Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schwindelfräi? Da loosst iech des Vue net entgoen!
Kultur Stories

Schwindelfräi? Da loosst iech des Vue net entgoen!

Den am Joer 2013 gebauten City Skyliner huet fir déi

Keng Plaz fir Käfeghaltung an Europa – Ënnerschreift elo!
Kultur Stories

Keng Plaz fir Käfeghaltung an Europa – Ënnerschreift elo!

Um vergaangene Freideg huet d’Plattform Meng Landwirtschaft, Sea Shepherd, San

ANOC World Beach Games: Lëtzebuerger Sportler nees schnell ënnerwee!
Kultur Stories

ANOC World Beach Games: Lëtzebuerger Sportler nees schnell ënnerwee!

Bei den éischten ANOC World Beach Games zu Doha (Qatar)

Eis digital Welt ass riseg a komplex. Zum Gléck gëtt et dëst Buch, fir der se ze erklären

Dem Schlecky Silberstein säin „Das Internet muss weg“ ass léierräich a flott geschriwwen

Eis digital Welt ass riseg a komplex. Zum Gléck gëtt et dëst Buch, fir der se ze erklären

De Schlecky Silberstein huet seng steil These gären, dat muss een him loossen. Mee hannert Das Internet muss weg verstoppt sech eng déif an nuancéiert Analys dovunner, wat den Internet zënter Jore plot. An dat sinn laut senger Analys virun allem d’sozial Netzwierker.

Dobäi geet et dem Schlecky, deen e bekannten däitsche Blogger ass, net ëm eng pauschal Veruerteelung vu Facebook, Twitter a co. Hee wëll kloer maachen, firwat se dem Internet, der Demokratie an eis schueden. Haaptverdächtegen ass de Like-Button, deen eis süchteg no digitaler Interaktioun mécht, ouni eis eppes Konkretes ze bréngen. A gläichzäiteg ginn Donnéeë gesammelt a verkaaft, an dat a risege Quantitéiten.

Dëst ass en Thema, deen immens aktuell ass. Grad elo, wou dank Cambridge Analytica e Skandal iwwert Facebook era brëcht, deen nëmme schwéier ze begräifen ass. Mee mat dësem Buch gëtt et op mannst e Stéck wäit méi liicht ze verstoen.

Déi komplex Welt vun de sozialen Netzwierker an hire Zesummenhäng ze verstoen ass net einfach

De Schlecky Silberstein erläutert dës an nach aner Zesummenhäng an engem kloer strukturéierten Buch, an deems een sech ëmmer erëm fënnt. Do suergt och eng einfach a kloer Sprooch dofir. Bemierkenswäert ass, datt en dat schwieregt Thema esou ugeet, datt jiddereen, op Ufänger oder Profi, do matkënnt an eppes dobäi léiert.

Zum Gléck kënnt en dobäi net besserwësserech eriwwer a verdäiwelt och net Technik, wéi dat leider oft soss wou de Fall ass. Et wier och e bëssche komesch, wann de Blogger, deem seng Karriär vum Internet ofhänkt, dëst einfach esou géing maachen.

Leider ginn et awer e puer Plazen, wou de Schlecky Silberstein iwwert seng eege Féiss trëllt. Beim Thema Trigger Warning enttäuscht e mat enger Deels grotesker Plattitüd an e Mangel u Versteesdemech.

Egal wéi vill een den aktuellen Zoustand vum Internet kritiséiere muss: Iergendwéi muss ee mat him eens ginn. An dat weess och den Auteur vun dësem Buch!

Op der anerer Säit begeeschtert mech de Pragmatismus. De Schlecky Silberstein ass sech komplett bewosst, datt näischt méi ouni den Internet geet. Ergo bleiwen eis radikal Propose wéi „Handy aus, laf duerch d‘Wisen“ erspuert. Déi Handvoll Léisungsusätz, déi hien um Schluss vum Buch proposéiert, sinn net illusoresch héich gegraffe Phantasiegebilde. An et läit och net direkt den Akzent op iergendwelche Léisungen, mee un enger grondleeeënder Analys vun de Problemer. Dorauser däerf da wuel jidderen seng eege Konsequenze zéien. Liesenswäert ass et dowéinst op alle Fall.

Schlecky Silberstein, Das Internet muss weg ass Verlag Randomhouse eraus komm. ISBN: 978-3-8135-0794-2. Präis: 16€

Ähnlech Sujeten Buch, Digitaliséierung, Internet, Literatur, Schlecky Silberstein
Nächsten Artikel Virrechten Artikel