Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du bass e Bicherwuerm? Beweis et an dësem Quiz!
International Neiegkeeten

Du bass e Bicherwuerm? Beweis et an dësem Quiz!

Et gëtt vill iwwert Literatur ze wëssen. A kee kann

Iwwer 200.000 Euro fir d‘Kriibsfuerschung am LIH
International Neiegkeeten

Iwwer 200.000 Euro fir d‘Kriibsfuerschung am LIH

Am Kader vun der Fuerschungsfërderung hunn d‘Lucienne Thommes (Direktesch) an

D’80/80/90 Reegel gëtt ofgeschaaft! Mee fir d’CGFP ass bei der Reform nach net alles kloer
International Neiegkeeten

D’80/80/90 Reegel gëtt ofgeschaaft! Mee fir d’CGFP ass bei der Reform nach net alles kloer

Wéi et aus dem Communiqué vun der CGFP ervirgeet, ass

Schlechten Dateschutz a Skandaler: Facebook Aktie geet an d‘Getten

Schlechten Dateschutz a Skandaler: Facebook Aktie geet an d‘Getten

Facebook huet sech, unhand enger selwer provozéierter Polemik, um Mëttwoch derzou entschloss, sengen Investisseure matzedeelen, datt sech de Wuesstem wuel eppes „méi lues“ wäert entwéckelen a verëffentlecht trimesteriell Resultater déi entspriechend enttäuschend sinn.

Kuerz no Mëtternuecht eiser Zäit, huet d‘Facebook-Aktie e Verloscht vun 20% beim elektroneschen Echange, no der Clôture vu Wall Street, verzeechent. Dobäi war den Aktiëkurs während der Seance kuerzzäiteg op en neien Héichpunkt komm. Elo ass een an der Finanzwelt natierlech gespaant ze gesinn, op dës Tendenz sech bestätegt. Iwwregens: -20% entspriechen 130 Milliarden US-Dollar.

Déi verantwortlech bei Facebook si beméit déi enttäuschend Performance ze erklären. Esou läit de Problem bei direkt enger ganzer Rëtsch Faktoren: eng Skandal-Serie, den europäeschen Dateschutz (GDPR).

De Patron, Mark Zuckerberg, huet an der Telefonskonferenz mat Analyste gemengt: „Et ass en entscheedend Joer fir Facebook. Mir investéieren aktuell esou vill an eis Sécherheetssystemer, datt et e spierbaren Impakt op eis Rentabilitéit huet. A mir gesinn dat schonn un de Resultater vun dësem éischten Trimester“. Dat gréisste Sozialnetzwierk am Internet, huet vu sengem Glanz verluer.

Keng Reklammen, kee Goss

A beim Dateschutz gëtt et fir Facebook net méi einfach. Déi perséinlech Date vun den Notzer – déi am Mëttelpunkt vum Cambridge Analytica Skandal gestanen hunn – sinn d‘Fundament vun ekonomesche Modell op deem Facebook opgebaut ass. Daten ouni déi sech Reklammen net méi verkafe loossen, mee och Skandaler déi d‘Annonceuren an de Public veronsécheren.

Dohier och den erkläerte Wëlle vu Facebook massiv ze investéieren (a Personal, Technologien, Fuerschung an Entwécklung) fir d‘Investisseuren nees bei Laun ze halen. Am Kontext vun der „Transparenz“ huet de Grupp och entscheet, den Notzer méi Informatiounen zu den Annonceuren déi Reklammen op Facebook schalten ze ginn.

Wat den Investisseuren och net wäert gefalen: de Grupp huet ugekënnegt, datt och an de nächste Méint de Wuesstem nëmme „lues“, d‘Ausgaben dofir „séier“ klamme wäerten. Facebook, esou de Finanzdirekter Dave Wehner, gesäit vir, datt d‘Ausgaben 2019 iwwert dem Ëmsaz leien.

Eng ganz Partie Wirtschaftsanalyste sinn an dësem Kontext der Usiicht, datt d‘Loft fir d‘Entreprise déi als „Soziaalt Netzwierk“ agéieren „dënn“ gëtt. Woubäi ee grad hei laang Zäit „verwinnt“ ginn ass. Esou ware vill Investisseuren enttäuscht, datt 2017 Facebook „nëmmen“ eng Hausse vun 42% erziilt huet, wou een sech der dach 49% erwaart hat. Abee gutt dann…

mat AFP

Ähnlech Sujeten Aktien, Dateschutz, Facebook, Mark Zuckerberg, Skandal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel