Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tonguelove
Texas: Ouni Solidaritéit keen Neiufank
Kultur LOL Stories

Texas: Ouni Solidaritéit keen Neiufank

Op de Verkéierskniet déi d’Häerz vun Houston ëmschléngen ass nees

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk
Kultur LOL Stories

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk

„De Wanter kënnt, kaf der Buch“ sot ee mer an

Méi Stierffäll am „waarme“ Summer 2018
Kultur LOL Stories

Méi Stierffäll am „waarme“ Summer 2018

De Summer 2018 war deen 2. wäermsten dee vun der

laughing

Dat On-liesbart

Buchkritik: Romain Meyer "François Bausch - Der Un-Geduldige"

Dat On-liesbart

Politesch Literatur ass nach eng Seelenheet zu Lëtzebuerg. Mee et braucht een net wäit kucken ze goen, fir ze gesinn, wéi attraktiv de Marché ass. E Buch wéi “Fire and Fury” bréngt et zum Bestseller, net nëmmen, well et de perfekte Sujet huet, mee well et och de perfekte Moment erwëscht huet. Beim Romain Meyer sengem “François Bausch – Der Un-Geduldige” sinn ech mer awer net sécher, op ee vun deenen zwee Faktore getraff ginn ass.

Mee net all Buch muss sech zum Bestseller mauseren. De fréiere Journalist Romain Meyer gëtt sech vill Méi, hei e Profil vum grénge Politiker opzestellen. Dobäi geet en souwuel op déi perséinlech, wéi och op déi politesch Geschicht vum François Bausch an. E ganz üblecht Virgoen, bei esou engem politesche Portrait. An och wann d’Informatiounen, déi hei present sinn, duerchaus interessant sinn, ass hier Zesummestellung, Konstellatioun an den allgemenge Floss vum Buch net gutt genuch, fir et zesummen ze halen.

Handwierklech fält d’Buch op ville Plazen negativ op

Fänke mer beim streng Handwierklechen un: D’Buch ass voll mat deels skurrille Sätz, Luxemburgismen, Toun- a Stilbrëch souwéi deels grotesken Iwwergäng. Sätz wéi “Jean Geisbusch tritt derweil seinen Austritt aus der grünen Partei an” loosse mech um Lektorat zweiwelen. Grad esou wéi Nonsense wéi “Das Klischee der vornehmen Stater, das teilweise heute noch im Ösling, an der Mosel, im Westen und im Süden des Landes gepflegt wird […].” een dozou verleeden, de Kapp ze rëselen a Betruecht der ausschwäifender Redundanz. A wann no laange Passagen zum Projet BTB den nächsten Ofsaz mat “Die Tram kommt wieder zum Zug” ufänkt, weess de, datt dat doten ee fir eng gutt Iddi gehalen huet.

Froe stellen ech mer och bei verschiddenen Informatiounen, déi den Auteur fir wichteg genuch gehalen huet, fir an d’Buch ze setzen. Firwat ass et wichteg, wéi een Auto an der Famill gefuer ginn ass, oder datt den haitege Minister als Kand nëmme Micky Maus-Hefter gelies huet? Och d’Charakteriséierung léisst deelweis ze wënschen iwwreg. Esou gëtt de François Bausch relativ fréi am Buch esou beschriwwen: “Er hört zuerst aufmerksam zu, denkt kurz nach, entscheidet dann blitzschnell und handelt im Anschluss entsprechend.” Och wa “Blitzschnell” definitiv dat falscht Wuert ass, fir et ze beschreiwen, gëtt hei kloer gemaach, datt de François Bausch sech seng Saache gutt iwwerleet. Eng 30 Säite mi spéit kréie mer dann presentéiert “‘Wie immer”, das heisst, er tut es, ohne lange abzuwägen, ob und wie er es tun soll.”

Virun allem de fréien Engagement vum Politiker gëtt grëffeg beschriwwen

Den Ënnertitel “Skizzen eines politischen Lebens” weist doropper hin, datt nach laang net all Statioun vum Politiker d’selwescht ausféierlech couvréiert ginn. Ëmmerhin stëmmt d’Gewiichtung an et gëtt een als Lieser vill interessant Saache gewuer, och mat Hibléck op déi aktuell Regierungskoalitioun. Vill gouf schonn iwwert d’Passage geschriwwen, an deenen de grénge Politiker eng Regierungspartizipatioun laanger Hand virbereet, mee et ass virun allem déi fréi Geschicht vum Politiker, déi mat hire Momenter, wou sech villes ännert, begeeschtert.

Groussaarteg Revelatioune ginn et leider net, trotz de villen interessanten Etappen, déi presentéiert ginn. An a Betruecht vun de ville schrëftstelleresche Aussetzer muss da wuel jidderee fir sech decidéieren, op e wëllt 24€ fir e Buch vun ënnert 200 Säite wëll hibliederen.

Romain Meyer, “François Bausch – Der Un-Geduldige. Skizzen eines politischen Lebens” 168 Säiten. ISBN 978-99959-42-39-7. Präis: 24,00 €

 

Ähnlech Sujeten François Bausch, Lëtzebuerg, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel