Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Metalbörse an der Kufa: Alles wat den haarde Museksfan glëschtereg mécht
Neiegkeeten

Metalbörse an der Kufa: Alles wat den haarde Museksfan glëschtereg mécht

D’Metalbörse 2020 steet nees virun der Dier a lackelt wéi

Editorial: Mr Twitter provozéiert mat „fake news“
Neiegkeeten

Editorial: Mr Twitter provozéiert mat „fake news“

Datt den amerikanesche President sech der Welt iwwer Twitter matdeelt,

Editorial: Wielen heescht sech selwer fannen
Neiegkeeten

Editorial: Wielen heescht sech selwer fannen

Okay, den Titel ass elo e bëssche Philosophesch. E bréngt

Dat aalt geet an dat neit kënnt…

Wou nach - ausser zu Lëtzebuerg - de Joreswiessel flott ze feiere gewiescht wier

Dat aalt geet an dat neit kënnt…

Silvester, esou déi gängeg Behaaptung, ass op der ganzer Welt dat flottsten a faarwegste Fest an do verwonnert et net, datt et Stied op der Welt gëtt, déi sech besonnesch ustrengen. Gutt néierewou ass et esou schéi wéi zu Lëtzebuerg, mee et kann ee jo awer emol luusse goen.

En duebelen Date an direkt zweemol Silvester

Am héijen Norde gëtt et d‘Zwillingstied Haparanda (Schweden) an Tornio (Finnland), déi nëmmen duerch ee Floss vunenaner getrennt, dofir awer nees mat enger Bréck verbonne sinn. De Clou ass dann awer, datt béid Stied a verschidden Zäitzone gefaange sinn, firwat sech hei Silvester direkt zweemol hannertenaner feiere léist. Fir d‘éischt a Finnland, an eng Stonn drop eben a Schweden.

aalt

© Mark Isitt /SR

Interessant hei: Fir déi gemeinsam an awer „decaléiert“ Feier, hunn sech d‘Tourismusbüroe vun Haparanda an Tornio zanter laangem zesummegedoen. Esou gëtt grenziwwerschreidend eng mega Party mat Livemusek, all d‘Bistroen an d‘Restauranten si mat derbäi a fir vun engem bei deen aneren ze kommen, gëtt et de Silvestershuttle. Hei rockt den Elch an de Schampes drénkt een „on the Rocks“.

Englesch ass engem geleefeg an verkleede wëll e sech och?

Wien gären emol mat sengem Filmstar oder enger Figur aus de Comic-Hefte feiere wëll, dee misst elo zu Weymouth a Groussbritannien sinn. Hei fënnt all Joer déi gréisste kostüméiert Silvesterparty vun der Insel statt. Dat dierft besonnesch lëschteg am „Brexit-Joer“ ginn, dee jo zum 31. Januar wëll vollzu sinn. Wéi och ëmmer… an dëser Küstestad gëtt bis an déi leschte Garage era gefeiert.

aalt

Wulfrunian1 [CC BY-SA 3.0]

Vum Stadzentrum bis an den Hafen ass Feieren ugesot, datt alles mat vill Live-Bands an nach méi Béier. Op um Hope Square oder dem Brewers Quay, et ass ee gutt beroden sech verkleet ze hunn. Traditionell geet dat alt Joer um Fouss vum „Jubilee Clock Tower“ ofgeschloss. Interessant hei: déi vill Ale Houses, firwat Weymouth och eng gutt Adress fir d‘Frënn vu gudde Craft Beers ass.

Awer léiwer am Schnéi féieren…

Et sollen och Leit ginn, déi Silvester éischter eppes méi sportlech uginn an dofir empfeelt sech ee Bléck no Éisträich, eigentlech méi Prezis op Kitzbühl. Legendär sinn déi sëlleche Specials déi fir Silvester ëmmer nees ugebuede ginn: beliichte Piste a besonnesch Schi-Partie sinn de Minimum. Mat engem eppes méi décke Portmonni kann ee sech seng eege Party-Häip an de Bierger gënnen.

aalt

© Michael Werlberger/Kitzblog

Wie léiwer am „Duerf“ feiert a mat eppes Gléck an deem richtegen Etablissement op en Hollywood Stär oder soss eng Vedette aus dem Kulturberäich trëfft, sollt säi feinsten Zwir unhunn, op Etikett gëtt hei vill Wäert geluecht. An hei gëtt dann och dräi Deeglaang gefeiert, e Freedefeier fir ënnert enger Millioun Euro huet et nach net ginn eng Entrée am „Stanglwirt“ ënnert 300 Euro och net.

Doheem ass et awer ëmmer am Schéinsten

Well ee längst misst do sinn, an et kee Scotty gëtt deen een op den Uert senges Wonsches „beame“ kann, feiere wuel déi meescht nees Silvester hei am Land. Ob am grousse Club mat honnerten aneren, am erweiderte Familljekrees oder dem Festsall vun engem gudden Hotel-Restaurant, jo esouguer am ganz klenge Kader, Silvester léisst ee sech net entgoen, net emol wann e schafft.

A wie schaffe muss, konnt och keng vun eisen dräi Destinatioune bereesen. Dofir sollte mir en Ament un all déi denken, wou sech den Owend ëm eis këmmeren, ob an der Gastronomie, dem ëffentlechen Transport, jo och an de Spidäler, de Rettungszenter a Kommissariater oder soss anzwousch, wou et noutwenneg ass. Hinnen all an och iech léif Lieser, passt op iech op a maacht näischt wat mir net och géife maachen.

Illustratioun: Pixabay

Nächsten Artikel Virrechten Artikel