Search

You may also like

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn
Neiegkeeten

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn

Um Sonndeg also ware Gemengewahlen. Wien um Sonndeg esou um

D’MS Aquarius gezwongen seng Missioun anzestellen
Neiegkeeten

D’MS Aquarius gezwongen seng Missioun anzestellen

Während Refugiéeë, Migranten an Asyl-Demandeure weider am Mëttelmier erdrénken, ass

CNPD: Den 28. Januar ass Dateschutzdag
Neiegkeeten

CNPD: Den 28. Januar ass Dateschutzdag

Den Europarot organiséiert all Joer um 28. Januar, mat Ënnerstëtzung

D’Chamber reagéiert op den „Etat de la Nation“

No dem Premier gehéiert et sech dat och d’Volleksvertrieder sech an der Chamber dierfen zu der Situatioun, wéi se vun der Regierung virgeluecht ginn ass, dierfen äusseren. Hei wor dann och schnell kloer dat de Wahlkampf 2018 schonns am groussen Haus ukomm ass.

Ons Deputéiert, déi sech genee wéi d’Presse jo dank der Verëffentlechung vun der Ried méi wéi gutt konnten op hir Interventioune virbereeden, hate keng Méi sech an der Paus tëschent Ried an Debat de Froe vun de Journalisten ze stellen. Et waren also des Kéier keng Äntwerten aus dem Bauch eraus, mee alles gutt iwwerluechte Statements déi se zum beschte ginn hunn.

Näischt also wat net och mëttes an der Debatt zu Sprooch komm wier, dofir iwwersprange mer alles dat wat och schonns op RTL zesummegeschnidde ginn ass vir just op ee puer Stellungnahmen ze reagéieren:

Fir de Spëtzekandidat vun der CSV, Claude Wiseler, huet er der Ried dann och éischter un Inhalt gefeelt an dës als „Bio-Himmel Ried“ voller naivem Optimismus ofgedoen. De Gaston Gibéryen vum ADR huet kritiséiert dat d’Regierung op maximale Wuesstem setzt ouni op d’Konsequenzen dovunner anzegoen. Fir de Marc Baum vun déi Lénk, wor et dann eng Ried aus huele Sätz déi Wiesentleches vermesse gelooss huet. Hien hätt nawell gäre gewosst wéi et konkret um Wunnengsmaart soll weidergoen.

Vun den Deputéierten aus der Regierungskoalitioun war keng Kritik ze erwaarden. De Alex Bodry vun der LSAP well sech awer bewosst sinn dat verschidde Reformen Zäit brauchen, d’Regierung awer elo de Rhythmus fonnt hätt an och schonns Resultater opzeweisen hätt. Den Eugène Berger vun der DP vertrëtt de Standpunkt dat de Premier gewisen hätt dat Lëtzebuerg op d’Zukunft virbereet ass an d’Viviane Loschetter vun déi gréng gleeft nach ëmmer dat d’Land sech am gudden nohalteg géif veränneren.

D’Piraten huet kee gefrot, se hunn awer och eppes ze soen…

Net an der Chamber an awer iergendwéi an der Oppositioun, huet sech d’Piratepartei op gewinntem Wee och geäussert. Well déi etabléiert Medien sech heimat net befaasse gi mir dann einfach emol eppes méi drop an.

Esou wor de Saz „Lëtzebuerg geet et gutt, wann et de Mënsche gutt geet“ dann och fir de President vun der Piratepartei, Sven Clement, beschtefalls eppes schéi geriet wat an der Realitéit, am Bezuch op de Chômage, alles mee just eben net schéin ass. „D‘Behaaptung datt 16.475 Persounen ouni Aarbecht e Succès vun der Regierung wier ass d‘Eeschthaftegkeet vun der Situatioun verkannt. Amplaz 6% Chômage ze feiere wier et besser d‘Regierung géif net nëmmen den REVIS aféieren, mee eng positiv Visioun vun enger Gesellschaft 4.0 zesumme mat de Bierger entwéckelen.“

Wann et och sécherlech gutt ass dat sech de soziale Wunnengsbau an zwee Joer verdräifacht esou léisst sech awer net verstoppen dat et lénks a riets kaum bis guer keng bezuelbar Wunnengen um Marché gëtt. Fir de Jérôme Becker, Member vum Präsidium, ee gudde Grond ze knouteren: „Dräi mol net vill gëtt net magescherweis vill, et bleift dräi mol net genuch!“

Betreffend de Stand an d’Zukunft fir d’Land, gëtt et fir d’Vertrieder vun der Piratepartei nëmmen eng akzeptabel Optioun. En Debat iwwert d’Zukunft vun eiser Gesellschaft dierf net de Mënsch zu Gonschte vun ekonomesche Virdeel ausblennen. „Mir erwaarden eis, datt d‘Regierung endlech Verantwortung fir d‘Zukunft vum Land iwwert d‘Legislaturperiod eraus iwwerhëlt, ophält d‘Zukunft vun eise Kanner mat iwwerhasselte Schoulreformen an neie Scholden ze belaaschten an aktiv un engem Debat mat de Bierger iwwert d‘Zukunft vun eiser Gesellschaft matschafft.“ esou de Vizepresident Camille Liesch.

Next post Previous post