Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tongue
Kenns du d’Jumelagen zu Lëtzebuerg gutt genuch, fir dëse Quiz ze packen?
Stories

Kenns du d’Jumelagen zu Lëtzebuerg gutt genuch, fir dëse Quiz ze packen?

Di meescht Stied a vill Uertschaften zu Lëtzebuerg hu Jumelagen

crying
Israel huet op e neits géint Rakéiten aus Gaza ripostéiert
Stories

Israel huet op e neits géint Rakéiten aus Gaza ripostéiert

Déi israelesch Loftwaff huet zéng Objektiver vun der Hamas bombardéiert.

tongue
Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2018, erkläert
Stories

Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2018, erkläert

Haut um 3. Mee fënnt den internationalen Dag vun der

D‘Chamberwahlen erkläert…

D‘Chamberwahlen erkläert…

Et ass Wahlkampf, an déi politesch Parteien a Beweegunge beméien sech ëm d‘Gonscht vun de Wieler. Hei geet et drëms wéinstens ee (am léifste méi) vun de 60 Mandater ze erhalen, déi engem fir fënnef Joer e Sëtz an der Chamber abréngen.

D‘Chamberwahle gi vun der Verfassung an dem Wahlgesetz bestëmmt. Hei e klenge „Rappell“ zum Oflaf.

Gewielt gëtt zu Lëtzebuerg a 4 Bezierker: de Süden, mat de Kantonen Esch-Uelzecht a Capellen; den Zentrum, mat de Kantone Lëtzebuerg a Miersch; de Norden, mat de Kantonen Dikrech, Réiden, Wolz, Klierf a Veianen; den Osten, mat de Kantonen, Gréiwemaacher, Réimech an Iechternach.

Elo ass d‘Zuel vun de Mandater vun der Verfassung op 60 begrenzt, an d‘Wahlgesetz bestëmmt wéi vill Deputéiert pro Wahlbezierk kënne gewielt ginn. Fir de Bezierk Süde sinn et der 23, am Bezierk Zentrum 21, den Bezierk Norden huet der 9 an de Bezierk Oste kritt der nach 7.

Déi Deputéiert ginn „direkt“ gewielt, op der Grondlag vum „universelle Suffrage“. Un de Wahlen dierf all Lëtzebuerger deen déi vum Gesetz virgesinne Konditiounen erfëllt, deelhuelen. Gewielt ginn d‘Deputéiert no der Wahllëscht (Scrutin), an de Reegele vun der proportioneller Vertriedung (Proporz).

Vir all Wahlbezierk mussen d‘Parteie Kandidatelëschte virleeën. D‘Zuel vun de Kandidaten dierf net d‘Zuel vun de Mandater, déi dem Bezierk zougestane ginn, iwwerschreiden.

Et „muss“ e wiele goen!

Wiele goen ass zu Lëtzebuerg méi nëmmen e Biergerrecht. Am Gesetz ass festgehalen, datt all Mënsch deen an de Wielerlëschten agedroen ass, och wiele goe muss. Et dierf een sech och net ersetze loossen. Kann een aus iergendengem Grond net wiele goen, muss een eng Prozedur anhalen.

Déi besteet doranner, datt een dem Procureur (am zoustännege Bezierk) seng Motiver virleet, an déi entspriechend Justifikatiounen areecht. Wien net wiele geet, a keng (gutt) Entschëllegung virweise kann, muss mat enger Geldstrof rechnen. Passéiert et engem méi oft, kann dat richteg deier ginn.

Vu vireran entschëllegt sinn all déi Leit, déi zum Zäitpunkt vun de Walen, an enger anerer Gemeng wunnen, wéi déi an där se op der Lëscht als Wieler agedroe sinn. Och eeler Mënschen, ab dem 75. Liewensjoer, dierfen, mussen awer net méi wiele goen.

Ass een net zu Land oder huet ee berufflech Prioritéiten, da kann een op d‘Bréifwahl zréckgräifen. Dat muss ee schrëftlech bei senger Gemeng ufroen. Mécht ee seng Demande vu Lëtzebuerg aus, kann een déi fréistens 12 Wochen, awer spéitstens 25 Deeg virun der Wal areechen. Schéckt ee seng Demande aus dem Ausland, muss d‘Demande 40 Deeg virun der Wal virleien.

Wou gëtt gewielt?

Gewielt gëtt an den Haaptstied vun de Kantonen oder an de Gemengen, esou wéi se vum groussherzoglechen Dekret festgehale gi sinn. Et gëtt dann och fest Zäiten: tëscht 8 a 14 Auer muss een am Wahlbüro passéiert sinn, dat am beschte mat sengem Auswäis oder dem Pass.

D‘Invitatioun muss een dofir net matbréngen, kann awer net schueden. All Wieler kann esouvill Kräizer maachen, wéi et Mandater an sengem Bezierk gëtt. Et ass och méiglech säi Kräiz bei der Partei ze maachen (dann huet een déi ganz Lëscht gewielt) dann awer nëmmen eent!

Wien um Dag selwer nees alles vergiess huet, oder och soss onsécher ass, kann sech op der Plaz nach emol vun engem Responsabelen aus dem Wahlbüro, erkläre loosse wat ze maachen ass. Dat ass kee Problem an et muss ee sech net schummen. Zudeem ass d‘Chance méi grouss datt den Ziedel herno och gülteg ass.

Wien säin Ziedel schlecht, feelerhaft oder guer net ausfëllt, huet seng gesetzlech Flicht erfëllt, gëtt awer (fir de Fall et hätt een dat express oder aus Protest gemaach) um Enn net berécksiichtegt. Dat heescht dat zu gudder Lescht nëmmen déi Stëmme consideréiert ginn, déi gülteg sinn.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Verfassung, Wahlgesetz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel