Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kommt och dir an entdeckt den éischte Senior-Kohabitatiounsprojet zu Luerenzweiler
Neiegkeeten Sport

Kommt och dir an entdeckt den éischte Senior-Kohabitatiounsprojet zu Luerenzweiler

Zu Luerenzweiler entsteet grad den éischten „écohabitat senior“. Hei kënnen

surprise
Portrait: Vladimir Putin, Patron vu Russland
Neiegkeeten Sport

Portrait: Vladimir Putin, Patron vu Russland

No iwwer 18 Joer un der Muecht, symboliséiert de Vladimir

Wéi de Marc Hansen a FEDIL Entreprisë bei der Digitalisatioun begleede wëllen
Neiegkeeten Sport

Wéi de Marc Hansen a FEDIL Entreprisë bei der Digitalisatioun begleede wëllen

Gëschter huet den delegéierten Digitalisatiounsminister Marc Hansen d’Delegatioun vun der

Dammefussball: Wëntger geréit zu Beetebuerg ënnert d‘Rieder

Dammefussball: Wëntger geréit zu Beetebuerg ënnert d‘Rieder

Bei der Renconter vum SC Beetebuerg géint den AS Wëntger huet et vun Ufank un nëmmen eng Richtung ginn: an dat war de Goal vun de Gäscht. D‘Dammen aus dem héijen Norde sollten et wierklech schwéier gemaach kréien. An et huet och zolidd „gekraacht“… mee eent nom aneren.

Den Optakt vun der „Goal-Gala“ säitens dem SC Beetebuerg huet et an der 11. Minutt ginn. Hei hat sech d‘Kate Thill (11) de Ball gekroopt, déi géigneresch Defense iwwerlaf an mam lénke Fouss de Ball ausserhalb der Reechwäit vun der Wëntger Goalkeeperin Julie Augscheller (1) an d‘Netz gesat. Siwe Minutten drop huet d‘Sarah Witry (6) de Ball aus 30 Meter Distanz op de Goal geschoss, an hei hat d‘Goalkeeperin d‘Trajectoire zolidd ënnerschätzt, firwat et verdéngt 2:0 gestanen huet.

Et ass weider bei der Dominanz vum SC Beetebuerg bliwwen, esou huet et op en Neits eng zolidd Goalchance an der 21. Minutt ginn, wou d‘Kate Thill neeleg iwwert d‘Lat geschoss huet. Bei esou engem Drock no vir, kann et hannen emol eppes méi noléisseg zougoen. Esou an der 27. Minutt, wou et no engem „Mëssverständnes“ tëscht dem Sarah Witry an dem Lena Krier (1) op emol en eidele Goal um Terrain hat. D‘Spillerin vum AS Wëntger, Martine Schon (7) konnt leider net vun dëser wierklech grousse Chance profitéieren.

De Beetebuerger Dammen huet dat wéineg ausgemaach, si hu weider an déi aner Richtung gespillt. Et sollt virum Goal vum AS Wëntger eng kleng Show vum Kimberley Dos Santos (10) ginn. Eis Spillerin vum Joer 2018, huet sech en Duell mam Julie Augscheller geleescht, sollt awer all kéiers un der „leschter Damm“ scheiteren. Esou an der 29. wéi och an der 39. Minutt. Déi Wëntger hunn do ëmmer nees den Otem ugehalen…

Wëntger

© Luigi De Stephanis/moien.lu

Wou een schonn ugefaangen huet sech Gedanken iwwert d‘Gedrénks oder de gudde Maufel an der Paus ze maachen, hunn d‘Damme vum SCB nach emol eng kleng Schëpp nogeluecht. Esou huet d‘Justine Oswald (25) an der 44. Minutt och hire Beitrag geleescht, firwat et an der Paus 3:0 gestanen huet. Déi absolut Dominanz vun de Beetebuerger Dammen huet drop higewisen, datt et déi zweet Hallschent, och fir hinne sollt gehéieren.

No der Reprise gëtt et weider wéi déi éischt Hallschent opgehalen huet. De SCB huet de Géigner kaum zum Spill komme gelooss. D‘Raim waren enk, d‘Spill flësseg an d‘Zil: de Goal vum AS Wëntger. Vun der 54. bis zu 65. Minutt sinn nach emol véier Goaler gefall. D‘Kate Thill ass op en Neits erfollegräich virum Goal opgetrueden. Esou an der 54. wéi och an der 57. Minutt, wou sech fir den SCB de Score op 5:0 erhéicht.

An de 60. Minutt huet dunn d‘Lea Pizzimenti (8) getraff. Och d‘Kimberley Dos Santos hat säin Zweekampf mam Julie Augscheller nach net bäigeluecht. An der 65. Minutt sollt et der Knetzel dann endlech geléngen, d‘Schwächt vun der Géignerin zum eegenen Avantage ze notzen. Esou war et 7:0 an et gouf weider gespillt. Den Damme vu Wëntger, déi hei wuel ënnert d‘Rieder geroden sinn, muss een awer zerguttst halen, datt si sech net huele gelooss hunn.

Si hu sech mat vill Éiergäiz an och Disziplin um Terrain presentéiert an esou och ervirgedoen. Datt et géif „schwéier“ ginn hu si zanter dem „Aller-Match“ gewosst. Si wäerte wuel nach eppes musse schaffen, sollten awer net enttäuscht sinn. Och dann net, wann, wéi e Samschdeg, an der 89. Minutt nach den 8:0 fält. Deen huet sech, wéi hätt och anescht kënne sinn, d‘Kate Thill gegënnt…

Stëmmen zum Spill

Säitens dem AS Wëntger huet eis d‘Angie Bisschops (9) nom Spill seng Impressiounen zum Spill geliwwert: „Wann een 8:0 verléiert ass ee selbstverständlech enttäuscht, mee mir woussten datt et fir eis zu Beetebuerg géif richteg schwéier ginn. Si sinn immens staark wat de Ballbesëtz betrëfft. Mir mussen eis awer och op d‘Saison konzentréieren a natierlech och un eise Méiglechkeete schaffen“.

Aus Beetebuerger Siicht: „Mir sinn de Match vun der richteger Säit un ugaangen, konnten zäiteg den éischte Goal maachen, wat bei esou Renconteren immens wichteg ass. Mir hunn disziplinéiert a koordinéiert gespillt, firwat sech déi Chancen opgedoen hunn, déi mir och ze notze woussten. Eise Géignerinne muss ee héich halen, datt si ganz Fair mat an d‘Dueller gaange sinn an och den ‚Abseits‘ gutt gespillt hunn“, esou d‘Justine

Natierlech wollte mir vum Justine Oswald och wëssen, wéi et sech no der laanger Spillpaus fillt. „D‘Operatioun ass elo ee Joer hir, an et war keng einfach Zäit – och psychesch. Elo ass wichteg nees an de Spillrhythmus eranzekommen. Vläicht gesäit een elo net méi dat ‚aalt Justine“ mee ee ganz anert Justine, an dat muss jo net méi schlecht sinn. Am wichtegsten awer ass: ech hunn nees Spaass um spillen, a freeë mech nees bei de Meedercher ze sinn“.

Opstelle vun den Ekippen

AS Wëntger: 1 Julie Augscheller, 23 Megan Hagen, 17 Carolina Ferreira, 11 Sarah Wirtz, 10 Pia Berscheid, 7 Martine Schon, 9 Angie Bisschops, 13 Mara Sousa Fernandes, 3 Ruth Kouvon, 5 Sara Moreira da Luz, 6 Samra Mujanovic. Reserven: 4 Lynn Koch, 19 Käthy Kerschen. Trainer: Carlo Calmes.

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 29 Tamara „Tammy“ Aniset, 18 Marie-Amelie Albrand, 9 Sadine Correia, 10 Kimberley Dos Santos, 17 Stessy Musselek, 8 Lea Pizzimenti, 14 Lucia Ruiz, 11 Kate Thill, 6 Sarah Witry, 25 Justine Oswald. Reserven: 88 Amenis Correia, 5 Simone Ney, 99 Hanna Thill. Trainer: Yves Block.

Foto: © Luigi De Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten AS Wëntger, Dammefussball, FLF, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel