Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: E bequeme Schwaarze Péiter
International Neiegkeeten

Tacheles: E bequeme Schwaarze Péiter

Wéi ech vum Tageblatt en Artikel mam Titel „Bequeme Künstler?“

51. Cortège fir Vältesdag
International Neiegkeeten

51. Cortège fir Vältesdag

Den 8. Februar ware wéi ugekënnegt, d‘Vertrieder vun der „Lëtzebuerger

Passeport de Vie: Wien huet nach net, wien wëll nach emol?
International Neiegkeeten

Passeport de Vie: Wien huet nach net, wien wëll nach emol?

D’Regierungsmembere kruten haut vum Gesondheetsminister Étienne Schneider de „Passeport de

Neies zum Sträit ëm d‘Atomofkommes mam Iran

Teheran huet keng Loscht op en Dialog mat Washington, Europa versicht de Vertrag ze retten

Neies zum Sträit ëm d‘Atomofkommes mam Iran

D‘Invitatioun zum Gespréich, dat den US-President den Iraner zoukomme gelooss huet, ass frëndlech awer bestëmmt zréckgewise ginn. Bis ewell huet Washington net den Androck hannerlooss en éierlechen an wierdege Gespréichspartner ze sinn, wann et ëm Verträg geet

An dem iranesche President Hassan Rohani seng Äntwert ass däitlech: „Kapitulatioun ass mat eiser Mentalitéit a Relioun net ze vereenen, a mir wäerten an dëser Situatioun och net kapituléieren“. Dat wëll elo net heeschen, datt sech Teheran grondsätzlech Verhandlunge verschléisst, mee als éischt muss sech säitens Washington nees un den Accord gehalen an d‘Sanktiounen opgehuewe ginn.

Et war leschten Donneschdeg wou den Donald Trump dem Hassan Rohani virgeschloen hat sech per Telefon iwwert e „Konflikt“ ze ënnerhalen deen hie selwer provozéiert huet. Zu Teheran sinn se sech bewosst, datt d‘Situatioun net grad einfach ass, een awer nach wäit dovunner ewech ass, sech vun den USA gängelen ze loossen. Woubäi den Hassan Rohani sech enger Léisung net verschléisst.

Interessant de Verglach deen den iranesche President ugestallt huet. Esou wier de Handelskrich deen d‘USA géint den Iran féieren, mat „konventionelle Krich“ ze vergläichen deen de Saddam Hussein vun 1980 bis 1988 géint déi islamesch Republik gefouert huet. Dat op Wonsch a mat der Ënnerstëtzung vun den USA. Et war e Krich un deem och europäesch Natioune bedeelegt waren.

Den eenzegen Ënnerscheet tëscht dem Krich aus den 80er, ass datt den Iran sengerzäit net dru gehënnert ginn ass Pëtrol ze exportéieren an och d‘Zesummenaarbecht mat internationale Banke war méiglech. Am aktuellen Dissens ass et esou, datt d‘USA den Export vu Pëtrolsproduite ganz wëlle verhënneren, an och genuch Muecht hunn fir Finanztransaktiounen ze verbidden.

EU-Ausseminister mam Versuch ze rette wat nach ze retten ass

Mam Gestreits tëscht dem Donald Trump an dem Hassan Rohani, erhéicht sech och den Drock op d‘EU. D‘Zukunft vum iraneschen Atomofkommes gesäit net gutt aus, zemools elo wou och Teheran domatter gedreet huet, sech partiell aus dem Ofkommes zréckzezéien. Elo wëllen déi europäesch Ausseminister iwwer kredibel Alternative beroden, fir den Iran am Atomofkommes ze halen…

Konkret bedeit dat, datt d‘EU – a virun allen d‘Signataire vum Accord: Däitschland, Frankräich a Groussbritannien – beméit ass, trotz den US-Sanktiounen, Handelsbezéiunge mam Iran ze erhalen. Dat veriergert den US-President och, mee hei geet et ëm Wäitsiicht. Geléngt et net sech mat Teheran op diplomateschem Wee ze verstännegen, wäert den Iran säi „Programm“ nees ophuelen.

Et dierf net vergiess ginn, datt den Iran sech bereet erkläert hat säin Atomwaffeprogramm opzeginn, wann am Géigenzuch d‘Sanktioune gelackert an d‘Land aus der wirtschaftlecher Isolatioun geholl gëtt. Den Iran huet dann och erwisenermoossen säin deel vum Accord agehalen, wat ee net vun den anere Vertragspartner behaapte kann. Et ass zum Beispill ni zu de versprachen Investitioune komm.

Datt den Iran déi lescht Woch och den europäesche Signataire en Ultimatum gesat huet, dréit elo net zur Berouegung bäi, an natierlech hunn Däitschland, Frankräich a Groussbritannien zesumme mat hiren EU-Partner dësen als net „akzeptabel“ missen zréckweisen. Op där aner Säit hunn si awer ee groussen Interessi, den Dialog mat islamesche Gottesstaat oprecht ze erhalen, och wirtschaftlech…

Wéi et elo ka weidergoen, an ob d‘Länner vun der europäescher Unioun sech zu esouvill „Eenheet“ kënnen duerchréngen, fir eng Eskalatioun am Dissens tëscht den USA an dem Uran ze verhënneren, ass net gewosst. Woubäi d‘Chance geréng sinn, ugesiichts der Feststellung datt et Elementer gëtt, déi mat hirer anti-europäescher Politik, guer net wëlles hunn, konstruktiv Virschléi ze maachen.

mat indymedia/tlv/was/lon/ber

Foto: Den iranesche President Hassan Rohani huet den Ament kee Gespréichsbedarf am Donald Trump. Deem seng Aart a Weis den Dialog mat aneren erbäizeféieren ass och zimlech onorthodox. © gov.ir

Ähnlech Sujeten Atomofkommes, Donald Trump, EU-Ausseministerrot, Hassan Rohani, Iran, Teheran, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel