Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LFR: Wann Demandeuren no Asyl ouni Grond zeréckgewise ginn
Neiegkeeten

LFR: Wann Demandeuren no Asyl ouni Grond zeréckgewise ginn

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (LFR) begréisst de gudde Wëllen vu Lëtzebuerger

Schutzmasken: Den Inneministère an de SYVICOL hu sech organiséiert
Neiegkeeten

Schutzmasken: Den Inneministère an de SYVICOL hu sech organiséiert

Bei der Reunioun vu gëschter tëscht dem Inneministère an dem

Kee Pressebriefing nom Regierungsrot
Neiegkeeten

Kee Pressebriefing nom Regierungsrot

Et schéngt en Dissens tëscht der Regierung an de Medien

Een Echange tëscht dem Dan Kersch an FEDAS

Een Echange tëscht dem Dan Kersch an FEDAS

D’Representanten vu FEDAS Lëtzebuerg (Fédération des acteurs du secteur social au Luxembourg Asbl) hu gëschter de Minister fir Aarbecht, Beschtleeschtung, Sozial- a Solidarwirtschaft, den Dan Kersch begréisst.

Bei dësem Treffen hunn d’Representante vu FEDAS grousse Wäert op hir Erwaardungen zur Revisioun vun der Legislatioun, a Relatioun tëscht Staat a sozialen, familiären an therapeuteschen Organismen (ASFT), geluecht. Donieft hu si och op verschidde Problemer mam Code de Travail opmierksam gemaach. Virun allem d’Membere vun der Federatioun gesinn sech an hirem alldeeglechen Aarbechtsliewe mat diverse Widderstänn, virun allem an der Organisatioun an der Aarbechtszäit, konfrontéiert.

De Minister a FEDAS si sech eeneg ginn, fir zesumme Léisungen zu dëse Problemer ze fannen. Och Informatiounscampagnen zur Legislatioun am Beräich „Sociétés d’Impact Sociétales“ (SIS) sinn onbedéngt noutwenneg.

(v.l.n.r.) Edvard Skrilelj; Gérard Albers; Dan Kersch, Minister fir Aarbecht, Beschtleeschtung, Sozial- a Solidarwirtschaft; Marc De Geest; Yves Oestreicher; Michel Colin © MTEESS

Ähnlech Sujeten Code de Travail, Dan Kersch, FEDAS, Legislatur, Problem, SIS
Nächsten Artikel Virrechten Artikel