Search

You may also like

money
Wee sicht, dee fënnt: Google Datë-Zenter huet eng nei Heemecht zu Biissen
Neiegkeeten

Wee sicht, dee fënnt: Google Datë-Zenter huet eng nei Heemecht zu Biissen

Mat der Bestätegung aus dem Wirtschaftsministère um Dënschdeg schéngt dann

Déi verluere Kanner vum Südsudanesesche Konflikt
Neiegkeeten

Déi verluere Kanner vum Südsudanesesche Konflikt

Eleng an op plakege Féiss ass d‘Nyadet néng Deeg laang

70 Joer NATO: Zum Gebuertsdag e Bierg aus Gold
Neiegkeeten

70 Joer NATO: Zum Gebuertsdag e Bierg aus Gold

Et ass jo net well engem no Feieren ass, datt

Dat progressiivst Déiereschutzgesetz op der Welt

Dat progressiivst Déiereschutzgesetz op der Welt

Leschte Mëttwoch ass um Krautmaart, wann een dem Landwirtschaftsminister Fernand Etgen (DP) gleewe kann, dat progressiivst Déiereschutzgesetz vun der Welt gestëmmt ginn. De neie gesetzleche Kader huet d‘Zil „d‘Dignitéit, de Schutz vum Liewen, d‘Sécherheet an d‘Wuelbefanne vun den Déieren“ ze garantéieren.

Den Déiereschutz gëtt zu Lëtzebuerg zanter 1965 gesetzlech encadréiert, an eng éischt Reform vum Déiereschutzgesetz hat et 1983 ginn. Zanterhier huet et wuel vill Fuerderungen an Debatte ginn, an elo 35 Joer méi spéit, ass et dann och endlech zu engem neie Gesetz komm, mat deem d‘Déier als Solches, net méi als „Géigestand“ oder „Sachwäert“ dierf betruecht ginn.

An de Fernand Etgen huet a senger Ried ausgesot: „Ech sinn iwwerzeegt, datt Dank der technescher Evolutioun an der Fuerschung, mir net nach emol iwwer 30 Joer musse waarden, fir dësen Text den evolutive Fuerderungen unzepassen“. Et ass dann och e Gesetzestext deen Eestëmmeg an der Chamber ugeholl ginn ass, woumatter de gesellschaftleche Fuerderunge Rechnung gedroe ginn ass.

Paradigmewiessel

Laut dem Rapporteur, Gusty Graas (DP), berécksiichtegt de Gesetzestext d‘Verännerung vun eiser Gesellschaft, a stellt däitlech e Paradigmewiessel duer. Den Deputéierten, Ali Kaes (CSV) huet ënnerstrach, datt sech eis Relatioun zum Déier generell an de leschte Joerzéngte verännert huet. D‘Déier wier e „Partner“ ginn, dat eis am Liewe begleet, esou den CSV-Deputéierten.

An aus dem Resumé vum Gesetzestext geet ervir, datt den Déieren d‘Dignitéit zougesprach kréien. Dat ass eng Première an am Gesetz gëtt d‘Déier als „net human Liewewiesen, dat Sensibilitéiten huet, well et mat engem Nervesystem ausstafféiert ass, dat him erméiglecht Schmäerzen ze empfannen“ definéiert gëtt. En Déier ass domatter de facto kee Géigestand méi.

Mat dësem Gesetz ass et zukünfteg verbueden, aus rengen ekonomesche Grënn, en Déier ze mësshandelen oder ëmzebréngen. Als Beispill gouf an der Chamber ëmmer erëm de Verbuet déi männlech Jippelcher ze schredderen, dat eenzeg aus dem Grond, well si keng ekonomesch Plus-value géifen duerstellen. Lëtzebuerg ass dann och dat éischt Land, datt dës Praxis verbitt.

Eng „symbolesch“ Approche?

Datt een elo zu Lëtzebuerg d‘Jippelcher net méi dierf schredderen, ass laut dem Cécile Hemmen (LSAP) „eng nei Approche, och wann se zum Deel reng symbolescher Natur ass“. Si hofft dann awer, datt Lëtzebuerg e Beispill fir aner Länner ass.

Am Gesetzestext sinn dann och eng ganz Rei nei Restriktiounen enthalen, déi sech op den Transport vun Déiere bezeien. Woubäi de Fernand Etgen allerdéngs festhält, datt sech am Prinzip fir de Bauer näischt wiesentlech ännert. Si hunn och weiderhin d‘Verantwortung dofir, datt hir Déiere mam néidege Respekt behandelt ginn.

Esou definéiert d‘Gesetz, datt sech „d‘Wuelbefanne vun engem Déier als Zoustand vum Confort an dem physiologeschen a physeschen Equiliber, duerch de Gesondheetszoustand, dem genügende Confort, engem gudden Ernärungszoustand, der Méiglechkeet en natierlechen Ausdrock, den Zoustand vu Sécherheet, esou wéi d‘Absence vu Qualen, wéi Péng, Angscht oder Nout“ ausdréckt.

Eng Ausnam besteet bei der Fëscherei an der Juegd!

Kritik vun der Oppositiounsbänk

Wann et bei der Ofstëmmung och eng Parteiiwwergräifend „Eestëmmegkeet“ ginn huet, esou muss awer drop higewise ginn, datt et säitens der Oppositioun an der Chamber zolidd Kritik ginn huet. Esou geet villen Deputéierten de Gesetzestext net wäit genuch. Esouguer de Gérard Anzia (déi gréng), hat sech als Deputéierte vun der Koalitiounsregierung méi erhofft.

Hie bedauert, datt d‘Gesetz d‘Benotzung vun Déieren zu Fuerschungszwecker net ausräichend encadréiert. Et wiere wuel Konditiounen am Text enthalen, mee déi wiere schlicht an ergräifend net Zilféierend. Hei hätt Lëtzebuerg d‘Geleeënheet verpasst eng Virreiderroll anzehuelen, an op Alternativen zu Tester mat Déiere virzeschreiwen.

Fir de Roy Reding (ADR) ass bedauerlech, datt d‘Dignitéit vum Déier net an d‘Verfassung, wéi si dat längst gefuerdert hunn, ageschriwwe gëtt. Zudeem stéisst sech d‘ADR dorunner, datt de Präis fir Fleesch vill ze déif ass, wat et de Landwirt quasi onméiglech géif maachen, der Massenzuucht de Réck zouzewennen. Déi Lénk vertrieden d‘Usiicht, datt d‘Regierung géintiwwer der agro-industrieller Lobby ageknéckt ass. Fir si ass de „Bio“ d‘Normalitéit.

Related topics Chamber, Déiereschutzgesetz, Dignitéit, Fernand Etgen
Next post Previous post