Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zesummenaarbecht mat eise belschen Noperen am medezinesche Beräich konventionéiert
Neiegkeeten Sport

Zesummenaarbecht mat eise belschen Noperen am medezinesche Beräich konventionéiert

Fir de Leit e besseren Zougang zu de Medikamenter an

Schlechten Timing fir d‘Inauguratioun vun der US-Ambassade zu Jerusalem
Neiegkeeten Sport

Schlechten Timing fir d‘Inauguratioun vun der US-Ambassade zu Jerusalem

Während zu Jerusalem déi nei US-Ambassade ageweit ginn ass, an

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet
Neiegkeeten Sport

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet

Um Tennisterrain zu Sennengerbierg ass et schonn déi 8. Editioun

Dammefussball: De SC Beetebuerg séchert sech den Titel

Iwwerzeegenden Optrëtt no der Néierlag am Coupe-Match

Dammefussball: De SC Beetebuerg séchert sech den Titel

Bei der Renconter tëscht dem SC Beetebuerg an der Entente Rouspert-Bäerdref-Chrëschtnech, war kloer, datt eng Victoire gläichbedeitend mam Titel vum Landesmeeschter wier. Dat d‘Dammen aus dem „Osten“ deem wéineg entgéintzesetzen haten, dierf net enttäuschen.

Direkt vum Upaff un hunn d‘Damme vum SC Beetebuerg däitlech gemaach, datt si eng fréi Féierung wollten. Si hunn dann awer eng Véierelsstonn mam Géigner gekämpft, bis si dësen an der 14. Minutt eng éischt Kéier zolidd a Bedrängnes bruecht hunn. D‘Lea Pizzimenti (8) hat an enger Phas vu liichtem „Gewulls“ dee bessere Fouss, an déi géigneresch Goalkeeperin d‘Nokucken…

SC Beetebuerg

© Martine de Lagardère/moien.lu

Esou war den Ufank gemaach, an de Spillverlaf ass wäitleefeg iwwert d‘Lea Pizzimienti gelaf, dat mat de „laange Bäll“ a Richtung Lucia Ruiz (14) déi d‘Spillerin ëmmer an d‘Déift geschéckt hunn, him dann och ze esou muencher Geleeënheet verhollef huet. Beim Ofschloss hat dës jonk Spillerin – kritt am September 16 Joer – keng Chance, mee d‘Zukunft gesäit villverspriechend aus.

Beetebuerg huet dominéiert, an zwee weider Goaler virun der Paus (34. an 38. Minutt) duerch d‘Kate Thill (20) an d‘Lea Pizzimenti, markéiert. Domatter war kloer, datt den Titel net méi a Gefor war. Mee et war nach net eriwwer… Wann déi Beetebuerger schonn am Kapp gefeiert hunn, ouni dofir d‘Spill „schleefen ze loossen“, esou hunn awer och d‘Damme vun der Entente sech gewisen.

SC Beetebuerg

© Luigi de Stephanis/moien.lu

Si ware gutt opgestallt a hu vill Courage a Kampfkraaft ënner Beweis gestallt. Et war gewosst, datt si hei op e schwierege Géigner géifen treffen, mee hunn flott a faire Fussball gewisen. Wéi dunn an 74. Minutt d‘Kate Thill am zweete Versuch de 4:0 (Foul-Eelefmeter) mécht, an well et esou schéin ass, och nach an der 89. Minutt de 5:0 mécht, hu se op der Bänk schonn emol ugefaangen ze feieren.

Ervirzehiewen ass dann awer, mat wéi enger Begeeschterung d‘Entente vill zu dësem schéine Match bäigedroen huet. Si hunn zu kengem Ament d‘Spill opginn a bestänneg no Chance gesicht. An esou eng haten si dann och an der 79. Minutt. Hei wier ee ganz schéinen Uschlosstreffer (och Éieregoal) verdéngt gewiescht. Leider ass dem Nicky Ouchakoff (15) säi Schoss un der Lat hänke bliwwen.

Kommentar:

Obschonn d‘Renconter sech fir d‘Damme vun der Entente vu vireran als „schwiereg“ erwisen huet, an déi Beetebuerger ouni Drock oplafe konnten, ass eis gëschter ee flotte Match gebuede ginn. D‘Entente Rouspert-Bäerdref-Chrëschtnech hätt sech duerch de couragéierten a fairen Asaz, den Éierentreffer absolut verdéngt gehat, mee et huet net solle sinn.

SC Beetebuerg

© Martine de Lagardère/moien.lu

Déi Beetebuerger hunn datt gemaach wat an esou enger Situatioun grondleeënd ass. De Géigner direkt ënner Drock setzen an de fréie Goal erzilen. Dat hu se hikritt, hir Leeschtung vun der Saison nach emol bekräftegt an domatter bewisen, datt si e wierdege Champion sinn.

Stëmmen zum Spill

Den Trainer vun der Entente, Schartz Christian, huet den Damme vun Beetebuerg fir de verdéngten Titel als Landesmeeschter gratuléiert. Och haut hätten si bewisen déi beschten Equipp zu Lëtzebuerg ze sinn. „Mir woussten datt et schwéier géif ginn, si hunn e schéinen a proppere Fussball gewisen, dat iwwert déi ganz Saison. Domatter ass de Champion méi wéi gerechtfäerdegt (…) Ech muss awer och meng Damme luewen, déi zu kengem Ament de Kapp hänke gelooss hunn, an ëmmer fair a couragéiert mam Géigner gekämpft hunn. Wann een de Géigner feiere gesäit gëtt engem bewosst datt een dat och gären hätt. Mee dohannert stécht vill Zäit an Aarbecht. Mir mussen eis weiderentwéckelen an elo op de wichtege Barragematch konzentréieren“.

SC Beetebuerg

© Luigi de Stephanis/moien.lu

Vu Beetebuerger Säit huet eis den Daniel Nunez – deem et verständlecherweis schonn no Feiere war – ganz kuerz gesot: „Ech sinn houfreg op meng Meedercher!“. Méi war gëschter fir eis net dra mee dofir hu mir Versteesdemech. D‘Lena Krier (1) – dat säin éischten Titel elo gewonnen huet – war natierlech iwwerglécklech, an et him d‘Wierder gefeelt. „Am Moment feele mir d‘Wierder. Ech mengen awer dat mir den Titel verdéngt hunn. Mir hu konsequent an am Team gemeinsam fir dëst Zil geschafft, an och wann et emol déi eng oder aner Schwieregkeet ginn huet, esou konnte mir datt ëmmer als Kollektiv zu eise Gonschte verwennen“.

Opstellung vun den Equippen:

Entente Rouspert-Bäerdref-Chrëschtnech: 1 Lisi Oberweis, 13 Mariel Sauber, 12 Romy Gruber, 8 Jana Carmen Wagner, 10 Louise Lamberty, 9 Tessy Schiltz, 6 Carol Mohr, 2 Lena Goedert, 17 Anne-Charlotte Ferreira, 16 Laetitia Marques, 18 Mariela Galizia. Reserven: 4 Saida Camerlynck, 15 Nicky Ouchakoff, 7 Florentine Loos. Trainer: Christian Schartz

SC Beetebuerg

© Martine de Lagardère/moien.lu

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 18 Marie-Amelie Albrand, 88 Amenis Correia, 9 Sadine Correia, 29 Tamara „Tammy“ Aniset, 6 Sarah Witry, 8, Lea Pizzimenti, 31 Senada Ceman, 21 Oceane Testard, 14 Lucia Ruiz Rojas, 20 Kate Thill. Reserven: 16 Kim Nilles, 17 Sheila Hoja, 4 Sabrina Dukowski, 25 Justine Oswald. Trainer: Daniel Nunes

Foto: © Luigi de Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten Champions League, Dammefussball, Entente Rouspert-Bäerdref-Chrëschtnech, Landesmeeschter, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel