Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cargolux: D’Rees vun de Walen an Island als weeweisende Projet!
International Neiegkeeten

Cargolux: D’Rees vun de Walen an Island als weeweisende Projet!

Dëst Fréijoer soll et esou wäit sinn: zwee Belugae gi

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet
International Neiegkeeten

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet

Datt eis Deputéiert en Dënschdeg um Krautmaart de Gesetzprojet zum

Ambitiéis, Equitabel an Nohalteg
International Neiegkeeten

Ambitiéis, Equitabel an Nohalteg

Et ass en ambitiéisen, equitabelen an nohaltegen Accord, dee gëschter

Dat onvirstellbart Leed vun de Kanner am Jemen

Dat onvirstellbart Leed vun de Kanner am Jemen

Zanter Joren herrscht am Jemen e Krich, an de Paradox heibäi, et sinn net Ausenanersetzungen déi dat schlëmmst sinn: es ass den Honger ënnert deem d‘Mënsche Leiden. Betraff si wéi ëmmer déi Schwächst, an dat sinn d‘Kanner…

D‘Zuelen si bekannt, am Sécherheetsrot kennt se jiddereen, an den David Beasley, WFP-Direkter, dee grad op der Plaz war, leet d‘Fakten nach emol op den Dësch: 12 bis 18 Millioune Mënschen si reegelrecht um erhéngeren, si iesse Gras oder Blieder. Et géif am Jemen dann och längst net méi ëm Zuele goen, et wiere Mënschen, si hätten Nimm.

Haut a Knachen

E Land läit am Stierwen, an der fréier houfreger Haaptstad Sanaa, ass den David Beasley dem 8 Méint jonke Mohammed begéint. Chronesch ënnererniert, weit de Mohammed nach grad emol 3,3 Kilo, also erhieflech manner wéi dat, wat e Bëbee an dësem Alter weie muss. Et ass e Wonner datt seng Elteren, déi 300 Km zum eenzege Spidol iwwerwonne kruten, dat iergendwéi hëllefe konnt.

Am UN-Sécherheetsrot ass et stëll, wéi den David Beasley säi Bléck iwwert d‘Ronn schwiewe léisst. „Dir kennt alleguerten d‘Biller aus de Noriichten, si sinn nach just Haut a Knachen, esou wéi de Mohammed, hie war keen Eenzelfall, esou gesäit et am ganze Land aus“. Den Direkter vum Welternierungsprogramm hält en Ament de Otem un… a füügt bäi:

Jemen

Den David Beasley, Direkter vum Welternierungsprogramm war viru kuerzem am Jemen, wou hien sech an der Haaptstad Sanaa, selwer e Bild vun der Hongersnout an hire Folge fir d‘Kanner, maache konnt. Seng „Erfarungen“ huet hien dem UN-Sécherheetsrot virgedroen. © Ashraf Shazly/AFP

“Ech sot ‚hie war‘ nach just Haut a Knachen, de Mohammed ass gëschter gestuerwen”.

Zanter Joren herrscht am Jemen de Konflikt, an d‘Welt huet dëse Krich „vergiess“. Saudiarabien bombardéiert aus der Loft d‘Houthi-Rebellen, d‘Houthi-Rebelle bréngen den Dout um Buedem. Et stierwe Mammen, Kanner a Bëbeeën… net duerch Waffen… duerch den Honger.

Den David Beasley huet sech op der Plaz en eegent Bild vun der Lag gemaach, an huet dem UN-Sécherheetsrot näischt verheemlecht. Et wier beschwéierlech duerch esou e Spidol ze goen an, an all Zëmmer d‘Kanner stierwen ze gesinn.

De WFP-Direkter, dee selwer Papp ass, erzielt: „an engem Bett huet e Kand geleeën. D‘Féiss hunn ënnert de Decken erausgeluusst. Ech duecht, ech kribbelen him un de Féiss, nëmme fir e Laachen ze héieren, e Laachen ze gesinn. Mee et gouf kee Laachen, et war wéi wann ee e Geescht gekëddelt hätt“. Am UN-Sécherheetsrot war nach just den Otem vun de leit ze héieren…

A keen deen eppes ënnerhëlt?

„Et gëtt kee Laachen, esou wann se kräischen, maachen si dat lues. Si sinn all schwaach a krank, si stierwen“, esou den David Beasley. Am Spidol huet him de Chef-Dokter erkläert, datt all Dag bis zu 50 nei „Fäll“ erakommen, a si beschtefalls fir 20 eng Plaz hunn. Déi wou net am Spidol kënnen opgeholl ginn, géifen nees zum Stierwen heem geschéckt ginn, esou den Dokter.

Muer um Méindeg, wëll Groussbritannien am UN-Sécherheetsrot e Resolutiounsentworf abréngen, mat deem eng Wafferou am Jemen soll geséchert ginn. Et wäert nees diskutéiert an iwwerluecht ginn, op d‘Resolutioun der eegener politescher Strategie entsprécht, a kaum een wäert dann nach un d‘Kanner denken. D‘Land stierft weider… Et ass déi gréisste vu Mënsche provozéiert Katastroph.

mat AFP

Foto: E jemenitesche Bëbee, sichtlech ënnererniert, kämpft ëm d‘Iwwerliewen an engem Spidol vum Distrikt Abs, an der Hajjah-Provënz. Et ass e vu villen Affer, déi d‘Welt net wëll gesinn, en Affer vun der Gläichgültegkeet, der gréisster vu Mënschenhand gemaachter Katastroph. © Essa Ahmed/AFP

Ähnlech Sujeten Biergerkrich, David Beasley, Hongersnout, Jemen, UN-Sécherheetsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel