Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

F91 Diddeleng vs Betis Sevilla: Eng gutt Virstellung
International Neiegkeeten

F91 Diddeleng vs Betis Sevilla: Eng gutt Virstellung

Den zweeten Dag vun der Europa League, huet déi Diddelenger

Dag vum Weltkulturierwen: D’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Dag vum Weltkulturierwen: D’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg

Zënter 2005 gëtt den Dag vum Weltkulturierwen gefeiert. An dësem

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer
International Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer

Si ginn nach ee Stéck méi wäit, wéi d’Vegetarier a

D‘Britten hu gewielt!

Nach sinn et nëmmen Héichrechnungen, mee déi Konservativ hunn d‘absolut Majoritéit erhalen

D‘Britten hu gewielt!

Laut de leschten Héichrechnungen (03.30 Auer) hunn déi Konservativ (Tories) an domatter de Boris Johnson, déi absolut Majoritéit fir sech gewonnen. D‘Aarbechterpartei (Labour) vum Jeremy Corbyn huet massiivst u Sëtzer verluer, d‘Presidentin vun de Liberalen (LibDems) Jo Swinson huet net emol hire Sëtz am Parlament kënne verdeedegen. Elo leien d‘Kaarten um Dësch.

Esou eng däitlech Victoire haten nach net emol mir op der Rechnung, woubäi – trotz ville Sondage – eigentlech zu kengem Ament konnt a Fro gestallt ginn, datt sech de Boris Johnson net géif duerch gesat kréien. Sécher huet et „Verloschter“ ginn, mee géintiwwer der Labour halen sech déi a Grenzen. A wann et elo net nach zu enger „Iwwerraschung“ kënnt, da gëtt et elo endlech „Brexit“.

Briten

Déi „gréng“ hu sech ganz däitlech géintiwwer Labour behaapte kënnen. Dat ännert wuel näischt un der absoluter Majoritéit vun de Konservativen, mee verdäitlecht, datt sech d‘Sozialiste méi däitlech positionéiere mussen.

De BoJo hat et zum zentralen Thema a sengem Wahlkampf gemaach, de Corbyn hat keng kloer Ausso gewot an déi Liberal hu sech däitlech géint en Austrëtt aus der Unioun positionéiert. Do war ze erwaarden, datt d‘Tories de Match géife maachen. Bleift et dann elo och derbäi, datt d‘Tories déi absolut Majoritéit hunn, da kann de Vott zum Brexit schonn den 21. Dezember stattfannen.

An hei sollt een dann och dierfe bemierken, datt vill Jonker sech alt nees fléiwe gelooss hunn an zu gudder Lescht awer net wiele gaange sinn. „Wien net wiele geet, verspillt seng Zukunft“, haten déi brittesch „gréng“ de jonke Wieler op all erdenklech Aart a Weis un de Kapp gehäit. A wéi scho beim Referendum, hunn dës Jugend et hire Pappen a Mammen iwwerlooss, d‘Entscheedung ze treffen.

Éischt Stëmmen zur Wal

D‘Cheffin vun der schottescher Nationalpartei (SNP) Nicola Sturgeon huet direkt no den éischten Héichrechnungen ugekënnegt, datt si sech mat hirer Partei fir en neien Onofhängegkeetsreferendum wäert asetzen. „De Boris Johnson huet éischtens kee Recht Schottland aus der EU ze huelen, an zweetens net d‘Muecht ze verhënneren, datt dat schottescht Vollek iwwer seng Zukunft befënnt“.

Hei ass et wichteg unzeféieren, datt déi schottesch Nationalpartei dem sozialdemokratesche Lager zouzeuerdnen ass a proeuropäesch ausgeriicht ass. D‘SNP huet sech bei dëse Wahlen exzellent geschloen a wa sech näischt Iwwerraschendes méi deet, sollt si 50 vun 59 schottesche Mandater am House of Commons fir sech behaapten dierfen. Dat huet zumindest de Virdeel däitlech ze sinn.

Briten

Déi „gréng“ hu sech ganz däitlech géintiwwer Labour behaapte kënnen. Dat ännert wuel näischt un der absoluter Majoritéit vun de Konservativen, mee verdäitlecht, datt sech d‘Sozialiste méi däitlech positionéiere mussen.

D‘Jo Swinson, Cheffin vun de Liberaldemokraten, verléiert hiert Mandat zugonschte vun eben engem SNP-Kandidat. Si hat sech oppe dofir ausgeschwat, de Brexit einfach ofzesoen. Dobäi hat déi engagéiert Politikerin nach virun ee puer Méint hiren Usproch op de Poste vum Premierminister erkläert. Elo dierft et schwiereg ginn, sech nach un der Spëtzt vun der Partei ze halen.

Och de Jeremy Corbyn, deem seng Partei der gehéiereg op d‘Sabbel krut (wahltechnesch gesinn) huet nach gëschter Owend seng Defaite unerkannt an huet a sengem Wahlkrees annoncéiert, datt hien d‘Sozialisten net méi an zukünfteg Wahle féiere wäert. Dat kléngt no Récktrëtt, mee hie wëll elo emol de „Reflexiounsprozess“ vun der Partei leeden. Dat ass och dréngend noutwenneg.

Zu gudder Lescht dann de Standpunkt vum Boris Johnson. Hien, deen als illegitimme Premier betruecht gouf, huet senger Partei eng zolidd Victoire „geschenkt“ a schwätzt vun enger historescher Wal, déi et elo der Regierung erméiglecht de Wëlle vun de brittesche Wieler esou wéi gewënscht ëmzesetzen. An ugesiichts dem virleefege Resultat, sollt deem näischt am Wee stoen.

mat indymedia/lon

Foto: A wann et och esou eppes wéi Widderstand soll ginn hunn, dëst Bild beschreift am beschten den Ausgang vun de virgezunne Parlamentswahlen a Groussbritannien. Mee et gëtt elo och scho Stëmmen déi mengen. Datt de Boris Johnson dee „leschte Premier vum Vereente Kinnekräich“ kéint sinn. Dat sollt een elo awer net iwwerbewäerten. © Conservatives

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Greens, Groussbritannien, Jeremy Corbyn, Labour, Libdems, Parlamentswahlen, SNP, Tories
Nächsten Artikel Virrechten Artikel