Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut gëtt gedanzt, an zwar Lindy Hop!
Neiegkeeten Stories

free dating websites in germany

Um haitege 26. Mee feiert een zu Éiere vum international

boston dating coach
Neiegkeeten Stories

Vakanzefoire 2019: Doheem ass et am Schéinsten!

Um 17:30 Auer huet den Tourismusminister Lex Delles, zesumme mam

Spuerkeess: Et geschéien nach Zeechen a Wonner, och zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten Stories

Spuerkeess: Et geschéien nach Zeechen a Wonner, och zu Lëtzebuerg

Déi vun der CGFP sinn, wann et drop ukënnt, scho

Dat mat der neier Verfassung gëtt näischt

President a Generalsekretär vun der CSV bidden en Iwwerbléck op de Réckbléck

Dat mat der neier Verfassung gëtt näischt

Mam villen Hin an Hier bei der CSV, déi engersäits endlech eng zolidd Oppositiounspolitik mécht, anersäits awer op eng méiglech Koalitioun hischafft fir nees an der Regierung matzewierken, gëtt een esou lues awer sécher net méi eens, wéi eng Zilsetzung hei verfollegt gëtt. Dofir war dann déi vum President Frank Engel a Generalsekretär Felix Eischen zumindest usazweis passionant.

An gëschter ass jo och an éischter emol drëms gaangen de Punkt vun der Aktualitéit ze maachen, an déi jo och zimmlech voll gepaakt. Ugefaange gouf esou mat enger Reaktioun op déi lescht Aussoe vum Alex Bodry, President vun der Parlamentskommissioun fir d‘Verfassung, dee kierzlech ugedeit huet, datt et wuel keng „nei“ mee beschtefalls eng „verbessert“ Verfassung wäert ginn.

Dës Ausso huet sech op eng lescht Entrevue tëscht de Koalitiounsparteien (DP – LSAP – déi gréng) an der CSV bezunn, wou de sozialisteschen Deputéierten nach annoncéiert huet, datt ee sech – also zumindest déi véier genannte Parteien – eigentlech am Grondsaz bei de grousse Linnen eens wier. Dat wier net alles falsch, esou de Frank Engel, deen dem Alex Bodry seng Ausso awer relativiséiert.

„Natierlech gëtt et Beräicher an deenen et Konsens gëtt, mee et gëtt och nach villes, wouriwwer ze diskutéieren ass“, esou den CSV-President. Hie gesäit beispillsweis am Kontext vun der Justiz ee Rei Problemer, wéi bei der Onofhängegkeet vum Parquet. Et wier net méiglech dem Procureur déi selwecht Fräiheete wéi de Riichter ze ginn, dat well e Procureur nu emol kee Riichter ass.

E Procureur muss och kënne vum Justizminister oder der Regierung zu enger Enquête oder der Poursuitte vu Strofdote kënnen „ermontert“ ginn. Dat wier bei der Uwennung vum Prinzip „Onofhängegkeet“ allerdéngs net méiglech, oder zumindest net rechtens. Hei besteet also nach vill Gespréichsbedarf, an dëser Punkten déi den Dialog erausfuerdere gëtt et anscheinend méi.

Reform oder Neigestaltung vum Wahlrecht

An de Kontext vun der Verfassungsreform huet sech am Februar 2019 och d‘Wahlrecht agelueden. Et geet dobäi ëm esou Profanes wéi d‘Trennung vun de Mandater (Cumul) an d‘professionaliséiere vum Buergermeeschtermandat. Et wier dat en Thema deen sech net kuerzfristeg an den Debat zur Verfassung agliddere léisst. Vill ze ëmfangräich an vill ze vill ënnerschiddlech Grondsätz.

Dat an nach eng ganz Rëtsch aner Dissonanze loossen de Schluss zou, datt et keng komplett nei Verfassung ka ginn an et leedeglech zu punktuellen Upassunge wäert kommen. Dee vun der CSV gefuerderte Referendum gëtt fale gelooss, fir den Avancement net ze blockéieren. Et ass een also averstanen d‘Reform a successive Phase virzehuelen. E Standpunkt deen argumentéiert gouf.

Zum enge stellt de Frank Engel fest, datt d‘Verfassung haut esou evolutiv muss sinn wéi dat och d‘Gesellschaft ass. Esou wier, wéi virun 20 Joer ugefaange gouf iwwert eng nei Verfassung ze schwätzen, de Facteur „Klima“ an „d‘Digitaliséierung“ net beduecht, einfach well dat sengerzäit keen Thema war. Nohalteg Verfassunge wiere gemooss un den Entwécklunge kaum méiglech.

An et ass jo och richteg, datt wann et schonn eng nei Verfassung soll ginn, déi sech och un der neier gesellschaftlecher „Uerdnung“ orientéiere sollt. Dat awer kann nëmme gerecht sinn, wann een de Bierger d‘Méiglechkeet araumt, sech zu den eenzele Punkten ze äusseren, esou wéi dat vun der ADR gefuerdert ass, a laang Zäit vun der CSV ënnerstëtzt ginn ass. Elo also keng nei Verfassung?

Méi Transparenz beim Filmfong

E weideren aktuelle Sujet ass de Sträit dee wéinst dem Filmfong ausgebrach ass. Hei stellt den CSV-President aleedend fest, datt een näischt géit dës Institutioun – déi ee selwer mat geschafen huet – huet an et och net nëmmen ëm Geld geet. De Felix Eischen verweist op déi Milliounen Euro u Steiergelder déi hei agesat ginn, mee vun deenen oft net gewosst ass firwat se agesat ginn.

Aus dësem Ulass huet d‘CSV dann och eng Aktualitéitsstonn um Krautmaart ugefrot. Et géif dobäi och drëms goen déi absolut noutwenneg Kontroll anzeféieren. Eng Fuerderung, déi esou och vun de Filmproduzente selwer am Kontext vun enger Entrevue mat der CSV zum Ausdrock bruecht ginn ass. An dësem Secteur wieren eng 1.200 leit beschäftegt, wat jo elo och net grad näischt ass.

De Felix Eischen an d‘CSV stellen sech dann och d‘Fro, wéi ee wirtschaftlechen Notzen déi héich Subventionéierung vun der Filmbranche dem Land bréngt. Zudeem bréicht et eng Editorial-Linn, dat fir Produktiounen a Lëtzebuerger Sprooch wéi och déi ugestriefte Kooperatiounen am Ausland. Am Resumé geet hei schlicht an ergräifend drëms, dem Secteur nees eng gesond Grondlag ze ginn.

Et gouf sech net op déi faul haut geluecht

Och Parteiintern huet sech 2019 villes gedoen. Zuelräich Versammlunge goufen organiséiert an de bis ewell kréinenden Ofschloss hat et den 9. November beim aussergewéinleche Kongress ginn. An den CSV-President weist an dësem Kontext drop hinn, datt och Themen ugeschwat gi sinn, déi een sech esou vläicht net vun der CSV erwaart hätt. Dat wier jo eigentlech de Sënn vun Erneierung…

Interessant hei, datt de Frank Engel annoncéiert, datt sech d‘CSV fir „Klimaneutralitéit bannent enger Generatioun“ asetzt. Dat géif zumindest am Usaz bedeiten, datt och een och bei der CSV erkannt huet, datt et esou eppes wéi de Klimanoutstand gëtt, wëll den „Zäitraum eng Generatioun“ (dat wier jee nodeems eng Zäitspan tëscht 10 an 20 Joer) net wierklech laang bemooss ass.

A wann et och ambitiéis a lueflech ass, firwat den CSV-President drängt drop hinzeschaffen, esou muss et erlaabt sinn drop hinzeweisen, datt der CSV hir Frënn vun den europäesche Volleksparteien (EPP) weder e Klimanoutstand gesinn, nach ugestrengt iwwert déi sougenannt Klimaneutralitéit nodenken. Dat geet aus dem Wahlverhalen ervir, dat si gëschter zu Stroossbuerg nees gewisen hunn.

National- an Europapolitik muss een anscheinend trenne kënnen. Cool ass et dann awer nees, wann d‘CSV sech fir de Waasserstoff als alternativ Energiequell asetzt. Eise Groussherzog an esouguer d Poopst (de rezent a Japan drop bestanen huet esou e Gefier ze benotzen) fannen dës Energie interessant genuch, fir sech derfir anzesetzen. Blöd datt eis Tankstell längst ofgerappt ginn ass.

Persistent a nervenopreiwend: d‘Kris am Logement

Et gëtt wuel vill Proposen an nach méi Diskussioune ronderëm de Logement an déi reell Kris an där sech eist Land verfaangen huet. Datt et esou net ka weider goen, dofir hätt een elo net direkt d‘CSV misse consultéieren, mee déi verweisen op eng weider Méiglechkeet hinn, déi zumindest als e Léisungsusaz derwäert ass debattéiert ze ginn. Et geet ëm d‘Erweiderung vun de Bauperimeter.

Fir de Frank Engel misst et jidderengem aliichten, datt et schlicht net méiglech all déi Leit (gemënzt op den 1 Milliounen Awunnerstaat) am aktuell verfügbare Raum ënnerzebréngen. Natierlech muss een och d‘Baulücken zoumaachen an verstäerkt an d‘Héicht bauen, mee dat eleng geet bei wäitem net duer, fir déi Ziler ze erreechen déi ee sech gesat huet. An natierlech geet et och ëm d‘Geld…

Wann se bei der CSV dann elo awer feststellen, datt den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg bei ronn 15% geleeën ass, a si sech drop beruffen, datt wann een de Logement hei och géif berécksiichtegen, den Taux op 25% klëmmt, dann huet de Premier Xavier Bettel en zolitte Problem. Hie war et dee gesot huet, datt wann et dem Land gutt geet, et och senge Bierger muss goen. Wann et esou einfach wier.

Bei der CSV schwätzt een dann och net virrangeg vum soziale Wunnengsbau (deen awer och fir si wichteg a richteg ass) mee iwwert de Fait, datt esou wéi et ausgesäit, geschwë kee méi sech eng Wunneng leeschte kann. An dat neit Gesetz zum „Geld léinen“ mécht däitlech, datt ee scho Räich muss sinn, fir iwwerhaapt emol Geld geléint ze kréien. Deem misst een intelligent entgéintwierken.

An hei markéiert de Frank Engel e Punkt: Hie gëtt ze bedenken, datt een hei – och mat der beschter Intentioun – muss uecht doen, datt déi Leit déi aktuell e Prêt hunn, bei engem méigleche „Plafong“ – egal ob Loyer oder Kaf – net riskéiere vun hirer Bank hanner d‘Liicht gefouert ze ginn. Banke verginn traditionell hir Prêten a Relatioun zum reelle Wäert vun der Immobilie.

Intelligent wuessen ouni sech ënner Wäert ze verkafen

Am Kontext vum „permanente Wuesstem“ – zu deem et bekanntlech keng Alternative gëtt – ass wéi net anescht ze erwaarden den Datenzenter vu Google nees ernimmt ginn. Ee Projet deen esou krass behandelt gëtt, datt net nëmmen déi CSV-geleete Gemeng politesch an d‘Schleidere komm ass, mee et duerchaus virstellbar ass, datt wann dëse Projet d‘Bach ofgeet, mir eng nei Regierung brauchen.

Veriergert ass een awer net eleng wéinst der Geheimniskréimerei ronderëm de Projet Google zu Biissen. D‘Regierung ass jo och net gewëllt – net emol der Presidentekonferenz – Informatiounen zum „Deal“ ze ginn, firwat nach ëmmer net gewosst, wien u wien erugetrueden ass, fir dësen net esou wierklech „nohaltegen“ Industrieprojet an Ugrëff ze huelen. Dat ass absolut inakzeptabel.

An wann et nëmmen ëm d‘Amerikaner géif goen… Nee et geet bei der Wirtschaft an dem gewollte Wuesstem och ëm d‘Chinesen. Hei bedauert de Frank Engel, datt et – wéi bei Google – soll e „Memorandum of Understanding“ (MoU) ginn, also quasi eng Ofsprooch tëscht Lëtzebuerg a China gëtt, deen sech op aktuell an zukünfteg Investitioune vun den „Techno-Faschisten“ bezéien.

Kommunisten am Kontext vum Hong Kong Konflikt a wéinst dem Ëmgang mat den Uiguren (eng moslemesch „Minoritéit“ déi vun der chinesescher Regierung a Lager sollen op Linn bruecht ginn) an de Beräich vum Viktor Orban senger Fidesz ze réckelen ass gewot, mee inzisiv a suergt dofir datt een méi opmierksam nolauschtert. Woubäi Hong Kong ass net d‘Plaz vum himmlesche Fridden.

Sech mat esou Regimmer op e Kouhandel anzeloossen, an dat ënner strengster Geheimhaltung ass net nëmme verwerflech, mee géif och nach géint den Artikel 37 vun der nach gülteger Verfassung verstoussen, an deem et heescht, dat „geheim Ofkommen“ si verbueden. Net datt een déi gutt Bezéiung zu Peking a Fro stellt, mee een d‘Chinesen net dierft als Partner, mee als Géigner gesinn.

Et géif fir esou eng Partnerschaft keng strategesch Grondlag, firwat een och bei der Vergab vun de 5G-Lizenze misst gutt Oppassen. D‘Amerikaner hunn jo bekanntlech den Leader „Huawei“ an „ZTE“ den operationellen Zougang zum US-Maart verweigert an den Entreprisen ënnersot sech bei dëse chinesesche Produzenten auszerëschten. Dat sollt een och zu Lëtzebuerg behäerzegen…

Fazit:

Et ass erfreelech ze gesi wéi kämpferesch sech d‘CSV opgestallt huet an mam Frank Engel hunn se och dee richtege Mann un der Spëtzt, fir engersäits d‘Erneierung vun der Partei, wéi anersäits och nees Uspréch op Regéieren ze stellen. Datt si bei der Verfassung awer sprangprëssessiounsméisseg vijenzeg an hannerzeg sprangen, mécht et fir de Bierger net méi verständlech.

Beim Logement sinn d‘Virwërf an d‘Argumenter berechtegt, et gëtt awer ënner den Dësch fale gelooss, datt och d‘CSV – déi laang Zäit d‘Regierungsgeschäfter geleet huet – hei villes derzou bäigedroen huet, wat déi aktuell Situatioun um Wunnengsmaart betrëfft. Datt si sech elo besënnt hunn ass begréissenswäert, mee dat léisst sech vun der Oppositiounsbänk och besser gestalten.

Beim Wuesstem bléift et dobäi – och wann de Volet China eppes méi nei ass – dee soll moderat an dem begleedenden Infrastrukturausbau ugeglach ginn. Entreprisen déi nei bäi komme sollten op hir Nohaltegkeet a Wirtschaftlechkeet gepréift ginn. Zudeem soll et keng geheim Ofsprooche ginn, déi nëmme fir schlecht Stëmmung suergen. An de Wunnengsmaart muss sech zwéngend berouegen.

Foto: De President vun der CSV, Frank Engel, an de Generalsekretär Felix Eischen hunn en Donneschdeg eng Virschau op de Réckbléck gebueden. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CSV, Film Fund Luxembourg, Logement, Verfassung, Wuesstem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel