Search

You may also like

Hotel Novotel Sevilla: Ee frëscht Konzept, wat iwwerzeegt!
Kultur Neiegkeeten

Hotel Novotel Sevilla: Ee frëscht Konzept, wat iwwerzeegt!

Dem faarwefrouen Andalusien an der räichhalteger Ëmgéigend vu Sevilla wollt

Kultur Neiegkeeten

Konditiounen – Gewënnspill Weltautismusdag 2019

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Editorial: Se sinn net vun dëser Welt
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Se sinn net vun dëser Welt

Datt sech déi eeler Hären am Vatikan net virun d‘Kamerae

Fir d’Affer vun Tréier: Den David Ianni beréiert mat „Lamento“

Fir d’Affer vun Tréier: Den David Ianni beréiert mat „Lamento“

Ganzer 6 Wochen ass et hir, dass en 51 järegen Däitschen bei enger Amokfaart duerch d’Tréierer Foussgängerzon zuelräich Doudeger a Blesséierter gefuerdert, sou wéi eng Well vu Schock an Trauer an der ganzer Regioun ausgeléist huet. Mam Wierk „Lamento“ huet de Lëtzebuerger Komponist a Pianist David Ianni scho kuerz no der schrecklecher Dot seng Gefiller immens perséinlech opgeschafft.

1-3-4-6: D’Auerzäit vum grujelege Virfall vum 1. Dezember 2020 notzt de Museker als aleedend Téin vun der Kompositioun, sou wéi als trauregt Leitmotiv vum Stéck. Vun Ufank un spiere mir de besonnesche Symbolwäert, deen hien dem Wierk geschenkt huet.

Bedréckend an emotional zugläich ass d’Melodie, déi vun engem passende Video begleet gëtt. Dass en Attentat esou no bäi géif geschéien, hätt wuel keen erwaart. An esou schnell mierkt een, wéi wäertvoll d’Liewen ass an all Sekonn genoss sollt ginn.

Huet den David Ianni säi „Lamento“ – wat iwwersat „Klo“ heescht – genee 4 Wochen nom Ereegnis verëffentlecht, esou erënnert hien och haut nach drun, dass een net einfach vergiessen dierf. D’Péng vum Verloscht vun enger Persoun, där een no stoung, geet net einfach fort, mee verfollegt déi Hannerbliwwen e ganzt Liewen.

Musek kann dobäi Trouscht an Hoffnung schenken, Andréck a Gefiller veraarbechten. Genee dat huet den David Ianni gemaach, an zwar och, wëll hien eng staark Verbindung zu Tréier huet. De Pianist steet am professionelle Beräich, wéi och privat am enke Kontakt zum Marcus Hübner a sengem Pianohaus bei der Porta Nigra.

Bei dëser eigentlech beléifter touristescher Attraktioun, déi am Dezember e battere Bäigeschmaach krut, gouf den Täter festgeholl. Fir den David Ianni stoung et soumat ausser Fro, dass de „Lamento“ am Pianohaus opgeholl sollt ginn. Zesumme mam Video vum Tréierer Filmemaacher Victor Beusch ass de Symbolcharakter op de Maximum verstäerkt ginn.

LamentoE Mier aus Käerzen erënnert um Hauptmarkt zu Tréier un d’Amokfaart © David Ianni / Facebook

Bei der Amokfaart si ganzer 24 onschëlleg Mënschen deels schwéier blesséiert ginn. Fir 5 Persoune koum all Hëllef ze spéit, dorënner war en Bëbee a säi Papp. Nach ëmmer ass d’Motiv net bekannt. Bis ewell si schonn iwwer 940.000 € um Spendekonto vun der Stad Tréier agaangen, déi de kierperlech a psychesch Blesséierten, sou wéi den Hannerbliewwenen vun den Doudesaffer ze Gutts komme sollen.

Related topics Amokfaart, Attentat, David Ianni, Foussgängerzon, Hoffnung, Kompositioun, Lamento, Pianohaus Marcus Hübner, Porta Nigra, Tréier, Verloscht, Victor Beusch
Next post Previous post