D‘Lag an den Alters- a Fleegeheemer ass besser wéi geduecht
An der Sëtzung vun der Chamberkommissioun fir Famill an Integratioun,
An der Sëtzung vun der Chamberkommissioun fir Famill an Integratioun,
Den 21 September 2018 huet de Regierungsrot seng Zoustëmmung zum
Mam Fortschreide vun der globaler sanitärer Kris, verstäerken sech och d‘Moossnamen, mat deenen d‘Regierunge reagéieren. Am Géigesaz zu anere Länner, goufen zu Lëtzebuerg bis ewell verstänneg Entscheedunge getraff, déi virun allem drop ausgeriicht waren, d‘Kontagiounspotential vum Virus ze verréngeren. déi lénk begréissen zudeem d‘Initiative vun der Regierung zur Ënnerstëtzung vu de Lounofhängege, Independanten a Betriber während der Kris.
Gläichzäiteg lehne mir awer de Virstouss vum Aarbechtsminister Dan Kersch of, d‘Aarbechtszäit op 60 Stonne/Woch, respektiv op 12 Stonnen/Dag unzehiewen. Och wann am Gesondheetswiesen den Ausnamezoustand herrscht an et novollzéibar ass, datt hei d‘Aarbechtsrecht kuerzzäiteg gelackert muss ginn, esou gëllt dat net fir aner Beräicher, wéi beispillsweis den Eenzelhandel. Esou geet een alen Dram vum Patronat en Erfëllung, géint dee sech d‘Gewerkschafte verständlecherweis wieren.
Schléit d‘Regierung hei eendeiteg iwwert d‘Sträng, esou geet se an anerer Beräicher net wäit genuch, fir déi sozial Konsequenze vun der Kris ze begrenzen. déi lénk befierchten datt virun allem déi Mënschen am Niddreglounsecteur, wéi och déi a prekären Aarbechtsverhältnisser, hir Liewensgrondlag verléiere kéinten.
„Vill Mënsche fäerten ëm hir Existenz wann net esouguer ëm hiert Liewen, well se kënnen net all am geschützten Homeoffice schaffen. Zur Suerg sech mam Virus ze infizéieren, kënnt esou d‘Angscht derbäi, d‘Aarbechtsplaz an/oder d‘Wunneng opgrond ekonomescher Enkpäss ze verléieren, Hei geet et net duer, op de gudde Wëllen an d‘Solidaritéit vun alle Bedeelegten ze setzen, wéi déi befriemlech Aussoe vum President vun der „Union des Propriétaires“ et rezent, frappant ënner Beweis gestallt huet“, esou d‘Carole Thoma.
Dës Regierung muss elo besonnen handelen, fir sécherzestellen, datt déi sanitär Kris, net och nach eng sozial Kris ausléise wäert.
Matgedeelt vun déi lénk, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser
Illustratioun: © Adrian Deweerdt / unsplash