Search

You may also like

Direkthëllef fir Entreprisen déi Léierplaze schafen
Neiegkeeten

Direkthëllef fir Entreprisen déi Léierplaze schafen

Betriber déi jonke Leit eng Léierplaz ubidde wëllen, esou eng

Vereedegung vum Déifferdenger Schäffe Paulo Aguiar
Neiegkeeten

Vereedegung vum Déifferdenger Schäffe Paulo Aguiar

No der ministeriellerer Veruerdnung vum 27. Februar 2020 ass de

Den CGFP-Nationalvirstand hëlt Ofstand vum Sozialkonflikt
Neiegkeeten

Den CGFP-Nationalvirstand hëlt Ofstand vum Sozialkonflikt

D‘CGFP wëll déi verbleiwend Méint bis zu de Chamberwahlen notzen,

Dat ganzt Land leit wéinst dem Stater Schäfferot

Dat ganzt Land leit wéinst dem Stater Schäfferot

Laut engem Communiqué vun der Stater KPL-Sektioun hätt eist ganzt Land ënnert der Politik vum Stater Schäfferot ze leiden. Esou gesäit et op mannst de Sektiounspresident Jean-Marie Jacoby.

Fir hienAss d’Welt, esou wéi de Schäfferot sech se virstellt, fräi vu Problemer, mat wéineg Chantiere mee vill Integratioun an Inclusioun. Der awer an enger Stad lieft, mat masseg Problemer, Chantieren déi sech multiplizéiere, mee ouni Integratioun an Inclusioun.“ Hie mengt weider, datt all Mënsch probéiert nieft deem aneren ze liewen ouni ze vill ze stéieren. Et géif och keng Sprooch méi ginn, déi jidderee versteet andat kann op laang Siicht net opgoe wann ee kee Richtungswiessel mëscht“.

Geknouters wéinst dem PAG

Ee Sujet deen dem Sektiounspresident et besonnesch ugedoen huet betrëfft den neie „Plan d’Aménagement Général“ (PAG) géint deen ee nach bis den 23. Mee konnt säin Awand geltend maachen. Ee PAG dee „virun allem den Interessie vun de Promoteuren déngt, anerwäerts awer keng Problemer léist, mee neier schaaft.“ Hie bezitt sech am speziellen dorobber, datt zukünfteg eng Wunneng pro Etage ka virgesi wann dës op mannst 52 Qm huet. Dat wier awer net d’Léisung fir déi grouss Demande u Studioen.

D’Ursaach ass dann och fir de Jean-Marie Jacoby kloer: „Et ass d’Konsequenz vun der katastrophaler Lag op de Stroossen, déi d’Frontalieren awer mussen notze fir op hir Aarbecht ze kommen, vu dat d’Zich an d’Busser an de Spëtzestonnen iwwerlaascht sinn“. Hie freet sech dann och op et en ideologesche Grond gëtt fir der Demande no Studioen net ze entspriechen. Wat ausser Fro steet wier awer de Fait, datt et besonnesch fir déi Leit mat enger gréisserer Urees interessant wier, wéinstens d’Woch iwwer ee Logement a Proximitéit vun hirer Aarbechtsplaz ze hunn. Ganz ofgesi vun engem Gewënn u Liewensqualitéit, géif dat och der Ëmwelt gutt doen.

Mat der Iddi, datt manner Parkplazen automatesch fir manner Trafic suergen, esou wéi dat de Schäfferot gesäit, géif de Pendler éischter weider Problemer wéi Léisunge gebuede kréien. De Gros vun den Aarbechtsplaze läit nu emol an der Stad an d’Pläng gesi vir, datt zou den elo scho ronn 200.000 der nach eng Kéier 80.000 sollen derbäi kommen. Dogéint stinn allerdéngs nëmme 60.000 nei Logementer. Fir den Jean-Marie Jacoby eng Krux, well de Salarié muss jo awer, ofgesi vum Transportmëttel dee genotzt gëtt, iergendwéi op seng Schaff kommen, sief et nëmme fir seng Rechnungen Enn des Mounts ze bezuelen.

An d’Stad ze kommen ass elo schonn ee richtege „parcours du combattant“ well och mat engem drëtten a véierte Gleis tëscht Beetebuerg an der Stad nimools all déi Leit an den Zuch passen, déi ee missten huele vir den Individualverkéier op eng raisonnabel Gréisst erofgedréckt ze kréien. Also kommen d’Pendler noutgedrongen awer mat hirem Auto. „Den neie PAG bestrooft elo genee déi mat manner Parkplazen. Dat bedeit nach méi Verkéier fir iergendwéi awer nach eng Plaz ze fanne fir den Auto ofzestellen, wat hir an den Awunner hir Liewensqualitéit däitlech erof setzt“, schreift de Sektiounspresident vun der KPL. An en huet sécher Recht datt „ee net kann erwaarden, datt d’Frontalieren oder d’Lëtzebuerger alleguerte mam Vëlo sollen op d’Schaff kommen“.

Inequatioun

D’Gläichgewiicht tëscht der Zuel vun den Awunner (115.000) an den Aarbechtsplazen (200.000) ass déi grondleeënd Ursaach fir de Verkéiersopkommes an déi heimat verbonnen Iwwerlaaschtung vum Stroossereseau. „Mee de Schäfferot wëll dovunner näischt wëssen“, esou de Jean-Marie Jacoby, a weider „och déi aner Fraktiounen (…) déi fir den Ament an der Oppositioun sinn hunn an dëser Legislaturperiod esou oft mat der DP an den déi gréng – fir méi Aarbechtsplazen a manner Parkinge – gestëmmt, datt ee vun deene keng Verbesserung erwaarde kann“. Op et elo allerdéngs duer sollt goen, de Fall gesat, datt d’Kommunisten an de Gemengerot kéinten anzéien, doduerch eng Ännerung oder eng Léisung erbäi ze féieren, sief dohinner gestallt.

 

Related topics Jean-Marie Jacoby, KPL, Lëtzebuerg, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post