Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OPGEPASST: Ongekennzeechent Gluten a Lasagne vum Delhaize!
Geek International dating site screen name examples

https://moien.lu/pass-dating/

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt eng Lasagne

What the Fakt – Wéi aus enger Visioun den Europa-Park entstanen ass
Geek International dating site screen name examples

What the Fakt – Wéi aus enger Visioun den Europa-Park entstanen ass

Bei hirer Rees duerch d’USA sinn de Franz Mack a

Historeschen Trounwiessel a Japan
Geek International dating site screen name examples

Historeschen Trounwiessel a Japan

Dat huet esou a Japan zanter Éiwegkeeten net méi ginn:

geek

Datemëssbrauch: Ermëttlunge géint Facebook och a Kalifornien

Datemëssbrauch: Ermëttlunge géint Facebook och a Kalifornien

Säit elo 18 Méint gëtt a Kalifornien géint d‘Nummer 1 vun de sozialen Netzwierker enquêtéiert, elo ass et dann och ëffentlech. Zudeem ass elo och gewosst, datt de Procureur Xavier Becerra kee Frënd vun dësem Silicon Valley Konzern ass. Dat bezitt sech op d‘Analys vun de Geriichtsënnerlagen, aus deenen ervirgeet, datt et mat der Kooperatioun säitens Facebook net wäit hir ass.

Aus den Dossieren déi dem Geriicht zu San Francisco virleie geet ervir, datt Facebook externen App-Entwéckler Zougrëff op net ëffentlech User-Daten erlaabt huet. Dës Entreprisen hätten dann unhand de „gesammelten“ Date Profiller erstellen an un Drëtter weiderverkafe kënnen. Et geet och aus den Ënnerlagen ervir, datt d‘Entreprise vum Mark Zuckerberg net wierklech gespréicheg ass.

Well déi vun der Justiz sollicitéiert Mataarbechter net kooperéieren an d‘Ufroe vun den Ermëttler nëmmen onvollstänneg beäntwerten, huet de kalifornesche Generalprocureur elo d‘Methoden eppes verännert. Fir Äntwerten zu all den oppene Froen ze erhalen, gouf entscheet per Geriichtsbeschloss Zougrëff op den Echange vun e-Mailen tëscht dem Zuckerberg an dem Sheryl Sandberg ze kréien.

Domatter ass dann elo och an d‘Ëffentlechkeet gedrongen, datt seng Servicer schonn zanter 2018 géint den Internetkonzern ermëttelen. Heibäi geet et grondsätzlech ëm de laxen Ëmgang mat den Date vun de Facebook-User. Eng Affär déi duerch d‘bekannt gi vun Onregelméissegkeete mat der britescher Entreprise Cambridge Analytica fir eppes Opreegung gesuergt hat an net vergiess ass.

Froe bleiwen onbeäntwert

Cambridge Analytica hat deemools Zougrëff op d‘Date vu 87 Milliounen User, an huet déi esou wéi et erwise schéngt, och ausgibeg benotzt. Problem? Zu de Cliente vun der britescher Entreprise huet och d‘Wahlteam vum republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump gehéiert. Et haten sech also erwisenermoossen, net nëmmen d‘Russen an de Presidentschaftswahlkampf invitéiert.

Aus dem Büro vum Procureur war nach gewuer ze ginn, datt de Konzern 25 Froen onbeäntwert gelooss huet. Ënnert anerem wëllen d‘Ermëttler vu Facebook wëssen, wéi eng Zougrëff extern Entwéckler op d‘Date vun den User haten. An dat wëllen se bei Facebook net beäntwerten, firwat elo d‘Enquête erweidert a gekuckt gëtt, ob d‘Entreprise géint kalifornescht Recht verstouss huet.

Gepréift gëtt an dësem Zesummenhang och, op Facebook seng User getäuscht an eege Richtlinne bewosst ignoréiert huet. A wie mengt dat wier schon Ierger genuch, dee iert sech: Laut dem Xavier Becerra gëtt et nach een zweet, wäit méi bedreelecht Verfahren, dat géint den Internetkonzern ugelaf ass. D‘Procureuren aus 47 Bundesstaaten ënnersichen d‘Geschäftspraktike vu Facebook.

Et soll gekläert ginn ob sech den Internetkonzern wettbewerbswiddreg verhält, fräizügeg mat den Notzerdaten ëmgeet an d‘Präisser fir Werbung an d‘Luucht dreift. Erënnere mir dann och an dësem Kontext dorunner, datt Facebook wéinst den Dateschutzskandaler mat der US-Handelsopsiicht (FTC) am Summer en Arrangement fonnt huet: et gouf sech op eng Strof vu 5 Milliarde gëeenegt.

mat indymedia/sfo

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Dateschutz, Facebook, Mark Zuckerberg, Sheryl Sandberg, Sozial Netzwierker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel