Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EuGH uerteelt an der Flüchtlingsfro: Viktor Orbán net erfreet
attraction dating rtl2 Money dating someone who doesn't understand mental illness

how to fix early dating mistakes

Gëschter sinn zu Lëtzebuerg um europäesche Geriichtshaff d‘Kloe vun Ungarn

100 procent gratis dating sites
attraction dating rtl2 Money dating someone who doesn't understand mental illness

D’Reunioun zur nuklearer Sécherheet Nr. 17!

Déi franséisch-lëtzebuergesch Kommissioun zur nuklearer Sécherheet huet um 4. Abrëll

Veiner Nëssmoort – Wann eng Stad sech a Schuel wërft!
attraction dating rtl2 Money dating someone who doesn't understand mental illness

Veiner Nëssmoort – Wann eng Stad sech a Schuel wërft!

E Sonndeg stoung Veianen ganz am Zeeche vun der Noss.

money

Davos: Firwat se all dohinner mussen

De Weltwirtschaftsforum am elitären Davos ass net nëmmen de Rendez-vous vun den ale Männer

Davos: Firwat se all dohinner mussen

Et ass een vun den ëmstriddenste Sommeten, well hei festgeluecht gëtt wie wirtschaftlech ee Recht op medezinesch Versuergung, schoulesch Ausbildung an/oder d‘Notze vun den eegene Ressource kann afuerderen. An et geet ëm d‘Verdeele vun de Grimmelen, en Faveur déi Industrie a Wirtschaft de „grousse“ vun dëser Welt gäre gënnt.

Mee et kommen net nëmmen d‘Stare vun der Héichfinanz an déi wou sech fir politesch iwwert der Mënschheet ugesidelt fillen. Fir d‘Form ze wore ginn och Wëssenschaftler an ONGen agelueden. Natierlech gëtt och d‘Géigner vun dësem Forum, déi Davos „besichen“, a vill Journalisten, déi – jee no Optrag – d‘Siicht vum Geld oder de Standpunkt vum Protest presentéieren.

DavosAlles an allem hu sech 3.000 Leit fir de Weltwirtschaftsforum (WEF) ugemellt. De WEF ass awer „am Begrëff sech fir d‘Zivilgesellschaft op ze maachen“, esou d‘Ausso vun der DGAP-Lobbyistin Claudia Schmucker (Däitsch Gesellschaft fir Auswäerteg Politik). Dës „Fuerscherin“ stellt fest, datt Davos net méi de Rendez-vous vun den „ale Männer mat wäissen Hoer“ ass.

25% vun de Participante wieren och Fraen an Davos hätt erkannt, datt ee mat senger Zäit goe muss, well et net géif duer goen, wann sech Business-Manager an déi politesch Elite géif treffen. Dat huet awer en anere Grond, wéi dës Damm vun der 60 Joer aler Denkfabrick aus Bonn eis wëll verstoen doen: de WEF ass iwwerzeegt méi kredibel ze sinn, wann den Androck vun der Ëffnung entsteet.

Kloer Ziler

De Weltwirtschaftsforum, ass 1971 vum Klaus Schwab geschafe ginn. Den haut 81 järege wollt datt sech déi ganz Mächteg: Milliardären, Konzernmanager, gefälleg Wëssenschaftler a „flexibel“ oder zumindest „interesséiert“ Staats- a Regierungscheffen an engem agreabelen, hirem „Akommes“ entspriechenden Uert zesummesetzen, fir sech d‘Welt wirtschaftspolitesch ënnertenaner opzedeelen.

Dëse Finanzsommet, deen ëmmer schonn an der Kritik gestanen ass an entspriechend vu Protester a Demonstratioune begleet gëtt, wëll sech Weltoppe ginn an esou dierfen hei och ONGe wéi Oxfam oder Greenpeace matschwätzen. De Gedanken deen de Schwäizer Philanthropinist motivéiert hat de Forum an d‘Liewen ze ruffen, war reng finanziell alles anescht huet sech selwen entwéckelt.

Davos

Motivéiert de Grousse vun dëser Welt de Spigel virzehalen. © Collective Climate Justice

Et war d‘Zäit vum „kale Krich, an geopolitesch Spannungen si ganz schlecht fir den Handel, och oder grad wann néierens méi geschoss gëtt. D‘Kapital a senger Gier nom maximale Profit huet eng neutral Plattform gebraucht, déi als „Onofhängeg“ sollt erkannt ginn. Et ass eben drëms gaangen, den informellen Austausch tëscht de politeschen Acteuren an der Wirtschaft ze erméiglechen.

An och wa villes gemaach gëtt fir en aneren Androck ze vermëttelen, de Weltwirtschaftsforum vun Davos ass weiderhin elitär a virun allem ondemokratesch. Et kënnt seelen zu gräifbare Beschlëss oder Entscheedungen, an awer ass et den Uert, wou sech déi Grouss „austausche“ kënnen. Besser gëtt d‘Welt doduerch net, mee déi vill bilateral Gespréicher solle gréisser Konflikter verhënneren.

Den US-President un viischter Front

De Weltwirtschaftsforum féiert säi. 50 Jubiläum an zum Optakt dierf dee charismateschsten a weltgewandsten amerikanesche President aller Zäiten d‘Ried halen. Den Donald Trump dierft et aus den ënnerschiddlechste Grënn freeën: hie muss net beim Optakt vum Amtsenthiewungsverfaren zu Washington derbäi sinn, an hie kann (informell) hei weider Punkte fir de Wahlkampf sammelen.

Et heescht dann och, datt et tëscht dem Donald Trump an dem irakesche Staatschef Barham Saleh soll zu enger Entrevue kommen. D‘Verhältnis tëscht den USA an dem Irak ass zanter der Ermordung vum Quassem Soleimani, engem iranesche Generol deen den US-President als Terrorist bezeechent huet, eppes ugespaant. Et war, esouvill ass sécher, ee verstouss géint d‘Vëlkerrecht.

DavosDe President Adel Abdel Mahdi huet als Äntwert op dës gewoten Operatioun den Ofzuch vun allen auslänneschen Truppe verlaangt, firwat den Irak soll mat Sanktioune beluecht ginn. Och mam President vun de kurdeschen Autonomiegebidder, Nechirvan Barsani, sollt et bilateral Gespréicher ginn. Och d‘Kurden hunn, nodeems d‘USA den Tierken den Iwwerfall op Nordsyrien erméiglecht hunn, den Ament net méi déi beschte Meenung vun de Politstrategen zu Washington.

Op et dem Milliardär geléngt nees Sympathie ze gewannen, a wéi hien d‘Iraker iwwerzeege wëll sech nees um Kampf géint den Islamesche Staat (IS) ze bedeelegen, also déi 5.000 US-Zaldote weiderhin am Land ze behalen, ass nach net gewosst. Davos ass allerdéngs déi falsch Plaz fir de Gespréichspartner weider ze dreeën. Hei geet et jo eigentlech och ëm dat grousst Geschäft

Grouss „Geschäfter“ erwaart sech den Donald Trump och mëttels de geplangten Entrevuë mam pakistanesche Regierungschef Imran Khan. Beim Gespréich mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, dierft den Handelskonflikt op de Leescht geholl ginn. Mee dat sinn net déi wichtegst Gespréicher op der Agenda vum 45. US-President, beim deem et ëmmer en de Goss geet.

DavosHie wëll sech zu Davos mat de Leader aus Industrie a Wirtschaft treffen, fir dësen ze erklären, wéi wichteg et fir ass, an den USA ze investéieren. Hie wëll datt déi alleguerten an d‘USA kommen an huet via Twitter verkënnt, datt hien honnerte Milliarden US-Dollar zréck an d‘Heemecht bréngt. Ob hien déi renitent mat Sanktioune „motivéiere“ wëll him de Gefalen ze maachen? Kee weess et…

Wiesentlech méi interessant, dierft dogéint dem Greta Thunberg seng Präsenz sinn. D‘Knetzel huet grad den Ament eng Diskussiounsronn an soll och am Nomëtteg un enger Diskussiounsronn deel huelen. Mam „Amerikaner“ wäert si sech wuel net ënnerhalen, woubäi och deen éischter „keen Interessi“ huet sech den Dicks vun engem 17 järege Meedche béien ze loossen

mat indymedia/lon/brn

Foto: Nach iert de Monni aus den USA d‘Erëffnungsried hale kann, ass déi jonk schwedesch Klimaaktivistin de Star vun enger Diskussiounsronn. Op déi jugendlech an aner Klima- an/oder Naturschutzverbänn der „Elite“ verständlech maache kann, datt d‘Welt sech verännere muss? © Greta Thunberg

Ähnlech Sujeten Davos, Donald Trump, Greta Thunberg, Klaus Schwab, WEF, Weltwirtschaftsforum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel