Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Porte Ouverte am Hollerecher Schluechthaus
Neiegkeeten

Porte Ouverte am Hollerecher Schluechthaus

Am Kader vun den europäeschen Deeg vum Patrimoine, déi vum

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Märd Alors!!!
Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Märd Alors!!!

De Jhemp Hoscheit huet nees seng satiresch Fieder gezéckt an

EU-Kommissär Öttinger hält déi britesch Premierministesch fir „Schwaach“
Neiegkeeten

EU-Kommissär Öttinger hält déi britesch Premierministesch fir „Schwaach“

Ëmstridden, mee ee vun den wichtegsten EU-Kommissären, den däitsche Günther

D‘Bildungspolitik nei orientéieren

D‘Bildungspolitik nei orientéieren

Duerch d‘Resultater vun de Wahle vum leschte 14. Oktober, hunn d‘Wieler eng Weiderféierung vun der Koalitioun DP-LSAP-déi gréng fir déi nei Legislaturperiod erlaabt. De perséinleche Score vum Educatiounsminister, den en Drëttel vu senge Stëmme, géintiwwer de virechte Wahlen, verluer huet, ass de Beweis dofir, datt seng Bildungspolitik kloer a Fro gestallt gëtt.

Et ass also nëmme konsequent, wann de Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft (SEW-OGBL) vun de Koalitiounsparteie fuerdert, datt si dat beim ausschaffe vum Koalitiounsvertrag berécksiichtegen. Déi Reformen, wou an de leschte Joren a Kraaft getruede sinn, hu keng zefriddestellend Léisungen zu den Erausfuerderunge vun eisem Schoulsystem bruecht.

De Géigendeel ass de Fall, an dat huet der ëffentlecher Schoul geschuet. Esouwuel d‘Qualitéit wéi och d‘Reputatioun vun der ëffentlecher Schoul huet gelidden, an d‘Autoritéit vun den Enseignanten a Fro gestallt. Op alle Niveaue vun eisem Schoulsystem sinn d‘Problemer net geléist ginn, mee et huet sech villes verschlechtert. Dat ass inakzeptabel a verlaangt zäitno Moossnamen.

Déi ëffentlech Schoul, esou wéi se sech aktuell duerstellt, kann den Accès fir all Schüler, zu de Kompetenzen an dem Wëssen, dat noutwenneg ass fir e biergerlecht a verantwortlecht Liewen ze féieren, net méi sécherstellen. Déi ugestrieften Diversifikatioun vun der Offer, riskéiert eng Gettoiséierung ze schaffen, wat zu neie sozialen Ongerechtegkeete féiert.

Dofir wier et anerem dréngend, eng Evaluatioun vun den Auswierkunge vun der Hierarchiséierung vun de Funktioune vun den Enseignanten, an dem Kontingent vun de Léierstonnen, déi de Schoulen a Lycéeën zu Verfügung gestallt ginn, ze maachen. Zudeem muss et eng Reform vum Stage bei Aarbechtsuntrëtt, an eng Revalorisatioun vum Beruff ginn, fir dësen nees Attraktiv ze maachen.

D‘Enseignanten erwaarden sech d‘Schafe vun engem echten Dialog mam Educatiounsminister. De Syndikat Erzéiung a Wëssenschafte fuerdert eng nei Orientéierung vun der Bildungspolitik, an erkläert sech zu enger konstruktiver Zesummenaarbecht, mat dem nächsten Educatiounsminister bereet. Eng weiderer Verschlechterung vun de Konditiounen ass net méi ze toleréieren.

Ähnlech Sujeten Educatiounsminister, Enseignanten, Reformen, Schoul, Schoulsystem, SEW-OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel