Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Frankräich: Kee Sonnenopgank fir d‘politesch Rentrée
Neiegkeeten https://moien.lu/signs-that-he-is-dating-another-girl/

https://moien.lu/online-dating-profile-creator/

Säit dräi Méint ginn d‘Sondage fir de franséische President an

Wat eng Hëtzt – Ofkillung am Colruyter Frigo?
Neiegkeeten https://moien.lu/signs-that-he-is-dating-another-girl/

Wat eng Hëtzt – Ofkillung am Colruyter Frigo?

Et steet eis nees eng Hëtztwell virun der Dier –

D‘Petitioun zum „Tiers Payant“ leeft gutt
Neiegkeeten https://moien.lu/signs-that-he-is-dating-another-girl/

D‘Petitioun zum „Tiers Payant“ leeft gutt

Et ass ee matten an der Chrëschtvakanz, an trotz allem

Dammefussball: De SC Beetebuerg ass de verdéngte Landesmeeschter

Um leschte Spilldag géint Wëntger hunn d‘Beetebuerger nach emol zolidd Gas ginn

Dammefussball: De SC Beetebuerg ass de verdéngte Landesmeeschter

Um Samschdegowend ass d‘Fussballsaison bei den Dammen op en Enn gaangen. Fir d‘Damme vum SC Beetebuerg war den Titel längst sécher, firwat een geduecht huet, se géifen dëse lescht Match eppes méi gemälleg ugoen. Dat wier den SC Beetebuerg awer ënnerschätzt.

Wéi een et vum SC Beetebuerg déi ganz Saison iwwer gewinnt war, ass et – knapps datt den Arbitter d‘Spill ugepaff huet – mam Pressing lass gaangen a Richtung géigneresche Goal gaangen. Et ass „séier“ a „flësseg“ gespillt ginn. Den éischten Androck: fir déi Beetebuerger Damme war d‘Saison um 19 Auer nach laang net eriwwer.

 

SC Beetebuerg

D‘Damme vum AS Wëntger blécken op eng zefriddestellend Saison zréck. Si hin hiert Zil, an der éischter Liga dran ze bleiwen erreecht. © Luigi de Stephanis/moien.lu

Op där aner Säit d‘Damme vum AS Wëntger. Déi hunn de Kapp an de Stuerm gehalen a sech esou gutt wéi iergend méiglech géint eng kloer offensiv agestallte Beetebuerger Ekipp gewiert. Si waren zudeem beschtens ënnerstëtzt ginn, war dach eng ganz „Trommel-Combo“ mat op Beetebuerg komm. Déi Wëntger Damme komme schliisslech mat erhuewenem Kapp aus de Saison eraus.

Si waren d‘Opsteiger vun der leschter Saison a konnten sech hir Plaz an der éischter Liga kloer behaapten. Et wier vermoossen, d‘Resultat vum Saison-Ofschlossmatch ze iwwerbewäerten. Hir Saison hat eben och hir Héichten an déiften. Gëschter war et nees ee vun deenen net esou gudden Deeg, wat déi sechs Goaler och an Zuele festgehalen hunn.

Zum Spilldag

D‘Dominanz vum SC Beetebuerg war an der éischter Halbzeit net ze iwwersinn. 5… an Zuelen „Fënnef“ Goaler mat engem Hattrick nach derbäi. Do huet e gesinn, d‘Damme spille bis zur leschter Minutt.

An der 6. Minutt fält den 1:0 duerch Sabrina Dukovski (4), eng Véierelsstonn drop ass et d‘Anouchka Besch (11) dat den 2:0 markéiert. An de 25. Minutt schéisst d‘Lea Pizzimenti (8) den 3:0. Kuerz virun der Paus geléngt dem Anouchka Besch säin Hattrick. Dat mat engem Goal an der 41. Minutt an, an der 45 + 2. Domatter war de Hattrick perfekt an op der Bänk gouf sech gefreet.

SC Beetebuerg

© Luigi de Stephanis/moien.lu

No der Paus haten d‘Damme vum SC Beetebuerg dann awer d‘Assurance, datt et scho misst mat der Däiwel zougoen, dëse Match nach aus der Hand ze ginn. Si sinn et dann eppes méi lues ugaangen, hunn awer hir Dominanz weiderhi beusprocht. Dat ass den Damme vu Wëntger dann och „entgéint“ komm.

Net méi ganz esou ënner Drock, konnten si eppes méi fräi opspillen an hu bewisen datt si hir Plaz an der éischter Liga verdéngt hunn. Esou um Beispill vum Julie Marques (16), deem et leider net vergonnt war den Éieregoal ze schéissen, mee eng ganz wierdeg Prestatioun gebueden hat.

Wann een elo awer déi Goaler net schéisst déi engem ugebuede ginn, mécht dat fir gewéinlech en aneren. An esou war et dann och gëschter, well déi 15 järeg an duerchaus talentéiert Lucia Ruiz (14) huet sech ervirgedoen, a senger Ekipp de 6:0 an der 83. Minutt zougestanen. Domatter war endgülteg Schluss an esou lues konnt een a Feierlaun geroden.

Kommentar:

Et wier elo einfach ze schreiwen datt Beetebuerg den Titel verdéngt huet, well si dee beschte Stuerm an déi beschten Defense huet. Dorunner léisst sech awer och zu Lëtzebuerg keen Titel festmaachen. Mir hunn d‘Damme vum SC Beetebuerg eng ganz Saison laang bei hiren Heemmatcher begleet an konnten ons vum Asaz, der Motivatioun an enger gutt iwwerluechter Strategie iwwerzeegen. Dat bedeit dann och nees, datt et am Training déi selwecht Loscht a Motivatioun muss ginn, ergo hei gëtt brutal am Team um Erfolleg geschrauft.

Den Trainer Daniel Nunes kritt seng Spillweis ganz gutt un d‘Fra bruecht, wat sech och dorausser ofleede léisst, datt wann emol – an dat war dann och de Fall – „Pilieren“ vun der Ekipp ausfalen, déi groussaarteg Teamleeschtung an den Zesummenhalt deem begéine kënnen. Dem SC Beetebuerg säi Spill huet dat wat een eng „Handschrëft“ nennt. D‘Talenter an d‘Sportler esou ze vereenen, ass eng Leeschtung déi opfält. D‘Redaktioun vu moien.lu gratuléiert dem SC fir de verdéngten Titel.

Stëmmen zum Spill

Fir den AS Wëntger huet sech nom Spill d‘Goalkeeperin Julie Augscheller (1) mat eis ënnerhalen. „Ech sinn, och wann d‘Resultat vun haut et net hir gëtt, ganz zefridde mat eiser Ekipp. Et war gewosst datt mir et beim Landesmeeschter net einfach géife gemaach kréien. Wichteg ass fir eis, datt d‘Leeschtung iwwer déi ganz Saison gutt war, a mir als Opsteiger déi gesaten Ziler erreecht hunn. Dorops dierfe mir als Ekipp houfreg sinn. De Beetebuerger kann ee fir hiren Titel nëmme gratuléieren an hinnen eppes Gléck an der Championsleague wënschen“.

SC Beetebuerg

© Luigi de Stephanis/moien.lu

Vum SC Beetebuerg, war eis eng grouss Freed mam Lucia Ruiz, eiser talentéierter Nowuessspillerin déi eis och an der kommender Saison bestëmmt vill ze bidden huet, ze schwätzen. „Mir hunn haut e seriéise Match gespillt, wat vum Resultat bestätegt gëtt. Wat mech perséinlech betrëfft, esou hat ech eppes Krämpes an de Match ze kommen, mee nom Goal war d‘Moral och wéi ausgewiesselt. Ech sinn nach jonk an hunn nach vill ze léieren, sinn awer hei gutt opgehuewen an sinn zouversiichtlech och déi nächst Saison mat der Ekipp eng gutt Leeschtung um Terrain weisen ze kënnen“.

Opstellung vun den Ekippen

AS Wëntger: 1 Julie Augscheller, 8 Lynn Justen, 6 Samra Mujanovich, 5 Sara Moreira da Luz, 13 Mara Sousa Fernandes, 9 Nora Hermes, 18 Pauline Smeets, 23 Megan Hagen, 3 Stephanie Hermes, 16 Julie Marques Abreu, 7 Martine Schon. Reserven: 11 Lis Bourg, 29 Kate Melchior, 19 Kathy Kerschen, 4 Lynn Koch. Trainer: Carlo Calmes.

SC Beetebuerg

Dat sinn d‘Landesmeeschterinnen: D‘Damme vum SC Beetebuerg hunn eng exzellent Saison higeluecht a sech leedeglech an der Coupe e Feeltrëtt geleescht. Dat awer ass längst vergiess an elo gëtt sech op d‘Championsleague virbereet. © Luigi de Stephanis/moien.lu

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 88 Amenis Correia, 18 Marie-Amelie Albrand, 9 Sadine Correia, 29 Tamara „Tammy“ Aniset, 6 Sarah Witry, 21 Oceane Testard, 8 Lea Pizzimenti, 20 Kate Thill, 4 Sabrina Dukovski, 11 Anoucka Besch. Reserven: 17 Sheila Hoja, 14 Lucia Ruiz Rojas, 12 Rita Garcia. Trainer: Daniel Nunes

Foto: De SC Beetebuerg ass Landesmeeschter am Dammefussball, do kënnen sech d‘Hären emol eppes ofkucken. © Luigi de Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten AS Wëntger, Championsleague, Dammefussball, Landesmeeschterinnen, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel