Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?
Neiegkeeten

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?

D’Sauer gehéiert zu eisen Haaptwaasserleef. Mee wéi gutt kenns du

Migratiounskris: Transitlager um Menü vum Paräisser Mini-Sommet
Neiegkeeten

Migratiounskris: Transitlager um Menü vum Paräisser Mini-Sommet

E klenge Sommet deen de franséische President e Méindeg presidéiert

Tierkei: Den Erdogan rifft d‘Kurden op hie bei de Wahle vum 24. Juni ze wielen
Neiegkeeten

Tierkei: Den Erdogan rifft d‘Kurden op hie bei de Wahle vum 24. Juni ze wielen

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet e Sonndeg, bei

Dan Codello: Bei der LSAP war et och schonn emol besser

Dan Codello: Bei der LSAP war et och schonn emol besser

D‘Sozialisten aus der Minettemetropole hunn et am Moment net liicht. Do ass engersäits de Wieler dee bei de Gemengewahlen entscheet huet, et sollt emol en aneren eppes ze soen hunn. Dann de Koalitiounspartner, deen et nach net emol fir néideg hält Sondéierungsgespréicher ze féieren.

A wéi seet de Fransous? „Jamais deux sans trois“. A fir dës Wäisheet net Ligen ze strofen, huet den Dan Codello dann um Méindeg endgülteg d‘Bengele bei d‘Tromm gehäit. Mëttels engem Recommandé un d‘LSAP-Sektioun huet hie senge Genosse matgedeelt, datt se ab dem 1. November ouni hie missten eens ginn.

Dat heescht d‘LSAP muss ouni den Dan Codello auskommen, dem Gemengerot wëll hien erhale bleiwen. Do sëtzt dann elo en Onofhängegen an der LSAP geet e Mandat verluer. D‘Sozialisten hunn sech dann och am Communiqué „erstaunt“ gewisen a schéngen net ganz ze verstoe wat dann elo lass.

Erstaunt besonnesch wéinst der Feststellung, datt de fréiere Schäffen an LSAP-Kandidat, verantwortlech fir d‘Politik zu Esch war an och de Programm fir d‘Gemengewahle mat ausgeschafft huet. Do sinn da wuel d‘Spannungen, déi et innerhalb der LSAP-Sektioun ginn huet, ënnerschätzt ginn.

Sech der Verantwortung entzéien

Spannungen allerdéngs, déi bei Gespréicher, Sëtzungen an Entrevuen am November, a selbstverständlech „intern“ sollten iwwerwonne ginn. Fir d‘LSAP-Sektioun ass d‘Demissioun vum Dan Codello, zugläich och d‘Demissioun vun der gemeinsamer Verantwortung.

An et ass dann elo och net esou, datt d‘LSAP eng „Mafia-Famill“ wier, déi ee nëmme kéint verloosse wann een Doud ass. Mee et verléisst ee net seng “Famill“ an et hëlt een d‘Bijoue mat. D‘LSAP fuerdert da ganz konsequent vum Dan Codello d‘Mandat, dat legitim der LSAP géif gehéieren.

Dat awer dierft den Dan Codello anescht gesinn. Hie mécht dann och keen Heel draus, datt d‘Politik vum Vera Spautz net seng war. Déi lénk-gewerkschaftlech Ausriichtung war dem éischter liberal agestallte Sozialist ëmmer iergendwéi suspekt. Och déi gutt Relatioune mat déi Lénk waren net senges.

An och während der Campagne hunn sech d‘Vera an den Dan geleeëntlech an d‘Hoer kritt. De Schäffen dee sech fir eng sozialdemokratesch Linn staark mécht, géint eng Buergermeeschtesch mat enger méi lénksradikaler politescher Astellung.

Escher vu Gebuert an aus Iwwerzeegung

Wann et och nach no ze vollzéien ass, datt sech den Dan Codello am Laf vun der Campagne ëfters emol eleng gefillt huet, esou kann dat och dem eegenen „Ego“ geschëlt sinn. Sécher, den Dan war ass no um Escher Bierger. Als fréieren Arbitter ass hie béi de Sportler, als liberalen no un de Geschäftsleit, an och fir Migranten a Schüler huet hien eppes iwwreg.

Et gëtt dann och gemunkelt, datt d‘Politik säi liewe wier. Ze demissionéiere wann d‘Wellen d‘Schëff bedreeën amplaz d‘Nues an de Wand ze halen, ass awer schonn eng gewësse Form vu politesche Selbstmord. Als onofhängege Conseiller am Gemengerot, nieft de fréiere Kampfkomeroden, dat ka schwéierlech gutt goen.

Foto: De Schäffen Dan Codello huet am Gemengerot eng streng liberal Linn verdeedegt. Datt d‘LSAP bei de Gemengewahle vun de Wieler „ofgesat“ goufen, ass an der Konsequenz och dem Dan Codello seng Schold. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Dan Codello, Esch-Uelzecht, Gemengerot, LSAP, Vera Spautz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel