Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De wirtschaftlechen Opschwong mécht eng Paus
Kultur skiing singles dating

toronto hookup sites

De STATEC: „Am Kontext vum global wirtschaftleche Wuesstemsréckgang huet Lëtzebuerg

Mäertesdag um Härebierg: Mat engem laachenden a kräischenden A
Kultur skiing singles dating

Mäertesdag um Härebierg: Mat engem laachenden a kräischenden A

De Militärzentrum um Dikrecher Härebierg huet un dësem Mëttwochmoien nees

Plëss in Concert
Kultur skiing singles dating

Plëss in Concert

Um Kiosk op der Plëss – direkt géinteniwwer vum Cercle

Daniel Balthasar an der Brasserie K116!

Daniel Balthasar an der Brasserie K116!

De Lëtzebuerger Singer-Songwriter Daniel Balthasar iwwerzeegt duerch seng vill verschidde musikalesch Facetten. Um Mëttwoch, de 27. November 2019 invitéiert d’Brasserie K116 zu Esch op een eemolege Concert mat dësem sympathesche Museker!

Hei fënnt een ee Stéck Optimismus, do nees een Deel voller Energie: Dem Daniel Balthasar säi Stil geet vum Rock iwwert Folk, bis hin zu méi experimentelle Kläng. Zënter 2003 huet de Lëtzebuerger Museker 6 Alben an 2 EP’s verëffentlecht. An och dat nächst Wierk steet schonn an de Startlächer, fir am nächste Joer presentéiert ze ginn.

Zesumme mat senge Bandkollegen huet den Daniel Balthasar net nëmmen am Inland de Publikum begeeschtert, mee och mat zuelräich Concerten a ganz Europa iwwerzeegt. Ze nennen ass hei beispillsweis d’Popkomm zu Berlin oder och den SXSW zu Austin/Texas. Elo ass de Grupp zeréck a bereet fir ee fantasteschen Owend am K116!

Mat senger industrieller Ambiance, bei där och nach Elementer vum ale Schluechthaus behale gi sinn, entsteet beim Spectateur ee ganz besonnescht Gefill. Mat dem engen oder anere Glas an engem gudden Iesse kann den Optrëtt schliisslech nëmme gutt ginn. De Menü geet dobäi vun engem grousse Choix u Fleesch, bis hin zu vegetareschen a regionale Platen. Bekannt ass d’Brasserie iwwregens fir seng Diner-Concerten all leschte Mëttwoch am Mount!

Wéi, wat, wou?

Den Daniel Balthasar spillt um Mëttwoch, de 27. November 2019 an der Brasserie K116 (116, rue de Luxembourg 4221 Esch-Uelzecht). De Concert fänkt um 20:45 Auer un an ass gratis.

Opmaacherfoto: © Véronique Kolber

Ähnlech Sujeten Band, Brasserie K116, Concert, Daniel Balthasar, Esch-Uelzecht, Gratis, Grupp
Nächsten Artikel Virrechten Artikel