Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eis Handelskummer stellt sech der Zukunft
Money Neiegkeeten

Eis Handelskummer stellt sech der Zukunft

Et ass zur Traditioun ginn, datt sech d‘Handelskummer fir seng

dislike
Trump-Administratioun beschränkt Geschäftsbezéiunge mat Kuba
Money Neiegkeeten

Trump-Administratioun beschränkt Geschäftsbezéiunge mat Kuba

Um Mëttwoch huet Washington matgedeelt d‘Geschäftsbezéiungen tëscht amerikaneschen a kubaneschen

What the Fakt – De skandinavesche Feierdag Knut
Money Neiegkeeten

What the Fakt – De skandinavesche Feierdag Knut

Wien kennt d’Reklamm vun IKEA net, wou d’Chrëschtbeemercher aus der

money

+5% Netto Profit no Steieren: D‘BIL bitt vill!

+5% Netto Profit no Steieren: D‘BIL bitt vill!

Net Eleng d‘Cargolux ka sech mat gudden Zuele Bretzen, nee och bei der BIL hu se de Cremant a groussen Zich genoss. Dat léisst zumindest d‘Verëffentlechung vun de Finanzresultater fir d‘Joer 2018 vermudden. D‘BIL huet dat Joer mat enger Hausse vum Profit an Héicht vu +5% ofgeschloss.

An Zuelen: de netto Benefice no Steiere fir 2018 gëtt op 131 Millioune beziffert. 2017 waren dat der nach 124 Milliounen. Et léisst dann och de Schluss zou, datt se bei der BIL villes richteg gemaach hunn, wat esou vun der Direktioun bestätegt gëtt. Déi erkläert iwwregens, datt d‘Resultat trotz enger schwiereger makroekonomescher Situatioun erziilt gouf. Wat ass domatter gemengt?

Zum engen déi zolidd Bewirtschaftung vun de Finanzberuffer, zum aneren den Alignement vun de Comptabilitéitsnorme vun der BIL mat deene vu sengem neien Haaptaktionär „Legend Holdings“. Dat hätt e ganz positiven Effet op d‘Resultat gehat (+35 Milliounen Euro). Dozou kënnt, datt an allen Aktivitéitsberäicher eng exzellent Leeschtung nogewise ka ginn. Et gouf gutt geschafft.

Déi mam Geld vertrauen der BIL

Wie vill Geld huet brauch e Finanzinstitut mat Expertise deem och nach ze vertrauen ass. Dat ass hautdesdaags net esou einfach wéi dat ëmmer den Uschäin huet, an d‘BIL schéngt dësem „Besoin“ Rechnung ze droen. Zumindest géif et erkläre wéi d‘Hausse vu 5,8% bei den Depote vun de Clienten zustane komm ass. Depote wuesse vu 16,3 (2017) op 17,3 Milliarden Euro (2018) un.

Bei de Prêten verzeechent d‘BIL eng Hausse vun 5,2% géintiwwer 2017. D‘Gestioun vun den „Aktiva“ huet dogéint nëmmen eng kleng Progressioun (+0,2%) Opweises, woubäi de globale Volumme mat 39,5 Milliarden Euro sech weiderhin „Impressionnant“ presentéiert. Alles an allem dierf een Unhand den Zuele behaapten, datt d‘BIL der Finanzplaz Lëtzebuerg gutt zu Gesiicht steet.

A wann d‘Direktioun och op éischter Stell sengen Aktionären dankbar ass, esou huet se och genuch Manéieren, fir deene Merci ze soen, déi d‘Resultat erbäigefouert hunn: dem Personal. Sollt et sech erginn, datt Direktioun a Verwaltungsrot elo och nach mat Wäitsiicht glänze wëllen, da sollt och e Stéck vum Kuch fir d‘Salariéeën iwwreg bleiwen. Dat awer steet net op der „ToDo-Lëscht“…

Foto: © BILgroup

Ähnlech Sujeten Bankesecteur, BIL, Finanzplaz, Legend Holding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel