Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Däitschland scheitert u sech selwer
Neiegkeeten

Däitschland scheitert u sech selwer

Däitschland huet, esou wéi ech mer et erwaart hunn, eng

money
„Lëtz Make Business“: Arabeschen Investmentfong kroopt sech Belval Plaza
Neiegkeeten

„Lëtz Make Business“: Arabeschen Investmentfong kroopt sech Belval Plaza

Et war eng kuerz Meldung an vill Inhalt kann een

Wéi steet ëm d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra?
Neiegkeeten

Wéi steet ëm d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra?

D‘Ministesch fir Chancëgläichheet, Lydia Mutsch (LSAP) huet kierzlech de Bilan

D‘CGFP hëlt d‘Regierung an d‘Flicht

D‘CGFP hëlt d‘Regierung an d‘Flicht

Net méi spéit wéi de 15. Juni haten sech CGFP a Regierung drop gëeenegt, datt de Kollektivvertrag am ëffentlechen Déngscht, deen zum Enn vum Joer sollt auslafen, bis 2020 ze verlängeren. Elo, gutt dräi Méint nodeems d‘Ënnerschrëfte geleescht goufen, besteet a muncher Hisiicht Klärungsbedarf.

An dësem Kontext hat d‘CGFP eng Entrevue mam Minister gefrot, an déi huet de 5. September stattfonnt. E wiesentlechen Deel vum Zousazofkommes betrëfft d‘Ofschafe vun der 80/80/90 Reegelung, wouduerch déi zukünfteg Generatiounen erhieflech entlaascht ginn. D‘CGFP huet, wéi een dat vun hinne gewinnt ass, Drock gemaach. Et geséich een et gären, datt den entspriechende Gesetzprojet, wéi versprach, nach an dësem Joer op den Instanzewee geet.

Wat accordéiert ass, muss elo ëmgesat ginn

Déi iwwerflësseg Reegelung kann awer eréischt am nächste Joer, no Zoustëmmung vum Parlament, réckwierkend op den 1. Januar 2019 ausser Kraaft gesat ginn. Dofir verlaangt elo d‘CGFP vun der Regierung, datt – am Geescht vum Ofkommes – et fir Beruffsufänger zu Iwwergangsregelunge kënnt, déi bis dohinner mat hirem Praktikum ugefaangen hunn. Den zoustännege Ressortchef huet bestätegt, datt déi lafend Verträg ëm jee 12 Méint verkierzt ginn, esoubal d‘Reegel ofgeschaaft ass.

Am Kollektivvertrag festgehalen, gouf och d‘Erhéijung vun der Iessenszoulag. Déi soll vun elo 144 op 204 Euro klammen. Bei der Entrevue vum 5. September, huet sech de Minister verflicht, den entspriechende Gesetzprojet, nach dëse Mount am Ministerrot virzeleeën. De Retard hëlt d‘CGFP zur Kenntnis, besteet awer drop, datt den entspriechenden Text nach virun de Chamberwahle vum Ministerrot ugeholl gëtt.

Et dierf ee mat sech zefridde sinn

Et ass dann och, mat enger gewësser Satisfaktioun, wou d‘CGFP op déi lescht Méint zréckbléckt. Si huet sech erfollegräich fir d‘Attraktivitéit vum ëffentlechen Déngscht agesat. Huet eng zolidd awer respektabel Protestaktioun am Sënn vun de Memberen organiséiert déi Friichte gedroen huet. Et waren trotzdeem nach zéi Verhandlungen, mee d‘CGFP betount, datt alles ganz Fair ofgelaf ass an een dräi vun de fënnef Haaptfuerderunge mat Erfolleg duerchgesat huet.

Ähnlech Sujeten CGFP, ëffentlechen Déngscht, Kollektivvertrag, Regierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel