Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren
Neiegkeeten Sport Uncategorized

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren

Um Donneschdeg huet sech Twitter nei Richtlinne ginn, an huet

Wann’s de léiwer Virtuell ënnerwee bass, da bléif um Canapé setzen
Neiegkeeten Sport Uncategorized

Wann’s de léiwer Virtuell ënnerwee bass, da bléif um Canapé setzen

Dënschdegowend zu Esch Uelzecht, et ass eng Auer zéng an

dislike
Si Wandmille wierklech esou gutt fir de Klima?
Neiegkeeten Sport Uncategorized

Si Wandmille wierklech esou gutt fir de Klima?

Datt Wandmillen derzou bäidroen den Ausstouss vun Zäregasen ze reduzéieren,

Dammefussball: den SC Beetebuerg iwwerrennt d‘Damme vum FC Mamer 32

Dammefussball: den SC Beetebuerg iwwerrennt d‘Damme vum FC Mamer 32

Et war batter Kal gëschter um Terrain zu Beetebuerg, an awer hate ronn 100 Supporter de Wee fonnt fir hir Mannschaft ze ënnerstëtzen. D‘Partie huet verhalen ugefaangen. Déi éischt Hallefstonn haten et d‘Damme vum SC Beetebuerg eppes schwéier an d‘Spill ze fannen.

Mamer hat seng Strategie gutt opgebaut, an de Mëttelfeldspillerinnen Oswald (25) a Pizzimenti (8) eng zolidd „Manndeckung“ zur Säit gestallt. D‘Susana Garcia (8) huet um Justine Oswald gepecht, an d‘Stephanie Almeida (16) huet sech ëm Léa Pizzimenti gekëmmert. Dëse Manöver huet d‘Spill vun de Beetebuerger beaflosst, déi esou net op hir bewäerten Taktik zréckgräife konnten.

An der 33. Minutt gouf d‘Pizzimenti am 16 Meter vun de Féiss gehuewen, firwat et zum Eelefmeter komm ass. Ugetrueden ass d‘Oswald, datt säi Schoss nach placéiert krut, woubäi d‘Goalkeeperin vu Mamer, Lynn Bei (1) hei Pech hat. Si war an de richtegen Eck gaangen, huet de Ball nach beréiert, mee konnt dat schlëmmst net méi verhënneren. Fir déi Beetebuerger, sollt et eng Erléisung sinn.

Weider Drock opbauen

Den Ufank war gemaach, a schonn an der 39. Minutt konnt d‘Oswald nees gewinnt opspillen, huet eng Pass an d‘Déift gemaach, wou d‘Dos Santos (10) de Ball propper opgeholl huet, an d‘Géignerin schlicht an ergräifend op der Plaz stoe gelooss huet. Den Avantage gouf genotzt, an d‘Goalchance fir den 2:0 perfekt genotzt. Beetebuerg war erliichtert, déi gewinnte Strategie huet Friichte gedroen.

No der Paus ass et drëms gaangen de Virdeel net méi aus der Hand ze ginn, an de Mamer Dammen hir Grenzen opzeweisen. Interessant war et ze gesinn, wéi déi Beetebuerger Stiermerin Besch (11) sech an e speziellen Duell mat der Mamer Goalkeeperin verwéckelt huet. An der 49. Minutt, déi éischt Aktioun: eng wonnerbar orchestréiert Dréiung, an de Schoss mat lénks trëfft op d‘Lat.

Eng zéng Minutte méi Spéit (60. Minutt) zitt d‘Stiermerin of, mee d‘Goalkeeperin hat d‘Aen op a konnt sech dëse Ball sécheren. Zwou Minutten drop, déi nächst Geleeënheet, mee de Ball huet de Goal denkbar knapps verfeelt. An der 67. Minutt, e Schoss aus der Distanz… och hei war d‘Gléck net op der Säit vun der Stiermerin, de Ball geet iwwert de Goal.

Iwwerzeegend gespillt

An Tëschenzäit waren awer nach e puer Goaler gefall: 3:0 an der 51. Minutt duerch Albrand (18) no enger gudder Kombinatioun vum Bësch op d‘Lucia Ruiz (14) – eng ganz talentéiert Spillerin vu 15 Joer – déi de Ball un d‘Albrand gekonnt weidergeleet huet. An der 58. Minutt huet déi Mamer Verdeedegung net uecht gedoen, an d‘Ceman (31) huet seng Goalchance propper ëmgesat kritt.

Beetebuerg

De leschte Goal vun der Partie sollt an der 74. Minutt falen. No engem erneit laangen diagonale Säitewiessel, ausgaange vum Oswald a Richtung Dos Santos, ass de Ball dem Kimberley an de Laf gespillt ginn, dat huet keng Sekonn gezéckt a voll duerchgezunn. D‘Goalkeeperin hat deem näischt entgéintzesetzen, ze séier, ze schaarf, de Schoss vun der Beetebuergerin net ze halen.

Näischt onversicht gelooss

Zu de Spillerinne vu Mamer. Si haten sech defensiv strategesch gutt opgestallt, an konnten esou déi Beetebuerger un hirem gewinnte Spillfloss hënneren. No vir huet et eppes méi moer ausgesinn, wat een unhand de Goalchance festmaache muss. Déi éischt reell Goalchance fir Mamer huet sech esou eréischt an der 80. Minutt opgedoen.

D‘Spillerin Hansen (23) presentéiert seng eleng virun der Beetebuerger Goalkeeperin Krier (1), setzt gutt un, mee d‘Lena huet mat enger fantastescher Reaktioun, d‘Hoffnung op den Éierentreffer zerstéiert. Eng Minutt méi spéit, war d‘Lena op e neits erausgefuerdert ginn, mee huet seng „Këscht“ mat Bravour propper gehalen.

Als Fazit muss een zréckbehalen, datt sech d‘Damme vum SC Beetebuerg op e neits vun hirer beschter Säit gewisen hunn, a verdéngt d‘Tabell uféieren. Den Damme vu Mamer muss een unerkennen, datt si eng gutt Spillanalys vu Beetebuerg hunn, wat hinne besonnesch an der Defense entgéint komm ass. Wéi d‘Kraaft ugefaangen huet nozeloossen, war et awer ëm si gedoen.

Stëmmen zum Spill

D‘Rita Sousa Leite (10) huet eis nom Spill erkläert, datt si sech eigentlech gewënscht haten, datt dëse Match verluecht sollt ginn. Si hunn, well dat dann awer net méiglech war, op véier wichteg Stammspillerinne misse verzichten. Mir hunn dat missen akzeptéieren, an d‘Victoire vum SC Beetebuerg ass gëtt net a Fro gestallt.

SC Beetebuerg

D‘Damme vum FC Mamer 32. © FC Mamer 32

Mir hunn eis iwwert de ganze Spillverlaf un d‘Consigne vun eisem Trainer gehalen. Leider ass et eis net gelongen, déi Beetebuerger an de Grëff ze kréien, wat eis ganz vill Kraaft kascht huet. An d‘Paus mat engem 2:0 Réckstand ze goen, mécht et och net méi Einfach. Beetebuerg ass e Kandidat fir den Titel, mee mir gesi Chancen eis ënnert den 3 éischten am Championnat ze placéieren an eng wichteg Roll an der Coupe ze spillen.

Op Beetebuerger Säit huet eis d‘Lena Pizzimenti seng Siicht op de Match erzielt. Datt et an den éischten 30 Minutte fir eis net esou gutt gelaf ass, huet domatter ze dinn, datt Mamer eng ganz gutt Analys vun eisem Spillsystem gemaach huet. Si hunn eis eng gutt organiséiert Defense entgéint gestallt, an mir hunn entspriechend ze kämpfe gehat, fir eist Spill op den Terrain ze bréngen.

Mamer huet lues a lues u Kraaft agebéisst, hir Weeër sinn ëmmer méi laang ginn, wat mir gutt ausgenotzt hunn. Ugesiichts de Goalchance vu Mamer, muss een eis Victoire als „verdéngt“ bezeechnen. Dat gesot, mussen sech d‘Damme vum SC Beetebuerg elo op d‘Renconter géint den SC Ell virbereeden. Och hei gëllt et nees voll motivéiert ze spillen, a méiglechst ze gewannen.

Opstellung vun den Equippen:

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 88 Amenis Correia, 11 Anouchka Besch, 9 Sadine Correia, 6 Sarah Witry, 14 Camilla Ruiz Rojas, 18 Marie-Amelie Albrand, 25 Justine Oswald, 8 Lea Pizzimenti, 10 Kimberley Dos Santos, 31 Senada Ceman. Reserve: 16 Kim Nilles. 7 Karen Marin, 4 Sheila Hoja. Trainer: Daniel Nunes.

SC Mamer 32: 1 Lynn Bei, 23 Janine Hansen, 7 Celia Pinto, 4 Stephanie Wiseler, 13 Marisa Soares, 16 Stephanie Almeida, 8 Susana Garcia, 10 Rita Sousa, 3 Gisela Godinho, 35 Barabara Agostino, 17 Jeanne Klopp. Reserve: 99 Candida Neves, 22 Claire Winter. Trainer: Evariste Kabongo.

Ähnlech Sujeten Anouchka Besch, Dammefussball, FC Mamer 32, Justine Oswald, Kimberley Dos Santos, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel