Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Lautlos
International Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Lautlos

D’Lëtzebuerger Literaturzeen brauch sech ëm hiren Nowuess net allze vill Suergen

Nordkoreanesche Staatschef stellt US-President en Ultimatum
International Neiegkeeten

Nordkoreanesche Staatschef stellt US-President en Ultimatum

Et klengt iergendwéi verréckt an awer passt et zum Bild

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“
International Neiegkeeten

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“

E Samschdeg de 15. Juni fënnt um Knuedler, déi 10.

Dat grousst Geschäft

Russland an Tierkei fleegen eng „verbuede“ Bezéiung

Dat grousst Geschäft

Dem Donald Trump steet den Toupet zu Bierg an de Jens Stoltenberg dierft et och net erfreeën, an awer huet sech Ankara entscheet a wëll och weiderhi russesch Waffesystemer Kafen. Zumindest huet den tierkesche President dem Vladimir Putin dat esou bei sengem Besuch zu Moskau bestätegt. Washington a Bréissel schwätze vun engem geféierlechen „Zweckbündnis“…

Et ass dann och fir dëst Joer schonn datt drëtt Treffen dat sech de Recep Tayyip Erdogan an säin demokratescht Géigestéck gënnen. Entrevue fir déi sech d‘Staatsmänner Zäit huelen, wat och dem Fait ka geschëlt sinn, datt een hei nach net vun enger „Männerfrëndschaft“ ausgoe kann. Dofir gëtt et gemeinsam Interessen, an déi sinn esouwuel politesch, geostrategesch wéi wirtschaftlech.

Net ze vergiessen, datt béid Natioune schonn eppes méi laang am Energiesecteur, ganz erfollegräich matenaner zesummeschaffen (TurkStream). Eng Kooperatioun déi vum Vladimir Putin mat vill Luef ernimmt ginn ass, mee onweigerlech och e „strategesche Charakter“ a sech dréit. 2018 sinn 24 Milliarde Kubikmeter Gas an d‘Tierkei geliwwert ginn. Dat si ronn 50% vum Landesbedarf.

Gas dat och fir Europa gutt ass

Wann elo de Bau vun der TurkStream duerch Gazprom den Ofsaz an der Tierkei nach emol steigere wäert, esou ass och nach geplangt, d‘Pipeline auszebauen an och Südeuropa mat russeschem Gas ze beliwweren. Zudeem bitt dës Trass de Russen eng Alternativ zur Ukrain-Passage un, a bréngt och Opportunitéite mat Bulgarien, Ungarn oder Serbien. Aussiichten déi net vun allen appreciéiert ginn.

Dat et zu esou Bezéiunge kënnt, wou jo awer gewosst ass, datt et vill Dissens tëscht Moskau an Ankara gëtt, huet gutt Grënn. D‘Tierkei, déi emol Member vun der EU wollt ginn, ass sengerzäit um laangen Aarm virgefouert ginn, an elo mam aktuelle Regime net méi „akzeptabel“. Als NATO-Member schéngen sech d‘Tierken am Stach gelooss ze fillen, an den US-President ass kee Frënd.

An elo huet Ankara dat russescht Rakéitenofwiersystem S400 vun de Russe kaf. Washington fënnt datt sech esou eppes fir en NATO-Partner net gehéiert – ass jo och frech dat gutt Geld net un den US-Militärkomplex ze iwwerweisen – an klappt entspriechend verbal am d‘Flilleken. Do erfëlls de als Alliéierten déi vum Donald Trump opgestallten Oprëschtungsziler, an et ass awer net gutt…

Quid Noen- a Mëttleren-Osten?

Eng militäresch „Zesummenaarbecht“ mat de Russen, féiert onweigerlech derzou, datt et am Kontext vun de Konflikter, Onrouen a politescher Instabilitéit am Noen- a Mëttleren-Osten zu „Iwwerschneidunge“ kënnt. Moskau beispillsweis ass den erkläerte Partner vum Regime zu Damaskus, Ankara géif de Baschar awer am léifsten an d‘Wüst schécken, an d‘Kurden direkt mat.

Wat de „Kampf géint den Terrorismus“ betrëfft, esou dierft et hei net zu grondleeënde Verännerunge kommen. Et ass erwisen datt d‘Tierkei iwwer laang Strecken d‘Kämpfer vum sougenannte Kalifat a villerlee Hisiicht ënnerstëtzt huet. D‘Tierke schaffen net den USA zesummen, well déi hir kurdesch Alliéiert vun der SDF ënnerstëtzen an och nach mat Waffen ausrëschten. Dat veriergert Ankara.

Elo hunn d‘Russen zwar vill Versteesdemech fir d‘Tierkei, déi gären eng Pufferzon an Nordsyrien ariichte wëll, kënnen deem awer net zoustëmmen. De Vladimir Putin huet dem Recep Tayyip Erdogan zumindest däitlech gemaach, datt esouwuel d‘Souveränitéit, wéi d‘Onofhängegkeet an déi territorial Integritéit vu Syrien net zur Debatte steet. Fakt: Ankara huet säin Aarsch tëscht zwee Still.

mat indymedia/mow/ist/bru

Bild: Genau esou gutt wéi dat Gebastels vun den Amerikaner? Vläicht net, mee ëm eppes villfaches méi präiswäert, an niewebäi och nach e politeschen „Token“ dee sech a béid Richtungen – Russland oder NATO – benotze léisst. © MDAA

Ähnlech Sujeten Geschäft, NATO, Oprëschtung, Russland, S400, Tierkei, TurkStream, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel