Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll
International Neiegkeeten

Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll

Okja muss ee schon iwwerloossen, datt et fir Opreegung gesuergt huet.

Parking Fort Neipperg a Fort Wedell: Eng Stonn ass geschenkt
International Neiegkeeten

Parking Fort Neipperg a Fort Wedell: Eng Stonn ass geschenkt

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt ab haut déi éischt Stonn am

D’Stater Bibliothéik fir Enseignement an Educatioun feiert seng Aweiung!
International Neiegkeeten

D’Stater Bibliothéik fir Enseignement an Educatioun feiert seng Aweiung!

Gëschter gouf d’Erweiderung an Erneierung vun der Bibliothèque du personel

„Den Dave huet alles gemaach fir net krank ze ginn, mee dir net!“

„Den Dave huet alles gemaach fir net krank ze ginn, mee dir net!“

Den David W. Nagy ass ee vun 7.948 Doudesaffer, déi an Texas u Covid-19 gestuerwe sinn. Zeréck léisst hien eng grouss Famill, vill Kollegen an eng ontréischtlech Fra, déi hirer Roserei an der Doudesannonce Loft mécht. Säin Dout an dee vu villen aneren hätt kënne verhënnert ginn, wann d’Ignoranz an den Egoismus vun der Mënschheet net esou elle grouss wieren.

Scho kuerz Zäit nom positiven Resultat vum Corona-Test ass et dem Dave ëmmer méi schlecht gaangen, bis eng intensiv Behandlung am Spidol net méi ze verhënnere war. Seng Fra Stacey duerft hien net besichen, wat dem Erkrankten enorm ze Schafe gemaach huet.

Um 22. Juli 2020 krut d’Famill dunn déi traureg Nouvelle, datt hien de Kampf géint de Virus net gepackt an op der Intensivstatioun vum Christus Good Shepherd Spidol zu Longview (Texas) verstuerwen ass. An der Annonce schreift d’Stacey: „Familljememberen gleewen datt dem Dave säin Dout onnëtz war.“

Dave

Lénks e Beitrag, dee vum Stacey op Facebook gepost ginn ass – riets d’Annonce an der Zeitung

D’Schold gi si ënnert anerem dem Trump, dem Abbott an allen anere Politiker, déi de Virus net eescht huelen an deenen den eegene Bekanntheetsgrad, sou wéi de Wahlkampf méi wichteg ass, wéi d’Liewe vun der eegener Bevëlkerung. Grad esou schëlleg sinn awer och all déi ignorant, egoistesch Mënschen, déi d’Hygiènesmesuren net respektéieren, keng Mask opdinn an doduerch onschëlleg Leit infizéieren – d’Fra schwätzt direkt vun „ëmbréngen“.

Den Dave huet de Groussdeel vu sengem Liewen a Kalifornien verbruecht, huet awer als Pensionär déi lescht dräi Joer vu sengem Liewen zu Jefferson (Texas) gelieft. Ëm hien trauere seng Fra d’Stacey, seng 5 Kanner Heath, Stephanie, Heather, David a Vikki, vill Enkelen, Groussenkelen a Frënn.

D’Famill erkläert, datt den David alles gemaach huet fir net krank ze ginn, „mee dir net. Schummt Iech all an datt Karma iech all fanne wäert!“

Dave

Stacey Sylos Nagy / Facebook

D’USA zielen 4.850.114 positiv Fäll, 1.59.128 Persoune sinn um Virus gestuerwen. Och Texas leet erschreckend Zuelen vir: Ganzer 471.427 si positiv getest ginn an 7.948 hunn net iwwerlieft.

Opmaacherfoto: Stacey Sylos Nagy / Facebook

Ähnlech Sujeten Amerika, Covid-19, Dave, David W. Nagy, Doudesaffer, Pandemie, positiv, Roserei, Stacey Sylos Nagy, Texas, Trump
Nächsten Artikel Virrechten Artikel