicht ëmgestallt. Op der rietser Säit an der Verdeedegung huet d‘Eva Silva (13) d‘Linn Ruppert (8) – dat an d‘Mëttelfeld gewiesselt ass – ersat, a mat dësem Schachzuch konnt de Matchwinner vun der Leschter Woch Lucia Ruiz (14) ausgeschalt ginn. Esou dierf ervirgehuewe ginn, datt d‘Eva, wat immens laafstaark war, d‘Lucia ausser Gefecht gesat huet. Esou geet de Match mat engem gerechte Gläichstand an d‘Paus.

Et gouf gehofft et misst besser ginn

Wie gemengt huet et géif spilleresch besser ginn, dee ass net mat der Regele vun der Coupe vertraut. Déi Matcher sinn anescht an esou och gëschter um Terrain zu Jonglënster. Et ass eigentlech viru gaange wéi déi éischt Halbzeit op Enn gaangen ass. Vill Gedirängels wéineg Spillfloss. Goalchancen huet dann och kaum, wann iwwerhaapt ginn.

Ervirzehiewen ass awer, datt an der 68. Minutt bei engem Pressball tëscht dem Sarah Witry (6) an dat op dësem Dag wierklecht onglécklecht Noemie Tiberi (31), ënner Schmäerzen zu Buedem geet. Confirméiert ass d‘Informatioun nach net, mee d‘Spillerin schéngt sech un de Kräizbänner uerg blesséiert ze hunn, firwat et och direkt an d‘Spidol gefouert ginn ass.

Coupe

Bei engem onglécklech gespillte Pressball huet sech d‘Noemie Tiberi uerg wéi gedoen. D‘Redaktioun vu moien.lu wënscht der Spillerin eng séier Rekonvaleszenz. © Luigi de Stephanis

Dat huet eng länger Spillënnerbriechung mat sech bruecht, déi Jonglënster Damme waren no dësem Virfall eppes vum Rouleau an déi Beetebuerger hunn d‘Geleeënheet genotzt de Fouss um Ball ze halen. An der 77. Minutt gouf et du spannend: d‘Amenis Correia (88) wollt an d‘Mëtt flanken, dobäi gëtt de Ball vun enger Géignerin deviéiert, d‘Goalkeeperin hat keng Méiglechkeet deem eppes entgéint ze setzen, an esou kritt den SC Beetebuerg e gléckleche Goal opgeschriwwen.

Beetebuerg hat duerch d‘Lucia Ruiz a Kate Thill nach zwou Chancen de Score ze erhéijen, hunn déi awer net ëmgesat kritt. Esou ass et spannend bliwwe bis zum Schluss. Et muss nach ervirgehuewe ginn dann an der Nospillzäit (90 + 10) mat enger duebeler gieler Kaart, d‘Kapitänin Sara Olivieri (20) seng Ekipp déi lescht puer Minutten zu zéng hannerlooss huet. Um Resultat huet sech näischt méi gedoen. Dëse Coupematch war zolidd ëmkämpft an den SC Beetebuerg dierf zefridden an d‘Wanterpaus goen.

Stëmmen zum Spill:

Fir den SC Beetebuerg huet eis dës Kéier d‘Lea Pizzimenti (8) d‘Spill erkläert: „Et war ee ganz komplizéierte Match. Schonn déi lescht Woch war et net einfach, mee dës Kéier hu si eis mat hire laange Bäll e Spill opgezwongen, datt net eist ass. Mir sinn esou net zu eisem Spill komm, stounge bal stänneg ënner Drock, wouduerch d‘Passspill ganz schwéier war. Wéi mir zum Schluss awer zu eiesem Spill fanne konnten, ass de Goal dann och gefall. Mir hate wuel nach aner Goalchancen, mee an der Coupe muss een de Match gewannen, an esou hu mir eis hei gutt aus der Affär gezunn. Wat eis Géignerinnen ugeet, esou ass ersiichtlech, datt si mat hirem Spill nach villen anere wäerte Misär maachen“.

Op der Säit vun der Jeunesse Jonglënster huet sech eis d‘Laura Davelli (7) uvertraut: „Mir hu gutt gespillt an och dem Trainer seng Uweisung gutt ëmgesat kritt. Mir konnten dem SC Beetebuerg iwwert de ganze Match d‘Stir bidden, haten och eng Rei Chancen déi mir net a Goaler ëmsetze konnten. Mir waren eis bewosst, datt dee wou hei den éischte Goal schéisst och weider géif kommen. Leider waren et si an et fält mir schwéier ze soen, datt hir Victoire verdéngt wier“.

Opstellung vun den Ekippen:

SC Beetebuerg: 22 Sheila Hoja; 29 Tamara „Tammy“ Aniset; 88 Amenis Correia; 9 Sadine Correia; 71 Lea Crusel; 11 Kate Thill; 17 Stessy Musselek; 8 Lea Pizzimenti; 14 Lucia Ruiz; 99 Hanna Thill; 6 Sarah Witry. Reserven: 18 Marie-Amelie Albrand; 21 Rita Garcia; 1 Lena Krier; 10 Sabrina Dukovski; 7 Joana Pires. Trainer: Yves Block.

Jeunesse Jonglënster: 1 Tamara Cardoso; 5 Emma Kremer; 13 Eva Fernandes; 19 Carina Nogueira; 8 Lynn Ruppert; 9 Kelly Mendes; 20 Sara Olivieri; 3 Lynn Gengler; 14 Lea Folgueira; 31 Noemie Tiberi, 7 Laura Davelli;. Reserven: 12 Isabelle Schuler; 18 Alexandra Marx; 10 Rosangela Settanni; 27 Letitia Goncalves. Trainer: Seraphin Ribeiro.

Illustratioun: Piro4D / Pixabay

Ähnlech Sujeten Coupe, Dammefussball, FLF, Jeunesse Jonglënster, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel