Search

You may also like

Interpol hëlleft de libaneseschen Autoritéiten
International Neiegkeeten

Interpol hëlleft de libaneseschen Autoritéiten

Nodeems d‘Police zu no der riseger Explosioun am Hafe vu

Frankräich: Mat klenge Schrëtter a Richtung Neistart
International Neiegkeeten

Frankräich: Mat klenge Schrëtter a Richtung Neistart

An enger laanger Sëtzung huet de franséische Premierminister Edouard Philippe

surprise
Douane mat engem erfreeleche Bilan
International Neiegkeeten

Douane mat engem erfreeleche Bilan

Zolidd Saisien, streng Kontrollen am Beräich vum Stroossentransport an am

Dat nukleaart Arsenal soll bleiwen…

D‘USA wëllen Zaldoten aus Däitschland ofzéien, wat bei eisen Nopere fir eppes Gespréich suergt

Dat nukleaart Arsenal soll bleiwen…

Wann et stëmmt, wat de Wall Street Journal um Weekend verkënnt huet, da solle vun den aktuell ronn 34.500 Zaldoten déi op 15 Standuerter an Däitschland stationéiert sinn, bis September eng 9.500 Mann ofgezu ginn. Eng offiziell Ausso dozou gëtt et net, mee de Sujet suergt fir Opreegung.

Fir de Peter Beyer, dee Mann deen d‘Bezéiungen tëscht Berlin a Washington koordinéiert, sinn esou Noriichten, besonnesch wann se net iwwert den „diplomatesche Wee“ bei him um Schreifdësch landen, grondsätzlech schlecht. Hien huet op Nofro just gemengt: „Dat däitsch-amerikanescht Verhältnis kéint vun esou enger Entscheedung vum US-President staark beanträchtegt ginn“.

Hien deelt allerdéngs net d‘Usiicht vun den Observateuren, déi an dëser méiglecher Decisioun eng „Revanche“ vum US-President gesinn, wëll d‘Bundeskanzlerin hir physesch Deelnam um G7-Sommet – dee jo dëse Mount sollt stattfannen – ofgesot huet. Si hat hir Ofso an de Kontext vun der Covgid19-Pandemie gestallt, firwat de Sommet jo dann och an de September verluecht ginn ass.

Och Washington, huet dës „Erklärung“ zeréckgewisen, a wësse gelooss, datt et fir dës Decisioun ganz gutt Grënn huet. Dozou muss dann och gewosst sinn, datt d‘Bezéiung tëscht Däitschland an den USA zanter der Amtsaféierung vum Milliardär zimmlech op d‘Prouf gestallt ginn ass. Den Donald Trump huet Berlin eigentlech onermiddlech de Virworf gemaach, net genuch opzerëschten.

Dat allerdéngs huet manner – wéi vu ville gären duergestallt – mat Krichsabsichte säitens dem US-President ze dinn. Nee hei geet et an éischter an éischter Linn ëm Wirtschaftsinteressen. Géifen eis däitsch Nopere wéi vu Washington gewënscht hire Militärapparat oprëschten, géif dat ganz kloer der US-Industrie zerguttst kommen. Mee déi schlecht Stëmmung huet nach aner Ursaachen.

Si wëllen den Toun uginn

Esou beispillsweis de Projet vun der Gaspipeline NordStream2, mat där russescht Gas an d‘Unioun kann importéiert ginn, ouni duerch d‘Ukrain ze transitéieren. De Donald Trump huet d‘Acteuren, also all déi um Bau bedeelegt Entreprise deraart ënner Drock gesat, datt de ganze Projet a Verzuch geréit. Och den US-Ambassadeur Richard Grenell hat der däitscher Regierung den Dicks gebéit.

Hien hat schonn am August 2019 en Truppenofzuch ugekënnegt, geschitt ass awer séier wéineg an och zu Bréissel rëselt ee verwonnert de Kapp. Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet gëschter an enger kuerzer Interventioun bemierkt, datt déi amerikanesch Truppepresenz an Europa zou- an net ofgeholl huet. Woubäi Washington seng Zaldoten éischter am „Oste“ stationéiert.

Besonnesch déi rietsnational Regierung a Polen huet Standuerter ugebueden an hofft elo, datt si weider Zaldoten zougestane kréien. Déi stramm antirussesch Haltung vun der PiS-Partei gefält Washington. Polen ass ee gudde Partner an d‘Proximitéit zu Russland ass jo ee klore Virdeel. Woubäi d‘US-Generäl Däitschland militäresch nach ëmmer als wichtege Partner ugesinn.

Däitschland ass ee ganz wichtege Standuert, fir net ze soen Dréi- an Angelpunkt fir déi sämtlech Asätz am Noen Osten. D‘US-Dronen, déi fir Dout a Verwüstung, beispillsweis am Irak oder dem Afghanistan, suergen, gi vum US-Militärstëtzpunkt Rammstein – also quasi virun eiser Dier – befeelegt. Net ze Vergiesse, datt an der Eifel och mindestens 20 Atomrakéiten op den Asaz waarden.

Hiert nukleaart Arsenal awer wëllen d‘Generäl am Pentagon net aus Däitschland ofzéien an och u Rammstein wëll kee fréckele goen. Et dierft den Ament dann och emol bei enger net offiziell bestätegter Absichtserklärung bleiwen. Oder anescht ausgedréckt, esoulaang wéi den Donald Trump den Ofzuch net op Twitter verkënnt, bleift alles beim alen. Mee Damp ouni Feier gëtt et och keen…

mat indymedia/fra/nyc

Foto: D‘Airbase vu Rammstein ass ee wichtegt Element am strategesche Portfolio vun der US-Arméi. Dorobber ze verzichten, dierft ville Generäl net gefalen. © oskra (Archivfoto Okt. 2019)

Related topics Däitschland, Donald Trump, Truppenofzuch, US-Zaldoten, USA, Wall Street Journal
Next post Previous post