Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Expo MELTING POT – Dem Joël seng Éischt eleng!
Neiegkeeten

Expo MELTING POT – Dem Joël seng Éischt eleng!

Fir seng éischt Eenzelausstellung huet de Lëtzebuerger Artist Joël Rollinger de

Milwaukee: Schéisserei an der Brauerei
Neiegkeeten

Milwaukee: Schéisserei an der Brauerei

Amerika, Land vun den onbegrenzte Fräiheeten a Schouss vun der

D’Lëtzebuerger Nationalitéit: Esou beléift wéi nach ni?
Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Nationalitéit: Esou beléift wéi nach ni?

An de leschte 5 Joer huet d’Zuel u Persounen, déi

Datenzenter Google: Biisser Buergermeeschter verhale begeeschtert

Datenzenter Google: Biisser Buergermeeschter verhale begeeschtert

Zanter Enn Oktober gëtt et zu Biissen eng nei politesch Féierung. De fréiere Buergermeeschter Jos Schummer (Onofhängeg) ass wéinst dem Datenzenter vu Google deen um Busbierg soll entstoen eppes an d‘Schleidere geroden an no eppes Gedeessems vum David Viaggi (Är Leit) ofgeléist ginn.

Wéi se sech den 20. Juni zu Biissen mam Reklassement vun den Terraine beschäftegt hunn, déi dem amerikaneschen Internetkonzern Google zougesprach goufe fir säin Datenzenter opzeriichten, war et zum Eclat komm. Véier Leit wollten dat, zwee waren dergéint a ganzer fënnef hunn et fir richteg empfonnt sech ze enthalen. „Wëllkomm“ ass Google deemno net, wat schonn eppes bedenklech ass.

D‘Amerikaner gi sech mat esou Detailer elo awer net of, hiren Uspriechpartner ass d‘Regierung an esou eng Gemeng mat hirem Buergermeeschter spillt do éischter eng ënneruerdent Roll. Google huet dann och säi „PAP“ am Oktober agereecht an d‘Gemeng hat ee ganze Mount Zäit fir ze préiwe wéi et ëm d‘Konformitéit bestallt ass. De nächste Schratt ass elo d‘Genehmegungsprozedur.

Interessant ass dann awer, datt et haut den Owend eng Aarbechtssëtzung zu dësem Dossier gëtt, an de Gemengerot zu dësem Zweck den Architektebüro WW+ agelueden huet. E „Vertrieder“ vu Google soll mëttels Videokonferenz zougeschalt ginn. Wann et elo dem David Viaggi nogeet, da mussen d‘Amerikaner elo endlech hir Kaarten op den Dësch leeën a virun allem éierlech sinn.

Woubäi „Éierlechkeet“ elo net esou direkt zu de Geschäftsprinzipie vum Konzern gehéiert. Datt déi iwwert hir Duechter LB-Technology Sàrl (eng vu ville Bréifkëschten) d‘Terraine kaf hunn, ass een eréischt duerch eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar gewuer ginn. Et ass een an dësem Dossier vun der Transparenz déi den David Viaggi fuerdert, nach ganz wäit ewech.

Genehmegungsprozedur dierft Spannungen ervirruffen

Wa gewosst ass, datt d‘Regierung sech um Projet Google festhält wéi de Geck un de Bengel, dann dierf ee gespaant sinn, wéi eng Entwécklungen sech erginn, wann d‘Genehmegungsprozedur bis lancéiert ass. Dann hunn d‘Gemeng an déi zoustänneg Ministère dräi Méint Zäit sech zum Projet ze äusseren. Säitens der Gemeng kann ee sech awer nëmmen zu engem Avis duerchréngen, wa Google Informatiounen zur Infrastruktur „Datenzenter“ bereetstellt, an esouguer da gëtt et komplizéiert.

Fir den neie Biisser Buergermeeschter geet et schliisslech och drëms sengen Awunner de Projet ze erklären, an déi vun hiren Ängschte géintiwwer dësem gigantesche Projet ze befreien. Dobäi geet et ëm esou Profanes wéi de Kaméidi, d‘Liichtverschmotzung an ekologesch Nuisancen. Den David Viaggi wëll och nach vu Google wësse wéi eng Gebaier am virgesinnen Zäitfënster gebaut ginn.

Bis ewell ass just gewosst, datt déi initial Héicht vun de Strukture revidéiert gouf an sech op 25 Meter beschränke soll (statt den annoncéierten 33 Meter). Woubäi dat elo net den ausschlaggebende Punkt ass, et gëtt Wichtegeres wat den Awunner vu Biissen an dem Mouvement Ecologique (Meco) ënnert den Neel brennt. Wéi vill Waasser a Stroum gi benéidegt fir den Datenzenter ze bedreiwen?

Wirtschaftlechkeet an Ekologie

Dat alles muss sech am PAP erëmfanne loossen. De Buergermeeschter hëlt dann och d‘Regierung an d‘Verantwortung. Déi wier gutt beroden déi Biisser Leit net hannert d‘Liicht ze féieren. Datt et sech beim Datenzenter och ëm en nationale Projet handelt dierf net bedeiten, datt een sech zu allem ze fügen huet. Wann et géint d‘Interesse vun de Leit geet, da wäert een sech wiere mussen.

An den David Viaggi bréngt eng interessant Reflexioun zur Sprooch: „Et waren net mir, déi drop bestanen hunn Google um Busbierg unzesidelen“. Nee déi Iddi ass wäit „uewen entstanen“ et wëll ee jo elo op d‘Schinn vum qualitative Wuesstem iwwergoen. Woubäi, wa kee bereet ass iwwert de Projet, säin ekologeschen a wirtschaftlechen Impakt, ze schwätzen, dat kaum Vertraue schaaft…

Wat de wirtschaftlechen Aspekt betrëfft, esou dierf een drun erënneren, datt Biissen wuel eng „ländlech“ Gemeng ass, mee op vill Industrie an der Gemeng zréckgräife kann. Ugesidelt si schonn ArcelorMittal, d‘Luxlait an esouguer d‘Post, fir emol déi wichtegst ze ernimmen. Et ass een also zu Biissen net géint d‘Industrie a Wuesstem, mee et géif ee gäre gefrot an korrekt informéiert ginn.

Just en Detail…

Iert eppes vergiess ginn ass, muss nach ernimmt ginn, datt Biissen eng vun de sëlleche Gemengen ass, déi d‘Prozedur fir sech ee PAG ze leeschten nach net an Ugrëff geholl huet. Elo ass et dann och richteg, datt déi sougenannt Transitiounsphas den 31. Oktober ausgelaf ass. Wat awer bedeit et elo fir Google datt Biissen kee generellen Amenagementsplang no neistem Stand huet?

Laut geltendem Recht sollt et eigentlech net méi méiglech sinn nach ee PAP ze stëmme wann d‘Prozedur net fir de PAG net lancéiert ass. Am Fall vum Datenzenter ass et dann elo awer esou, datt d‘Demande fir de PAP vu LB-Technology Sàrl – wahrscheinlech well ee frëndleche Beamten ugestallt ginn ass si drop hinzeweisen – nach virum Stéchdatum agereecht gouf. An datt d‘Demande virum Delai agereecht gouf geet dann duer, fir net duerch déi nei Dispositioune blockéiert ze ginn.

Enger ganzer Rëtsch anere Projeten ass et net esou gutt ergaange wéi LB-Technology/Google an de Buergermeeschter bedauert dann och, datt d‘Impaktstudie fir den Environnement (déi ass zwéngend virgeschriwwen) zënter 18 Méint am Ëmweltministère virun sech hi kompostéiert. Et waart een also eigentlech just op de positiven Avis vun dësem Ministère fir d‘Prozedur vum PAG ze lancéieren.

Foto: Wéi vill Natur affere mir fir Google a wat bréngt et dem Land? Et ass weder gewosst wéi vill Personal am Datenzenter wäerte gebraucht ginn, nach sollt een dovunner ausgoen, datt de Konzern hei Steiere bezilt, zumindest am direkte Verglach mat engem Handwierksbetrib dee keen direkten Drot zur Regierung a senge geheimen Ofsproochen huet. – Jonathan Sauter/Pixabay

Ähnlech Sujeten Biissen, Busbierg, Geheimniskréimerei, Google-Datenzenter, MoU, PAG, PAP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel