Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Remix! – Esch2022 géif sech iwwert Virschléi freeën
International Neiegkeeten

https://moien.lu/100-free-dating-site-ukraine/

Esch2022 luet jiddereen derzou an, iwwert d‘Internetsäit www.esch2022.lu Virschléi fir

christian dating advice attraction
International Neiegkeeten

Schottland erhält déi éischt britesch Weltraumgare

Déi britesch Weltraumagence huet e Sonndeg matgedeelt, datt d‘Géigend vu

Géint den Antisemitismus
International Neiegkeeten

Géint den Antisemitismus

Um jiddesche Kierfecht zu Westhoffen (Elsass) hu Faschisten eng honnert

Zwangspaus fir dat britescht Parlament

Boris Johnson veruerdent de Parlamentarier eng Sëtzungspaus, d‘Queen ass averstanen

Zwangspaus fir dat britescht Parlament

Den neie britesche Premierminister Boris Johnson huet sech virgeholl Groussbritannien aus der EU ze féieren an dat ob mat oder ouni Accord. Fir ze verhënneren, datt d‘Parlamentarier him a leschter Sekonn d‘Spill verdierwen, huet hien dësen eng Sëtzungspaus veruerdent. Virgëschter haten déi Deputéiert vun der Oppositioun eng Allianz „géint e Brexit ouni Accord“ gegrënnt.

An dem BoJo seng Decisioun huet net nëmmen Zousproch erhalen. Während d‘Queen dem Boris Johnson hir Zoustëmmung fir d‘Sëtzungspaus ginn huet, si vill Brite vun dëser Moossnam batter enttäuscht. Et huet dann och manner wéi en hallwen Dag gebraucht, fir datt eng online Petitioun – déi scho viru 14 Deeg lancéiert gi war – d‘Mark vun 1 Millioun Ënnerschrëften iwwerschratt huet.

ParlamentDat huet Konsequenzen: kritt nämlech esou eng Petitioun méi wéi 10.000 Signaturen, muss sech d‘Regierung dozou „äusseren“, woubäi ab 100.000 Ënnerschrëften de Sujet am Parlament dierf debattéiert ginn. Mee De Boris Johnson wëll keng onendlech Debatten, déi souwisou kee Konsens schafe kënnen. Hien huet nu emol seng ganz eege Virstellung, wéi d‘Scheedung soll ausgesinn.

Labour ass „not amused“

Fir de Labour-Chef Jeremy Corbyn ass dem Boris Johnson seng Entscheedung, en hannerhältegen Iwwerraschungscoup an en Ugrëff op d‘Demokratie, deen eenzeg an eleng genotzt soll ginn, fir en haarde Brexit duerchzesetzen. An hie freet sech viru wat de Premierminister esouvill Angscht huet, datt hien d‘Parlament muss suspendéieren, fir en Debat ze verhënneren. Dozou gëtt et Äntwerten…

ParlamentEt besteet eng „Urgence“. Déi britesch Regierung kann einfach net bis zum 31. Oktober waarde fir hir Pläng virzestellen, wa Groussbritannien no aktuellem Stand aus der Unioun austrëtt. Si muss, fir de Stéchdatum eng ganz Rëtsch un neien a wichtege Gesetzer op den Instanzewee bréngen, firwat d‘Parlament elo gebueden ass „Paus ze maachen“. Dofir huet d‘Queen Elizabeth II Versteesdemech.

ParlamentSi wäert also eréischt de 14. Oktober ganz formell de „Programm“ vum Boris Johnson virstellen. Also grad emol zwou Woche virum Stéchdag, firwat d‘Oppositioun all Méiglechkeet de Brexit ze verhënneren entzu kritt. Dobäi haten sech déi féierend Leader vun de sechs Oppositiounsparteien en Dënschdeg drop gëeenegt d‘nächst Woch e Gesetz anzebrénge fir en haarde Brexit ze verhënneren.

Wëll Schottland nees d‘Onofhängegkeet?

Fir déi schottesch Ministerpresidentin Nicola Sturgeon ass et ee schwaarzen Dag fir d‘Demokratie: „Et ass ongeheierlech. D‘Parlament zouzespäre fir den haarde Brexit duerchzesetzen, deen dem Land en onermiesslechen an dauerhafte Schued zoufüge wäert. Dat entgéint de Wënsch vun den Deputéierten am House of Commons. Dat ass keng Demokratie, dat ass Diktatur!“.

ParlamentWestminster ass och an heller Opreegung wéi et de Wutausbroch vum Parlamentspresident John Bercow dokumentéiert. Hien huet via Twitter dem Premier säi Schratt als „Frevel géint d‘Verfassung“ bezeechent. An och d‘Anna Soubry vun „Change UK“ kritt sech net méi agefaangen. „Dat war nach ni do. D‘Land stécht a senger gréisster Kris zanter dem 2. Weltkrich an d‘Parlament huet bei all Geleeënheet bekräftegt, datt et keen ongeregelte Brexit wëll. Dat weess den Johnson“.

ParlamentEsou wéi et sech den Ament awer presentéiert, behält de Boris Johnson d‘Heft an der Hand. Datt et der Oppositioun nach soll geléngen dës Zwangspaus ze verhënneren dierf bezweiwelt ginn. Dofir schéngt elo awer geséchert, datt et egal wéi zu engem Mësstrauensvott géint de Premierminister muss kommen. A Schottland ass eng juristesch Prozedur ageleet ginn, fir d‘Paus ze verhënneren.

mat indymedia/lon/edi

Foto: D‘Demokratie ëmgoen ass net Normal. D‘Parlament suspendéieren ass net normal. D‘Bierger déi sech dem Mouvement „Ons Zukunft, onse Choix“ ugeschloss hunn, konnte gëschter vill Leit motivéieren sech hinne beim Protest um Parvis vum Parlament unzeschléissen. © OFOC

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, haarde Brexit, House of Commons, No Deal, Queen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel