Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De SNE/CGFP hëlt Stellung zum Koalitiounsaccord
Neiegkeeten Stories

De SNE/CGFP hëlt Stellung zum Koalitiounsaccord

D’Resultater vun de Wahle vum 14.Oktober hunn zum Fortféiere vun

Grouss Onsécherheete fir d’Zukunft vun der Stolindustrie zu Diddeleng
Neiegkeeten Stories

Grouss Onsécherheete fir d’Zukunft vun der Stolindustrie zu Diddeleng

Fir de Site zu Diddeleng wäert eng beonrouegend Episod ufänken.

D’Stad Lëtzebuerg iwwerreecht Präis vum Tour du Duerf
Neiegkeeten Stories

D’Stad Lëtzebuerg iwwerreecht Präis vum Tour du Duerf

Während der europäescher Mobilitéitswoch am September, an am Kader vum

Dat normaalst vun der Welt

Vun engem zentrale Fichier deen et net sollt ginn an Zankerten déi iwwert de Gesetzer stinn

Dat normaalst vun der Welt

Säit Ufank Juni hänkt de Sege schif an dat alles wéinst engem zentrale Fichier, deen esou an dëser Form eigentlech net gëtt, oder zumindest net sollt ginn. Vill Gedauschs ronderëm „geheim“ Informatiounen déi eis Polizisten iwwert opfälleg Bierger solle gespäichert a klasséiert hunn. An datt een et weess ass kengem anere wéi dem allsäits bekannten Affekot Gaston Vogel geschëlt.

Dësen Affekot hat bekannt gemaach, datt et nieft dem gewéinleche Casier, och nach esou eppes wéi e geheimt Archiv oder ee „Casier bis“ géif ginn. Hie wier drop gestouss ginn, nodeems ee vu senge Mandanten, dee Polizist wollt ginn, net ugeholl ginn ass, well et en Dossier gëtt andeems dësem eng Gewaltdot virgeworf gëtt, fir déi hien allerdéngs ni juristesch belaangt ginn ass. Krass, oder?

Woubäi… wann een Abstraktioun vum Affekot sengem „Fall“ mécht an eppes distanzéiert un dat ganzt erugeet, weess een, datt näischt wat jeemools vun den Autoritéiten „notéiert“gëtt ka verluer goen. D‘Police ass wéi den Internet, du kanns versichen alles ze läschen an awer ass et nach ëmmer iergendwéi do. Ob et sënnvoll oder souguer legal ass? Nee ass et net, dofir ass et jo och Geheim.

Fudder fir d‘Oppositioun

Hei ass et dann awer ob emol net d‘Justiz oder d‘Police selwer déi op d‘Uklobänk gesat gëtt, nee et ass un der Regierung fir den Eclat riicht ze stoen. D‘Piraten, d‘ADR an natierlech d‘CSV hunn als éischt d‘Koalitiounsregierung drangsaléiert. Esou De Laurent Mosar mat enger parlamentarescher Fro (17. Abrëll) an där hien Opklärung verlaangt a wësse wëll wéi laang et de „Mëssbrauch“ gëtt.

An hirer Äntwert (déi, wéi et mëttlerweil schéngt d‘Reegel ze sinn, nom Delai virgeluecht ginn ass) huet d‘Regierung eng Punkten opgeworf, do ass mat „Kapprëselen“ eleng net gedoen. Esou géif et keen „Casier-ähnlechen“ Fichier, eng Dateveraarbechtung no EU-Dateschutzveruerdnung „GDPR“ (EU/2016/769) géif et awer grondsätzlech fir Kandidate ginn, déi an de Staatsdéngscht antrieden.

Gutt, datt een uecht deet wien ee sech do ulaacht, besonnesch am Kontext vun der Police, kann een novollzéien. Et ass och denkbar, datt Strofdoten, esou wéi se dann an de Casier gehéieren, och bis wäit iwwert de „legalen Haltbarkeetsdatum“ gehale ginn, dat zu rengen „Informatiounszwecker“ natierlech, juristesch dierften se jo och net méi ugewannt ginn. Also zumindest „offiziell“ net…

Theorie a Praxis

Mee d‘Äntwert vun der Regierung ass net „Zefriddestellend“ an den ADR-Deputéierte Roy Reding leet nach eng Schëpp no. Dat mat enger längerer schrëftlecher Fro, an engem Communiqué dee scho richtungsweisend ass. D‘ADR erënnert drun, datt den Dateschutz der Regierung wichteg ass, an d‘Methoden net zum Vertraue bei de Bierger bäidroen. Transparenz, wéi versprach, geet anescht.

Dem Joe Thein seng „déi Konservativ“ sinn och entsat iwwert esouvill „Policeapparat“ a froen sech an hirem Communiqué ob „zu Lëtzebuerg e ‚geheime Casier‘ existéiert, wou d‘Scholdvermuddung aktéiert gëtt, an/oder nieft dem juristesche Strofregëster, nach eng polizeilech Strofdokumentatioun als Grondlag déngt“? Et wieren dat gesetzeswiddreg Methoden, déi un d‘Stasi géifen erënneren.

Bei déi lénk ass dëse Fall och op fruchtbare Buedem gefall, an u Virwërf gëtt net gespuert. Si verweisen dann och net eleng op déi sëlleche parlamentaresch Froen déi an dësem Zesummenhang gestallt ginn, mee fuerdert eng Sëtzung vun der Kommissioun fir Justiz a Bannesécherheet. Hei sollen déi zoustänneg Ministeren (Felix Braz a François Bausch – déi gréng) Positioun ergräifen.

Wat geet gëtt genotzt

Elo erënnert dat ganzt un den Dossier SREL, deen, esouvill dierf ee soen, eppes a Vergiessenheet geroden ass. Zudeem sollt een heiansdo e Bléck an d‘Geschichtsbuch vum Land woen, wou engem opfale géif, datt d‘Autoritéite schonn am 20 Joerhonnert ugefaangen hunn Daten ze sammelen. Deemools nach aus „Angscht virun de Kommunisten“, haut géif een d‘Terrorbedreeung ernimmen.

Woubäi et eigentlech egal ass, aus wellechem Grond d‘Police an aner Sécherheetsdéngschter déi Date sammelen. Si kënnen et an dat ass eigentlech Berechtegung genuch, well eigentlech déngen dës Informatiounen internen Zwecker a sollten eigentlech net juristesch (also viru Geriicht) dierfen ugewannt ginn. An natierlech gëtt och an dësen Dossier gekuckt, wann ee beim Staat schaffe wëll.

Hei ass et dann elo, well een „d‘Waasser net hale konnt“ emol nees erauskomm wat ëmmer schonn esou gehandhaabt ginn ass, an och kaum anescht wäert gehandhaabt ginn. Schliisslech muss net begrënnt ginn, firwat eng Kandidatur net zeréckbehale gëtt an et géif sécherlech och aner Äntwerte wéi déi wou hei virgeluecht goufen. Et ass folgerichteg och keen handfeste Skandal.

Kommentar

Déi als „Gambia“ bekannten Dräierkoalitioun hat wuel emol versprach, datt et méi Transparenz géif ginn. Wéi dat sollt ausgesinn, huet sech jidderee fir sech selwer virgestallt, a wahrscheinlech net dru geduecht, datt et Limitte bei der Transparenz gëtt. Dat esouwuel aus nationale Sécherheetsbedenken a zum Schutz vun der Bevëlkerung, wéi och ganz interne Grënn. An et ass net ëmmer vu Muttwëll.

Freet sech wéi mat dësen Informatioun ëmgaange gëtt? Si kënnen e bestëmmte Fäll eng Carrière vernichten oder guer net eréischt entstoe loossen. E Riichter kéint, unhand der „Virgeschicht“ vun engem Ugeklote méi Streng uerteelen, obwuel dat wourop hie sech bezitt „kale Kaffi“ ass an eigentlech dokumentaresch net virleien dierft. Dat ass net gerecht, zumindest wann een et weess.

An egal wéi dëse „Skandal“ elo politesch bewältegt gëtt, sech Hoffnungen drop ze maachen, datt all déi illegal gespäichert/archivéiert Daten elo geschreddert ginn, dat ass verluere Méi. D‘Autoritéite sinn op dës Informatiounen ugewisen, fir sech e méiglechst vollstännegt Bild vun där Persoun, déi Géigestand vun enger Enquête ass, maachen ze kënnen. An dofir kucken si och an d‘sozial Netzwierker.

Foto: Egal wat s du wéini gestiicht hues, egal ob et dofir e Protokoll oder e Geriichtsuerteel ginn huet. Bei der Police wëssen si alles wat wichteg ass, well si hunn et opgeschriwwen. Dat war mat Aarbecht verbonnen, an dofir geet och gutt uecht gedoen, dat näischt vergiess oder verluer gëtt.

Ähnlech Sujeten Casdier Judiciaire, Casier, Felix Braz, François Bausch, Police, Zentrale Fichier vun der Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel