Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

crying
Haut ass Weltaarmutsdag: Geet eis dat eppes un?
Cool Crazy International Money Neiegkeeten

Haut ass Weltaarmutsdag: Geet eis dat eppes un?

Um internationalen Dag vun der Aarmut, deen op dëse 17.

Wéi gutt kenns du Klierf?
Cool Crazy International Money Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Klierf?

Ënnert de Stied am Éislek ass Klierf eng ganz Besonnesch:

Gallerie: Notting Hill Kavalkad
Cool Crazy International Money Neiegkeeten

Gallerie: Notting Hill Kavalkad

Op de Stroossen vu Notting Hill am Weste vu London,

cooltonguemoney

Davos: Den Donald Trump op Kuschelkurs mam Patronat

Davos: Den Donald Trump op Kuschelkurs mam Patronat

An nëmmen e puer Stonnen huet hien den US-Dollar gestäerkt, d‘Palestinenser zolidd gekränkt an de Versuch ënnerholl „America First“ un d‘Welt-Elite ze verkafen: Et dierf ee festhalen, datt den Donald Trump et verstanen hat seng Arrivée zu Davos ze inzenéieren.

De Milliardär aus dem Wäissen Haus ass dann awer och den éischten US-President zanter laangem, deen de Wee zur Houmass vum Kapitalismus op Davos fonnt huet. Seng éischt Aufgab déi hien dann ze léisen hat, war dat Feier auszemaachen, dat seng Administratioun um Devisëmaart esou gutt un d‘Brenne kritt huet.

„Ech wëll e staarken Dollar“ esou den US-President géintiwwer CNBC. Hien huet déi rezent Deklaratioune vu sengem Staatssekretär vum Tresor, Steven Mnuchin widderruff, deen d‘Virzich vun engem schwaachen Dollar ervirgehuewen hat. Anscheinend hunn d‘Medien, dem Mnuchin seng Aussoen nees am „falsche Kontext“ opgegraff…

Et geet just an eleng ëm de Goss

A well de Kapitalismus immens „reaktiv“ ass, huet den US-Dollar och direkt nom Donald Trump senger Deklaratioun u Wäert zougeholl, wat besonnesch d‘Wirtschaftspartner vun den USA dierft erfreet hunn, vun deenen der e puer schonn den Devisëkrich virun Aen haten. „Et spillt ee net mat de Paritéiten“ hat nach um Mëttwoch de franséische Finanzminister Bruno Le Maire gewarnt.

De Mario Draghi – vun deem een net ëmmer weess op hien d‘Interesse vu Goldman Sachs oder der europäescher Zentralbank vertrëtt – huet „ouni e Numm ze nennen“ dës „aner Persoun“ déi a punkto Devisen „sech säit Joren net un déi ofgeschwate Konditiounen hält“ a Fro gestallt.

E schwaachen US-Dollar ass gläichbedeitend mat engem staarken Euro. Dat ass schlecht fir all d‘Entreprisen déi vum Export liewen. Et sinn awer och genee déi Entreprisë mat deenen den Donald Trump Geschäfter maache wëll. Oder firwat sollt hie mat de Patrone vun TOTAL (Frankräich), Siemens (Däitschland) a Nestlé (Schwäiz) „ganz privat“ Messer a Forschette gedeelt hunn?

„Mat der Entscheedung op Davos ze kommen (…) hunn ech un déi vill Mënsche geduecht, déi vill Geld investéiere wëllen, an alleguerte kommen nees zréck an Amerika“, esou den US-President, dee géintiwwer CNBC, och den (him geschëllte) Wuesstem an d‘Rekorder op der Wall Street ervirgestrach huet.

„There is no business like showbusiness“

Den Donald Trump – deen an engem „fréiere Liewen“ och eng Star vun der Tëlee war – huet, et kann een et net anescht ëmschreiwen, eng memorabel Arrivée hikritt. Schonn de Helikopter-Ballet dierft d‘Welt-Elite impressionnéiert hunn. An beim antrieden an de Kongresszentrum hunn se sech dann och all gedréckt a gestouss, fir mam Handy eng Foto ze maachen.

Davos

D‘Theresa May, ass méintelaang vum Donald Trump (och via Twitter) beleidegt ginn, huet et awer als „grousse Pleséier empfonnt hien ze gesinn“. © Nicholas Kamm/AFP

Eng fervent „Admiratrice“ huet vu Freed nach just „gequiitscht“ well si en Autogramm krut. Eng aner wollt wëssen „op e Saachen no him geheien dierf?“ Wourop hir Nopesch gemengt huet: „Ech hunn nach en Apel an der Poche“. Fric ass a bleift „sexy“, esouguer fir déi wou es därmoossen hunn datt et schonn Obszön ass…

Mee den Empfankskomitee huet net nëmmen aus grousse Patronen, Bänker, Politiker a Frae mat engem faibel fir Sexisten, bestanen. Och Greenpeace, zesumme mat aneren Organisatiounen, hat dem US-President e „klengen Empfang“ virbereet.

Mat Sloganen, déi den US-President op seng Klimapolitik „ugeschwat“ hunn, mee och säi „Rassismus“ an Haass op Migranten, waren zentral Theme beim Protest. Op déi verschneite Bierger ass dann och de Slogan „Justiz fir d‘Mënschen an de Planéit“ projezéiert ginn. Dovunner huet den Donald Trump, ausser et hätt een him dovu beriicht, dann awer näischt matkritt.

Bilateral Gespréicher

Hien hat „Besseres“ ze dinn, wouzou notamment zwee bilateral Gespréicher gehéiert hunn. Dat éischt huet den US-President mat der britescher Premierministesch zesummebruecht. Tëscht dem Donald Trump an dem Theresa May hat et an de leschte Méint „Differenze“ ginn. Op Twitter huet hien si nach beleidegt, zu Davos huet hie säin „immense Respekt“ ausgeschwat.

Eng „häerzlech“ Entrevue huet et och mam israelesche Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu ginn. Dobäi huet den Donald Trump sech beméit, d‘Palestinenser an aller Form un de Pranger ze stellen. Hien hat sech sécherlech erwaart, no der Unerkennung vu Jerusalem als Haaptstad vun Israel, datt si him géifen „d‘Féiss këssen“.

A well d‘Palestinenser de Vizepresident Mike Pence, leschte Méindeg net wollte gesinn, ass de Milliardär elo beleidegt: „Si hu kee Respekt virun eis. Mir hunn hinnen honnerte Millioune geschenkt. (…) Elo gëtt et näischt méi, ausser se setzen sech bei eis un den Dësch a verhandelen de Fridden“. Diplomatesch ass déi Approche elo zwar net, mee et schéngt Washington e Versuch wäert.

Davos

De Benjamin „Bibi“ Netanyahu an den Donald Trump um Weltwirtschaftsforum zu Davos. Déi zwee, esouvill ass sécher, wäerten net zum Fridden mat Palestina bäidroen. © Nicholas Kamm/AFP

Dat de Message a Palestina ukomm ass, datt bestätegt dann och d‘Äntwert vum Hanane Achraoui, eng héich Vertriederin vun der PLO. Si huet der AFP géintiwwer deklaréiert: „Sengem Ënnerdrécker net wëllen ze begéinen, ass kee Mangel u Respekt, mee ënnersträicht datt ee sech selwer respektéiert“.

Wat elo ze erwaarden ass…

Eng vun de ville Froen déi sech „d‘Welt“ op dësem Freideg stellt ass: Wéi e Kostüm deet de n Donald Trump un?“ Dee vum Milliardär ënnert de Milliardäre vun Davos, déi seng „Steierreform“ begréisse mat där hien si nach méi räich gemaach huet?

Oder awer dee vum „Vertrieder“, wou Amerika op éischter Plaz gesäit a Fräihandel nëmmen da gutt fënnt, wann et him eppes abréngt? Net ze vergiessen, de groussen Diplomat, dee sech ni ze schued ass jiddereen ze Beleidegen, och net am Zesummenhang mat de sensibelste geopoliteschen Themen?

Woubäi, aus der Distanz betruecht, ee sech um Enn vum Dag dann awer muss d‘Fro dierfe stellen, ob hien zu gudder Lescht net awer „harmlos“ ass? Wann et nämlech schonn esou schlecht ëm d‘Welt gestallt ass, datt een de Goerge Soros muss zitéieren… Deen huet jiddefalls bei sengem „Diner“, ee vun den Haaptevenementer zu Davos, gemengt: „Den Trump ass eng Gefor fir d‘Welt“.

Datt et zu Davos keen aneren dierft ginn, nach net emol den Trump, deen esouvill Blutt un den Hänn huet, esouvill Mënschen duerch seng Spekulatiounen an d‘Aarmut gedriwwen an esouvill kriminell Energie agesat huet fir zu Räichtum ze gelaangen wéi de Soros, och dat gehéiert gesot.

mam Marie Wolfrom an dem Andrew Beatty/AFP

Foto: E Greenpeaceaktivist fuerdert zu Davos „Justiz fir d‘Mënschen an de Planéit“. © Fabrice Coffrini/AFP

Ähnlech Sujeten Benjamin Nehanyahu, Davos, Donald Trump, George Soros, Theresa May, Weltwirtschaftsforum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    3

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    5

  • Crazy

    18

  • Love

    0