Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Naasse Spaass: D’Stater Schwämmen maachen erëm op!
International Neiegkeeten

Naasse Spaass: D’Stater Schwämmen maachen erëm op!

D’Stad Lëtzebuerg wëll d’Ëffentlechkeet doriwwer informéieren, datt d’Badanstalt (Rue des

dislike
Ze vill Bürokratie an ze oppen: de Macron wëll Europa reforméieren
International Neiegkeeten

Ze vill Bürokratie an ze oppen: de Macron wëll Europa reforméieren

Haut stellt den Emmanuel Macron seng Virschléi fir Europa ze

D’geschloent Kand vun der Literatur
International Neiegkeeten

D’geschloent Kand vun der Literatur

Wann et em Science Fiction geet, ass wuel keng Communautéit

En Dateschutzgremium fir Facebook

FTC setzt weltwäit gréisste Sozialnetzwierkbedreiwer ënner Drock

En Dateschutzgremium fir Facebook

Et ass net well Facebook sech ganz rezent en neien „Look“ gegënnt huet, datt alles „paletti“ wier. Zwar hat dem Mark Zuckerberg säi Veräin Ufank der Woch eng gréisser Entwécklerkonferenz am Silicon Valley organiséiert, mee et sollt um Enn eng besser „Reklamm an eegener Saach“ ginn. Et gouf tatsächlech séier wéineg, wat fir Entwéckler vun Interessi gewiescht wier.

Vun allgemengem Interessi ass dogéint wat sech hannert verschlossen Dieren ofspillt. Méi genee: den Dissens tëscht Facebook an der US-Autoritéit fir Konsumenteschutz FTC (Federal Trade Commission). Säit gëschter sollen d‘Gespréicher tëscht Autoritéit a Konzern an déi „waarm Phas“ agetruede sinn. Aus gutt ënnerriichte Kreesser heescht dann elo och, et wier eng Eenegung a Siicht.

Interessant ass dann och, datt bei aller Geheimhaltung ëmmer nees Informatiounen no baussen dréngen, an oft net gewosst ass, datt et sech eigentlech och do nëmmen ëm „Kommunikatioun“ handelt. Esou hätten d‘Portal „Politico“ an déi éierewierdeg New York Times eng vertraulech Info erhalen, laut där dem Zuckerberg-Konzern en onofhängegen Dateschutzgremium operluecht gëtt.

Net déi fein Aart a Weis

Wéi et heescht, sollen an dësem onofhängege Gremium Vertrieder vum Facebook-Verwaltungsrot, der FTC an aner „kooptéiert“ Membere siegéieren. Ass de Gremium Zesummegesat, soll dësen eng Persoun bestëmmen, deen d‘Opsiicht iwwert d‘Anhale vun den Dateschutzbestëmmungen erhalen. De Gremium selwer soll sech emol am Quartal gesinn an iwwert relevant Froen debattéieren.

Et dierft dem Facebook-Boss allerdéngs net gefalen, datt d‘FTC an dësem Gremium e Veto-Recht huet. Nach manner erfreet dierft de Mark Zuckerberg doriwwer sinn, datt d‘FTC hie perséinlech fir all Verstéiss géint Dateschutzrecht opkomme muss. Anescht ausgedréckt: Hie soll d‘Verantwortung fir den Dateschutz ganz eleng iwwerhuelen. Dat ass bildlech duergestallt: d‘Pistoul un der Schléif.

Kënnt et nämlech zu enger „Pann“, ass et dem Mark Zuckerberg säi Kapp deen am Pranger der Welt zum zouschloe gebuede gëtt. Woubäi et eigentlech an éischter Linn drëms geet, een un der Hand ze hunn, dee „solvabel“ ass. Bei Strofe bis zu 5 Milliarden US-Dollar, ass et jo och net verkéiert sech sécher ze sinn, wou een noutfalls de Goss muss ofhuelen. Do kënnt also nach eppes op eis duer…

mat indymedia/sfo

Ähnlech Sujeten Dateschutz, Facebook, Federal trade Commission, FTC, Mark Zuckerberg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel