Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Accueil vu Flüchtlingen: D’Propositioune vum LFR
Neiegkeeten

Accueil vu Flüchtlingen: D’Propositioune vum LFR

Et ass wéineg wahrscheinlech, datt an de kommende Jore manner

ANKAA-Zenter: Offiziell Aweiung mam Jean Asselborn
Neiegkeeten

ANKAA-Zenter: Offiziell Aweiung mam Jean Asselborn

E Projet mat Lëtzebuerger Bedeelegung gouf e Mëttwoch, den 19.

money
D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament
Neiegkeeten

D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament

En Donneschdeg ass op der Handelskummer um Kierchbierg dat chinesescht

Dauerhaft Léisunge fir e gutt fonctionnéierende Staat

CGFP-Nationalvirstand bezitt Stellung zur Aarbechtszäitregelung

Dauerhaft Léisunge fir e gutt fonctionnéierende Staat

D‘Aféierung vun den Zäitspuerkonten ass eng vun de jéngsten Errongenschaften, déi ënnert dem maassgeeblechen Impuls vun der CGFP verwierklecht gouf. D‘Ëmsetzung vun den Zäitspuerkonten (CET) ass wäitgoend problemlos verlaf. Anescht gesäit et d‘Lag bei der Aarbechtszäitregelung aus, déi en Deel vum CET-Gesetz ass. Déi nei Bestëmmungen, déi op enger EU-Richtlinn aus dem Joer 2003 berouen, erweisen sech a verschiddene Beräicher vum ëffentlechen Déngscht als schwéier ëmsetzbar. Am meeschten dovunner betraff war d‘Schichtaarbecht.

Al verantwortungsbewossten a konstruktive Sozialpartner hat d‘CGFP schonn am Juli eng Aarbechtsgrupp domatter beoptraagt, sachlech an dauerhaft Léisungen auszeschaffen, fir datt och an Zukunft e gutt fonctionnéierende Staat séchergestallt bleift. No Wochelaangen intensive Berodunge sinn déi lescht Woch déi ausgeschaffte Virschléi dem CGFP-Nationalvirstand virgeluecht an eestëmmeg ugeholl ginn.

Virrangegt Zil ass et, en allgemenge Kader am ëffentlechen Déngschtrecht ze schafen, dee richtungsweisend fir sämtlech Verwaltungen ass. Dobäi geet et net duer, leedeglech Mindeststandarden zum Schutz vun de Beschäftegten anzehalen. D‘CGFP wëll sécherstellen, datt déi bevirstoend Upassunge kengerlee Verschlechterunge fir déi Beschäftegt no sech zéien. Zudeem widdersetzt si sech wäitreechenden Ännerungen am Statut vun de Staatsbeamten.

No räiflechen Iwwerleeungen an zuelräiche Réckmeldunge vun den CGFP-Memberorganisatiounen ass den Daachverband vun allen ëffentlech Beschäftegten der fester Iwwerzeegung, datt eng länger Referenzperiod net zwéngend am Interessi vun de Salariéeë läit, zemools d‘Berechnung vun de geleeschten Aarbechtsstonnen eréischt um Enn vun dësem Zäitraum duerchgefouert ginn.

Dës weidere wëll d‘CGFP och vermeiden, datt déi erkämpft Virdeeler vun den Zäitspuerkonten, elo nees duerch déi hënnescht Dier verschwannen. Dofir soll d‘Méiglechkeet vun op zwee Méint fixéiert Referenzperiod deene Verwaltunge virbehale bleiwen, déi op Schichte schaffen. Leedeglech a Verwaltungen, déi dozou verflicht sinn d‘Kontinuitéit vum ëffentlechen Déngscht oprecht ze erhalen, sollt d‘Dauer vun der Referenzperiod op véier Méint erhéicht dierfe kënnen.

Bei staatleche Mataarbechter, déi op Déngschtreesen am Ausland sinn, muss d‘Urees an d‘Ofrees als Aarbechtszäit gëllen. Datselwecht muss och fir Sëtzungen ausserhalb der Aarbechtsplaz an fir d‘Participatioun u beruffleche Veranstaltungen de Fall sinn. Dobäi wier et duerchaus méiglech, spezifesch Virschrëften zu dësem Thema virzegesinn.

Fir déi beim Staat beschäftegt Aarbechter, déi e ganzt Joer laang Schichtaarbecht leeschten, fuerdert d‘CGFP fënnef zousätzlech Roudeeg, fir d‘Onannehmlechkeete besser auszegläichen. Dës Kompensatioun soll op de Zäitspuerkonte verbucht ginn. De gläiche Prinzip muss och bei deene Verwaltungen ugewannt ginn, dären atypesch Aarbechtsorganisatioun weder flexibelen Zäiten nach der Schichtaarbecht entsprécht.

Staatlech Beamten an Employéeën, déi 20 laang Schichtaarbecht geleescht hunn a fir déi keng Iwwergangsregelung gëllt, mussen ee Recht op eng virzäiteg Pensionéierung hunn, fuerdert d‘CGFP. Dobäi dierf et keng Roll spillen, ob de Schichtdéngscht onënnerbrach erfollegt ass oder net. Och bei der Déngschtplanggestaltung muss en Ëmdenke stattfannen. Fir dat ee reiwungslosen Oflaf tëscht Beruffs- a Familljeliewe ka garantéiert ginn, mussen d‘Aarbechtspläng op mannst 20 Kalennerdeeg virun Déngschtufank fäerdeggestallt sinn.

Sämtlech versich, déi drop aus sinn, d‘Schichtaarbecht schläichend a flächendeckend am Staatsdéngscht anzeféieren, erdeelt d‘CGFP eng kloer Ofso. Genee esou wéineg wäert et déi eenzeg national representativ Gewerkschaft am ëffentlechen Déngscht zouloossen, datt et eng Aarbechtswoch mat sechs Schaffdeeg an de Verwaltungen an ëffentlechen Ariichtungen zur allgemenger Reegel gëtt. Ausserdeem besteet d‘CGFP drop, datt zukünfteg eng wëchentlech Rouzäit vu 44, statt 35 Stonnen agehale gëtt. Domatter soll séchergestallt sinn, datt de Beschäftegte vum ëffentlechen Déngscht bannent enger Woch zwee fräi Deeg zoustinn.

Och bei der Nuetsaarbecht sinn am Bezuch op d‘EU-Richtlinn eng Rei Upassungen néideg, ouni datt dobäi Nodeeler fir déi staatlech Mataarbechter entstinn. Laut EU-Direktiv gëtt den Zäitraum tëscht 24.00 an 5.00 Auer op alle Fall als Nuetsaarbecht ugesinn. D‘CGFP hält an dësem Kontext un den aktuelle Bestëmmunge fest: Entspriechend enger groussherzoglecher Veruerdnung aus dem Joer 1992 gëllt den Zäitraum tëscht 22 a 6 Auer als Konditioun zum erhale vun der „Prime d‘Astreinte“. An dobäi soll et gefällegst och bleiwen!

Déi spezifesch Ufuerderunge vun enger Rei Verwaltunge sollten an sektoriellen Ofkomme gereegelt ginn. D‘Arrangementer déi bei der Arméi an der Police getraff goufen, bilden eng zolidd Grondlag fir zukünfteg Vereenbarungen. Mat Nodrock besteet d‘CGFP dorops, datt dës Ofkomme séier eng Rechtsgrondlag kréien, andeems si z.B. integral an eng groussherzoglech Veruerdnung ëmgesat ginn. Sollt et zu muttwëllegen zäitleche Verzögerunge kommen, wäert d‘CGFP agräifen.

D‘CGFP-Fuerderunge fir eng Dauerhaft Léisung vun der Aarbechtszäitproblematik ginn elo zäitno dem Beamteminister Marc Hansen ënnerbreet. Uschléissend muss d‘Regierung weisen, ob si op vernënfteg a konstruktiv Konzepter am Intersi vun alle Bierger am Land setzt oder léiwer op Konfrontatioun geet. Eng kontraproduktiv Erugoensweis wär fir e gutt fonctionnéierende Staat net hëllefräich a géif esou dem ganze Land schueden.

matgedeelt vu der CGFP, fräi aus dem däitschen Iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: Gerd Altmann/Pixabay

Ähnlech Sujeten Aarbechtszäitregelung, CGFP, ëffentlechen Déngscht, Nuetsaarbecht, Schichtaarbecht, Zäitspuerkonten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel