Search

You may also like

Wéi gutt kenns du d’Musel?
Fail International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Musel?

[onionbuzz quiz-id=47][/onionbuzz] D’Musel ass e wichtege Floss fir Lëtzebuerg. Dat

Porsche Mobil 1 Supercup: Haart ëmkämpfte Weekend zu Mexiko
Fail International Neiegkeeten

Porsche Mobil 1 Supercup: Haart ëmkämpfte Weekend zu Mexiko

Am Géigesaz zu virechte Coursen am Porsche Mobil 1 Supercup,

Den éischten Escape Room a Frankräich: op de Spure vun engem Rockstar
Fail International Neiegkeeten

Den éischten Escape Room a Frankräich: op de Spure vun engem Rockstar

Eng knapp véierel Stonn vu Metz ewech kann een an

dislike

D’COP23 vum Trump-Effekt ausgebremst

D’COP23 vum Trump-Effekt ausgebremst

Déi 23. Sëtzung vun der UN-Klimakonferenz (COP23) ass zu Bonn op en Enn gaangen. Delegéierter aus ronn 200 Länner hu vill a laang mateneen diskutéiert. D’Resultat ass wéi erwaart éischter net zefriddestellend.

Um Freidegowend sollten d’Ënnerhändler – d’US-Delegatioun abegraff – zolidd Propose op den Dësch geluecht hunn, fir endlech de Paräisser Accord (COP21) ëmzesetzen, dee jo bekanntlech 2020 a Kraaft triede soll. Heibäi geet et drëms festzeleeë wéi d’Länner hir Aktioune solle bekannt maachen, wéi déi „räich“ Länner gedenken den „Aarmen“ finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen, a villes méi.

Um Fong ass dann awer natierlech näischt entscheet ginn. Dat soll, esou zumindest dinn se eis et gleewen, dann de Fall op der COP24 zu Katowice a Polen de Fall sinn. „An dat gëtt keng mince Affär, well et hat ee sech gréisser Fortschrëtter zu Bonn erhofft“, esou den David Levai, vum Institut fir international Relatiounen (IDDRI). Hien huet dann och eenzeg e grousse Mangel u „Leaderhip“ festgestallt.

2018 ass de „Moment vun der Wourecht“, esou de franséische Minister fir déi ekologesch Transitioun, Nicolas Hulot. „2018 gëtt e ganz ustrengend Joer“, kommentéiert eng europäesch Ënnerhändlerin.

Dialog, wéi en Dialog?

D’Länner sollten sech och „äddi“ soen, mat engem Engagement 2018 de „speziellen“ Dialog iwwert ee Joer weiderzeféieren. Sënn an Zweck vum Dialog: bis 2020 d’Verspriechen d’Emissioune vun de Dreifhausgasen nach weider no ënnen ze korrigéieren.

Et muss en dann och dierfe soen, datt d’COP23 vu ganz schlechten Nouvelle begleet ginn ass. Weltwäit hunn Naturkatastrophen ongezielten Affer mat sech bruecht. Kaum e Kontinent dee Verschount gi wier an awer schéngt een sech der Situatioun net kënnen ze stellen.

Laut de Vereenten Natiounen, sinn déi bis ewell zougestanen Engagementer net emol bei engem Drëttel vun deene Reduktiounen ukomm, déi néideg wieren de Klimawandel zumindest „opzehalen“.

Schlëmmer nach, 2017 ass den CO2-Ausstouss, deen a Verbindung mat de fossillen Energien (Gas, Pëtrol, Kuel) steet, an haaptverantwortlech gemaach gëtt, nach emol an d’Luucht gaangen. D’Wëssenschaftler kënnen dann och nëmmen drop hiweisen a warnen. Mee wann da keen hinnen nolauschtert kënnt een och net weider.

Vill Gebraddels

Op der „Tribün“ hunn d’Regierungscheffen hiert Engagement widderholl, mee bei den Delegatiounen „war een net mam Häerz derbäi“, ënnersträicht de Seyni Nafo, Cherf vum Grupp vun den afrikanesche Länner.

„Mat der Sortie vum Trump, hunn sech d’Stären net ausgeriicht“, seet den Seyni Nafo. „D’Positioun vun den USA huet e groussen Afloss op déi entwéckelt Länner an dat huet Konsequenzen op d’Positionéierung vun de groussen Entwécklungslänner. Jidderee waart of, jidderee kuckt op deen aneren“.

„Ech hunn nach ni eng COP gesinn, wou de Niveau vum Adrenalin esou niddreg geleeën huet“, kommentéiert en EU-Diplomat déi 15 Deeg Verhandlungen. An Um Freideg huet dann och de Grupp vun de klengen Inselen (AOSIS) eng Deklaratioun verëffentlecht, an där si „besuergt sinn wat de Rhythmus vun den internationalen Efforte“ betrëfft.

„Den Accord vu Paräis ass en diplomatesch historesche Succès, mee et si just Wieder op Pabeier wann d’Welt verseet, an näischt ënnerhëlt fir ganz Inselen ze retten“, esou de Thoriq Ibrahim vun de Maldiven.

Eenegkeet gesäit anescht aus

Während de leschte 14 Deeg huet d’Konferenz opgewisen, wéi Oneens sech déi sougenannten entwéckelt Länner an d’Entwécklungslänner sinn. Déi Lescht hunn dann och déi Éischt beschëllegt net genuch ze maache fir den Ausstouss vun den Dreifhausgasen scho virun 2020 ze reduzéieren.

Grouss Dissonanz dann och bei der Finanzéierung. Wou sinn déi 100 Milliarden US-Dollar déi bis 2020 versprach gi sinn, fir d’Klimapolitik vun den aarme Länner ze stëtzen? Eng gutt Fro déi allerdéngs kee konnt oder wollt beäntwerten.

D’Trump-Administratioun, déi zu Bonn bestätegt huet den Accord wëllen ze verloossen, mee dat formell eréischt Enn 2020 ka maachen, huet kloer gestallt, datt si déi vum President Barack Obama versprache Suen (2 Milliarden US-Dollar fir de „grénge“ Fonds vun der UNO) net wäert iwwerweisen.

Zudeem hunn d’Amerikaner zu Bonn nach eng Reunioun organiséiert, fir de Rôle vun de fossillen Energien ze promouvéieren. Dorops hunn eng 20 Länner mat enger „Allianz fir den Austrëtt aus der Kuel“ geäntwert. Dat ass leider awer nëmmen eng minimal „Portioun“ vum weltwäiter Kueleverbrauch.

Froe kann een alles…

Zu Bonn hunn sech dann och e sëlleche Stëmmen erhuewen, déi d’USA bieden nees de „Leadership“ vun der klimatescher Aktioun ze iwwerhuelen. Wéi eng politesch Motivatioun hannert dëser Demande steet bleift dann awer ongekläert.

D’Laurence Tubiana, dat sech massiv fir den Accord vu Paräis bei der COP 21 agesat hat, gesäit dann awer Fortschrëtter. „Dës COP war e Moment wou sech all d’Regierungen, déi lokal Autoritéiten, Entreprisen, also all d’Acteure vermëscht hunn“, net wäit vum Verhandlungssall.

Besonnesch staark vertrueden: amerikanesch Stied a Staaten. „D’COP ass net nëmmen eng Reunioun vun Idealisten déi de Kapp an de Wolleken hunn“, seet de Nick Mabey vun „think tank“ E3G. „Et ass de Rassemblement vu pragmateschen Individuen déi entschloss sinn eppes ze ënnerhuelen“.

Déi nächst Etapp, e Sommet deen den 12. Dezember zu Paräis organiséiert gëtt. Hei soll d’Dynamik nei ugekuerbelt ginn an sech der Fro vum Finanzement ugeholl ginn. Op d’Erwaardunge grouss oder kleng sinn, steet hei net zur Diskussioun. Et gesäit ee sech, schwätzt mateneen an da gëtt emol gekuckt.

mam Catherine Hours/AFP

Foto: Déi däitsch Ëmweltministesch Barbara Hendricks (r) an de Staatssekretär fir Ëmwelt Jochen Fasbarth (l). Ee vun deenen zwee schéngt ganz schwéier Kapp wéi ze hunn. Verständlech bei enger neier „Nullronn“ © Oliver Beng/dpa/AFP

Related topics Bonn, COP23, Donald Trump, Klimakonferenz
Next post Previous post