Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UN-Klimasommet: Ouni Emissiounen iwwert den Atlantik!
Neiegkeeten Stories

UN-Klimasommet: Ouni Emissiounen iwwert den Atlantik!

D’Rees vu Plymouth op New York wäert fir d’Klimaaktivistin Greta

Reprise vum Schoulbetrib… mir si virbereet
Neiegkeeten Stories

Reprise vum Schoulbetrib… mir si virbereet

Wat fir vill kleng Gemengen net einfach ass, datt ass

De Mariano Rajoy géint d‘Demokratie a Katalounien
Neiegkeeten Stories

De Mariano Rajoy géint d‘Demokratie a Katalounien

Mat de Perquisitioune vun de Büroe vu sëlleche Volleksvertrieder a

Vu chrëschtlecher Nächsteléift a Verantwortung

Vu chrëschtlecher Nächsteléift a Verantwortung

D‘Dammen aus dem Botzsecteur… si wiere systemrelevant gouf gesot, elo kréien déi éischt de Merci, wuel well si einfach ze deier sinn. D‘„Imprimerie Saint Paul“, dat sinn déi wou ënnert anerem déi fréier Bistumszeitung Lëtzebuerger Wort – de Buttek gouf jo elo u Mediahuis verkaf – drécken, huet natierlech mam ganze Schlamassel näischt ze dinn.

Wourëms et geet:

D‘Imprimerie Saint Paul huet decidéiert den Entretien vu senge Raimlechkeeten net méi länger vun der Entreprise „Express Services Sàrl“ duerchféieren ze loossen, an en neien, wirtschaftlech méi avantagéisen Accord mat der Entreprise „A1 Clean Sàrl“ fonnt. Et muss jo elo iwwerall gespuert ginn, an dat geet nach ëmmer am beschten um Réck vun de Lounofhängegen. Et huet een Erfarung.

Elo gëtt et fir dëse Secteur een nach ëmmer gültege Kollektivvertrag, wat natierlech fir kee vun den an dësem Dossier betraffenen Acteuren – ausser natierlech dem Botzpersonal – eng Roll spillt, et ass jo nëmme Pabeier, ee bëssi wéi dat op deem déi gréissten Zeitung vum Land gedréckt gëtt, an där een oft liese kann, wéi wichteg et ass een deen aneren ze respektéieren an onser Här ee gudde Mënsch sinn ze loossen. Dat gëllt awer natierlech nëmme fir déi aner…

Am Artikel 5 vum genannte Kollektivvertrag ass zwar schwaarz op wäiss festgehalen, datt „le maintien de l‘emploi doit être considéré comme priorité absolue dans le cadre d’un transfert et ce également en cas de changement du lieu de la prestation. En matière de transfert du contrat d’entretien, suite à une adjudication ou à la décision du client, l’obligation de transfert du contrat de travail est applicable“. Dëse Fakt ass allen Acteure beschtens bekannt.

Wat elo hei gespillt gëtt:

Dat „A1 Clean Sàrl“ de Vertrag vun „Express Services Sàrl“ bei der Imprimerie Saint Paul konnt iwwerhuelen, do muss ee sech näischt virmaachen, huet eppes mam Präis fir den erbruechte Service ze dinn. Sécherlech wäert sech hei nach deen een oder anere fanne loossen, déi Géigendeeleges ze bidden huet, béid Verträg op den leeën, fir ze beweisen datt et net ëm de Goss, mécht natierlech keen. A wéi gesot, d‘Botzfrae sinn net de Imprimerie hire Problem.

Botzsecteur

De Protestpiquet um Dënschdegmueren, virum Lëtzebuerger Wort wäert net dee leschte sinn, deen de Kameramann vum OGBL an de nächste Méint wäert mussen Dokumentéieren. © Martine de Lagardère / moien.lu

Si bezuele fir eng Déngschtleeschtung, déi Mënschen – fir déi meescht Fraen – déi d‘Aarbecht fir en éischter bedréckende Loun erleedegen, ginn d‘Imprimerie natierlech absolutt näischt un. Esou brauch ee keng Verantwortung ze huelen a beweist dann awer indirekt, datt alles wat een soss esou u chrëschtleche Wäerter no bausse vertrëtt, eigentlech selwer éischter veruecht. Déi „Béis“ sinn ëmmer déi aner, a wéi gesot de Kollektivvertrag mussen anerer anhalen.

Säit dem 1. September hunn d‘Dammen, déi streng geholl vun „A1 Clean Sàrl“ am Kontext vun engem „Vertrag-Transfert“ hätte sollen dierfe weiderschaffen, keen Zougank méi zur hiren Aarbechtsplazen. An et gëtt nach besser, well „A1 Clean Sàrl“ bezitt sech Geriichtsurteeler aus änlech gelagerte Fäll a behaapt sech drop, datt et heibäi net ëm en Transfert geet, firwat een net un de Kollektivvertrag vum Secteur gebonnen ass. U Culot feelt et hinnen net.

Wat bewierkt et:

Wann et ëm de Goss oder méi generell d‘Rechter vum Salariat an den Sozialdialog geet, erginn sech zu Lëtzebuerg ëmmer méi Situatiounen déi un dem Trump seng USA erënneren. Wat de Mënsch am Sënn vu „Wuelstand“ méi déif ënnen op der sozialer Leeder steet, wat een dëse manner bis guer net respektéiert, an déi eege Finanzmuecht notzt, déi op Linn ze bréngen. Sech selwer all Dag e Bifdeck gënnen, an deenen aneren d‘Grompereschuelen iwwerloossen…

Fir de Grappvoll Salariéeën, déi nach bis viru kuerzem hir Aarbecht ganz zur Zefriddenheet vun de Leit, déi sech jo och iwwert en propper Aarbechtsplaz freeën, erleedegt ergëtt sech en zolitte Problem. Hinne gouf zur Stonn nach net gekënnegt, mee den „ale“ Patron huet se bei Securité Sociale ofgemellt. Den „neie“ wëll wéi mir elo wëssen näischt vum Ganze wëssen.

D‘Estelle Winter, vum OGBL erkläert: „Mir hunn elo hei faktesch eng Situatioun déi een als ‚licenciement sauvage‘ ëmschreiwe kann. Si kruten net gekënnegt, kënnen sech folgerichteg och net op der ADEM aschreiwen. Sinn allerdéngs och net méi affiliéiert, firwat si weder en Usproch op eng Krankekeess, Familljenzoulagen a wat soss nach derzougehéiert, hunn. Esou onmëttelbar virun der Schoulrentrée, en ganz seriéis a bedreelech Situatioun.

Wat gefuerdert gëtt:

Säitens dem OGBL – dee sech sécherlech iwwert eppes Solidaritéit vum LCGB gefreet hätt – ass et kloer, datt een déi leit weider beschäftege muss, egal op bei Saint Paul oder soss anzwousch. Zudeem ginn déi betraffen Acteuren opgefuerdert de Kollektivvertrag ze respektéieren. Fir déi zentral Sekretärin vum OGBL, also d‘Estelle Winter, imposéiert sech hei eng drénglech Entrevue mat der Federatioun vun den Entreprisen aus dem Botzsecteur.

Et géif sech zudeem och opdrängen datt d‘Aarbechtsinspektioun (ITM), déi jo streng geholl den Optrag huet drop opzepassen, datt Entreprise de Kollektivvertrag anhalen elo direkt agräift. Et wier sécherlech och net vu Muttwëll, wann den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) senge Leit géif den Optrag ginn, emol ee Bléck op dësen däregen Dossier ze geheien. Et ass natierlech méiglech, datt hien et Virzitt dem Sozialminister Romain Schneider (LSAP) d‘Gromper ze iwwerloossen.

Botzsecteur

Datt d‘Imprimerie Saint Paul déi bestoend Situatioun erbäigefouert huet, dees sinn se sech an der Direktioun scho bewosst. Mee et ass ee jo fein eraus, schliisslech kann ee sech jo dee bëllegste Prestataire eraussichen, an et ass dësem säi Problem, wéi hie gedenkt mam Kollektivvertrag an dem Sozialdialog ëmzegoen. © Martine de Lagardère / moien.lu

Wéi och ëmmer. Wat hei grad geschitt gesäit ganz stramm no engem „Versuch“ aus, fir emol ze kucke wéi wäit ee goe kann. Zudeem kéint et jo als gutt Beispill am eegene Secteur, mee och fir aner Beräicher aus dem Niddreglounsecteur duerhalen. Et ass jiddefalls nees en erbäermlecht Beispill vun „Mir erklären iech wéi een de sozialen Dialog laangfristeg an nohalteg beschiedegt“. Schued, wëll eigentlech war ee frou Si am Etat de Kris ze hunn… oder?

Foto: Natierlech huet d‘Lëtzebuerger Wort mat all deem näischt ze dinn, jo nach net emol ee Wuert dierfen si matschwätzen. Gutt bedauere geet natierlech och net, mee et wäert een awer ganz oppen an objektiv iwwert dëse Problem beriichten. © Martine de Lagardère /moien.lu

Ähnlech Sujeten 1A Clean Sàrl, Botzsecteur, Express Services Sàrl, Imprimerie Saint Paul, Kollektivvertrag, Luxemburger Wort, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel